Search

You may also like

US-Deputéiert dierfen net an Israel areesen
Kultur Neiegkeeten

US-Deputéiert dierfen net an Israel areesen

Dat huet esou nach net ginn: zwou Deputéiert vum US-Kongress,

Keng Revolutioun a keng Experimenter
Kultur Neiegkeeten

Keng Revolutioun a keng Experimenter

Si si Staatspartei, äerzkonservativ an houfreg drop. Den Transfert vun

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock
Kultur Neiegkeeten

Verhältnes Putin-Trump um G20-Sommet ënner Drock

Wann sech d’Presidente vu Russland an den USA haut zu

De Pierre Marson ass neien Direkter vum CNL

De Pierre Marson ass neien Direkter vum CNL

Nodeems de Claude D. Conter zum Direkter vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) ernannt ginn ass, huet den Nationale Literaturzenter (CNL) en neie Leeder gebraucht, deen elo mam Pierre Marson fonnt ginn ass. No der groussherzoglecher Veruerdnung a Berodung vum Regierungsrot huet d’Kulturministesch Sam Tanson hien zum Direkter vum CNL, an der Period vum 3. Juli bis den 30. September 2020, ernannt.

De Pierre Marson huet Mathematik, Philosophie an däitsch Literatur zu Lëtzebuerg a Göttingen studéiert, sou wéi och international Relatiounen zu Wien. Nodeems hien a verschidde Lëtzebuerger Lycéeën, am Sproochenzentrum an am John E. Dolibois European Center vun der Miami University Lëtzebuerg ënnerriicht huet, ass hien am Joer 2000 dem nationale Literaturzenter als wëssenschaftleche Kollaborateur bäigetrueden.

Zënter 2011 huet hien als Verwalter am CNL geschafft. De Pierre Marson publizéiert reegelméisseg Publikatiounen, déi ëm d’Literatur an déi historesch Lëtzebuerger Literatur dréien, sou wéi ëm d’Lëtzebuergesch als auslännesch Sprooch.

Den nationale Literaturzenter ass iwwregens ee kulturellt Institut vum Staat ënnert der Opsiicht vum Kulturministère. D’Ekipp setzt sech zesummen aus 25 Persounen. Als Zentrum vu Sammlungen an dem Wëssen gehéiert si zum literareschen Ierwen vu Lëtzebuerg, erfëllt eng wëssenschaftlech Missioun an ënnerhält eng soziokulturell Responsabilitéit. Mat verschidden didakteschen Aktivitéiten, Ausstellungen, Konferenzen a literareschen Evenementer zitt den CNL d’Ëffentlechkeet a literaturinteresséiert Persounen un.

Opmaacherbild: © Lynn Theisen

Related topics Claude D. Conter, CNL, Direkter, Kulturministère, Literareschen Ierwen, Nationale Literaturzenter, Pierre Marson, Sam Tanson, Wëssen
Next post Previous post