Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beim CNFP hu se méi Froe wéi Äntwerten
beste online dating apps Neiegkeeten

what is the most expensive online dating website

Esouwuel de Budget wéi och de Finanzprogramm 2019-2023 si vum

what to talk about when dating online
beste online dating apps Neiegkeeten

Russland: 40 Persoune stierwe bei Aeroflot-Drama

Hënt kuerz no Mëtternuecht, hunn d‘Medien éischt Informatiounen zum dramateschen

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen
beste online dating apps Neiegkeeten

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen

Den europäesche Projet „Mobilitéitspak“ ass e Freideg vun der franséischer

De Pierre Gramegna bei eBay, AirBnB a Co.

De Pierre Gramegna bei eBay, AirBnB a Co.

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna war vum 7. bis den 10. Abrëll zu San Francisco an am Silicon Valley fir eng Finanzmissioun vu Fintech. Dobäi ass hien vun enger Delegatioun aus Representanten aus dem Finanzministère, dem Luxembourg for Finance (LEF) an dem Luxembourg House of Financial Technology (LHoFT) begleet ginn.

Fir unzefänken huet de Pierre Gramegna de Sëtz vun eBay zu San José besicht. Hei huet hien d’Responsabele vum Grupp getraff a si un hir Projeten zur Entwécklung an Europa a Lëtzebuerg erënnert. Gegrënnt ginn ass d’Verkafsplattform eBay am Joer 1995 a säit 2006 ass de Grupp och am Grand-Duché present. Säit Enn 2013 huet d’Entreprise an eisem Land och eng Verkafslizenz. Mëttlerweil zielt Lëtzebuerg méi wéi 3000 Verkeefer an 44.000 aktiv Clienten op der Plattform.

Zu San Francisco selwer huet déi lëtzebuergesch Delegatioun den „Fintech-Atelier“ vu BNP Paribas besicht. Zesumme mam CEO Alessandro Promutico huet de Finanzminister op déi aktuell Entwécklung vu Fintech opmierksam gemaach, virun allem op d’Kollaboratioun tëscht der Start-Up an den traditionelle Finanzacteuren. Uschléissend ass et fir de Pierre Gramegna an de Silicon Valley , Innovatiounszenter vum franséischen Telekommunikatiounsgrupp a Kalifornien, gaangen.

(v.l.n.r.) Mireille Helou, CEO vun Orange Silicon Valley; Pierre Gramegna, Finanzminister © MFIN

Bei dëser Geleeënheet duerft eise Finanzminister och de Greg Greeley, President vun AirBnB kenneléieren, fir esou iwwert d’Pläng zur Entwécklung vun den Aktivitéiten an Europa an d’Roll zu Lëtzebuerg ze diskutéieren. Donieft ass et och eng Entrevue mam Chris Larsen, dem Matgrënner an Executive Chairman vu Ripple, komm, sou datt iwwert d’Zukunft vum elektronesche Geld, der Technologie vu Verdeelerregisteren („DLT“ a „Blockchain“), sou wéi och d’Pläng vum Grupp fir Europa a Lëtzebuerg, am Detail geschwat konnt ginn. An dësem Kader wäert den interdisziplinären Zentrum SnT vun der Uni Lëtzebuerg ee Fuerschungsprojet zu de Mikrobezuelungen starten.

(v.l.n.r.) Chris Larsen, Matbegrënner an Executive Chairman vu Ripple; Pierre Gramegna, Finanzminister © MFIN

A weider geet et mat den Entrevuen. Schliisslech huet de Minister Gramegna nämlech d’Jennifer Johnson, Presidentin vu Franklin Templeton Investments, getraff. Scho säit 1991 ass dëse wichtegen Acteur zu Lëtzebuerg present an erweist sech vu grousser Bedaitung an der Lëtzebuerger Industrie vun den Investissementsfongen. Beim Gespréich tëscht Gramegna an Johnson ass et ëm ekonomesch a politesch Neiegkeete vun Europa gaangen, an jo, och de Brexit war nees mat dobäi.

Eise Finanzminister sollt keng Paus kréien an esou ass et fir hien direkt bei Wells Fargo Asset Management gaangen, déi hir Presenz zu Lëtzebuerg am Kontext vum Brexit verstäerke wëllen. Heibäi war virun allem d’Reform vun den europäeschen Iwwerwaachungsautoriéiten an de Fortbestand vum Basismodell vun den Industriefongen Haaptthema. Déi amerikanesch Uspriechpartner weisen sech dobäi immens houfreg, datt den Text eng grouss Unzuel un Observatioune vu Lëtzebuerger Säit bei de Verhandlungen ophëlt.

Schliisslech ass et mat engem Iessen, zesumme mat de Representante vun aktive Gesellschaften am Beräich vum Risikokapital, virugaangen. Hei sinn d’Méiglechkeete fir Investissementer an Europa duerch den Intermediaire vun der Finanzplaz Lëtzebuerg presentéiert ginn.

(v.l.n.r.) Ahmed Shabana, Managing Partner, Parkpine Capital; Pierre Gramegna, Finanzminister; Nasirt Zubairi, Ceo vum LhoFT © MFIN

Wou een da schonn an Amerika ass, ass direkt ee Kollaboratiounsaccord tëscht dem LHoFT a Parkpine Capitale ënnerschriwwe ginn.Enn 2019 soll nämlech zu Lëtzebuerg de Global Venture Summit organiséiert ginn, woubäi sech 1.500 Participanten aus 50 verschiddene Länner fir eng éischte Léier an Europa treffen an esou d’Positioun vu Lëtzebuerg als Finanzplaz mat Referenzen an Europa fir Start-Ups ervirhiewe sollen.

Fir de Finanzminister Pierre Gramegna ass et viru gaangen op Washington D.C. Fir un enger Fréijoerssessioun vum Fonds Monétaire International (FMI) an der Banque Mondiale deelzehuelen.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Greg Greeley, President vun AirBnB; Pierre Gramegna, Finanzminister © MFIN

Ähnlech Sujeten AirBnB, eBay, Finanzminister, FinTech, LHoFT, Pierre Gramegna, Ripple, Silicon Valley
Nächsten Artikel Virrechten Artikel