Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Treffe mam Dan Kersch an der Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen
Auto International humber speed dating how many mobile dating apps are there

agra girl dating

Vergaangene Méindeg huet de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir

USA: Schéisserei an der Synagog zu Poway
Auto International humber speed dating how many mobile dating apps are there

USA: Schéisserei an der Synagog zu Poway

Zu Poway (Kalifornien) enger amerikanescher Klengstad bei San Diego, ass

Geet de Brexit an d‘Verlängerung?
Auto International humber speed dating how many mobile dating apps are there

Geet de Brexit an d‘Verlängerung?

Et sinn nach grad emol véier Woche bis zum „Brexit“,

Motorsport: Eng gutt Saison fir de Pilot vu Lechner Racing

Den Dylan Pereira schléisst leschte Rennweekend am Porsche Carrera Cup Däitschland mat engem Podium of

Motorsport: Eng gutt Saison fir de Pilot vu Lechner Racing

Mat enger 3. a 6. Plaz um leschte Rennweekend um Sachsenring huet de Lëtzebuerger Pilot Dylan Pereira seng Saison am Porsche Carrera Cup Däitschland ofgeschloss. Domatter huet hien eng gutt véiert Plaz am Generalklassement erreecht.

Déi 15 . a 16. Manche mat deenen dat däitscht Championnat an der Porsche-Serie ofgeschloss gouf, sinn um legendäre Sachsenring ausgedroe ginn. E Circuit mat ville geféierleche Segmenter, wéi Kéieren ouni Siicht an brutal séiere Sektiounen. Hei ass et fir de Lëtzebuerger drëms gaangen, esou vill Punkte wéi méiglech ze ergatteren, an seng Plaz am Top 5 fir sech a säin Team ze bestätegen.

Mat iwwerhuelen ass et um Sachsenring „schwiereg“, wat och den Training an d‘Qualifikatioun net einfach gestalt. Déi chronometréiert Versich huet et Samschdes mueres fréi ginn. Den Asphalt war nach fiicht vum ville Reen deen e Freideg mä och an der Nuecht gefall war. Den Dylan hat et dann och gemälleg ugoe gelooss an ofgewaart, dat d‘Streck eppes méi dréche gëtt a Gripp entwéckelt.

Saison

© Porsche AG/Newsroom

Hien ass dann och eréischt op d‘Pist gefuer, wéi déi éischt Konkurrenten ugefaangen hunn nees an d‘Box ze kommen. Nodeems hien de „Gummi“ op Temperatur bruecht hat, huet hie lassgeluecht. Esou war hien am zweete Secteur dee séiersten an konnt no ofgeschlossener Ronn déi zweet Zäit vum bis dohinner gültege Klassement fir sech verbuchen. Dunn ass och hien an d‘Box zréckkomm.

Et goufen déi üblech Feinastellungen um Dylan sengem Porsche 911 GT3 Cup virgeholl. Natierlech sinn och d‘Pneue gewiesselt ginn. An der Tëscht war d‘Streck scho bal dréchen an d‘Ronnenzäiten hu sech entspriechend verbessert. Wéi de Lëtzebuerger nees op d‘Pist gaangen ass, war hien op déi 7. Plaz zréckgefall. Du koum och nach eppes Pech an d‘Spill, an dat direkt no der Aféierungsronn.

Well e Konkurrent esou onglécklech vun der Streck ofkomm ass, datt de roude Fändel huet misse geschwenkt ginn, huet een schonn eppes nervös dierfe ginn. D‘Gefierer waren all enk zesumme wéi d‘Qualifikatioun nei lancéiert gouf. Op der Auer ware grad emol 5 Minutten iwwreg an dem Dylan seng Pneuen „Äiskal“. Hie konnt trotz den 30 Géigner op der Streck déi 4. Beschtzäit erausfueren.

Wat sech an der Course gedoen huet

Dat huet bedeit, datt de Pilot vum Lechner Racing Team an der éischter Course vu Startplaz 4, an der 2. Course vu Startplaz 8 un den Depart goe konnt. An der éischter Manche vum Weekend huet de Lëtzebuerger nees en exzellenten Depart higeluecht an iwwerhëlt den Teamkolleg Julien Andlauer nach virun der éischter Kéier. An do huet hien direkt den Larry ten Voorde attackéiert.

An der zweeter Ronn war et dem Dylan Pereira gelongen sech den Hollänner ze kropen an et hätt roueg esou dierfe weidergoen. Leider ass zum selwechte Moment de Safety-Car op d‘Pist beuerdert ginn an de Lëtzebuerger huet mam Hollänner missen d‘Plazen tauschen. Beim Neistart huet vun hannen de Julien Andlauer massiv gedréckt a vir wollt de Larry ten Voorde seng Plaz net hierginn.

Déi lescht Ronn war dann och näischt fir Mënsche mat engem schwaachen Häerz. Hei huet den Dylan Pereira den Larry ten Voorde ëmmer méi drangsaléiert an ëmmer nees versicht dësen ze iwwerhuelen. Lang Momenter si béid Piloten am Tandem gefuer, bis den Dylan agesinn huet datt dem Hollänner seng Plaz net méi streideg ze maache war. Eng 3. Plaz ass och eng Plaz um Podium.

An der zweeter Manche, wou de Lëtzebuerger aus der véierter Startrei d‘Course huet missen ophuelen, war et net fir et ze iwwerdreiwen. Hien huet d‘Rou beim Bremsmanöver vun der éischter Kéier behalen a seng Positioun verdeedegt. Säin Teamkolleg, Julien Andlauer, huet d‘Streck eng K kéier kuerz verlooss, wat dem Dylan erlaabt huet sech op déi sechst Plaz virzebereeden.

Déi war do nach vum Henric Skoog besat, an dee war guer net glécklech iwwert d‘Attacke vun engem zimlech presséierte Lëtzebuerger, deen och an dëser Manche duerchaus Aussiichten op e Podium hat. Mee wéi gesot: Sachsenring an Iwwerhuele sinn zwee ënnerschiddlech puer Schong. An der 10. Ronn awer huet den Dylan dem Publikum e spektakuläert Iwwerhuelmanöver gewisen.

Et war keng einfach Ugeleeënheet, mee de Lëtzebuerger huet sech propper a gekonnt duerchgesat. Déi sechst Plaz an der zweeter Manche bréngt dann och e gudde Batz Punkte mat sech, an och wa sech den Dylan méi erhofft huet, et war ee ganz positiven Ofschloss vun enger mouvementéierter Saison. Néng mol stoung hien um Podium an déi 4. Plaz am General ass absolut Remarkabel.

Domatter ass hien dann och ee vun de séiersten am Porsche Carrera Cup Däitschland. Seng Saison ass awer net ganz eriwwer. De Pilot vu Lechner Racing huet elo ee Mount fir sech op déi lescht zwou Coursen am Porsche Mobil 1 Supercup virzebereeden. Déi fannen am Kader vun der Formel 1 zu Mexiko statt (25-27. Oktober). Och hei sinn d‘Lëtzebuerger agelueden den Dylan unzefeieren.

Klassement 1. Manche

  • 1. Michael Ammermüller (DE)
  • 3. Dylan Pereira (LU)

Klassement 2. Manche

  • 1. Larry ten Voorde (NL)
  • 6. Dylan Pereira (LU)

Generalklassement (Enn-Tableau)

  • 1. Julien Andlauer (FR)
  • 4. Dylan Pereira (LU)

Méi vum an iwwert den Dylan:

Foto: © Porsche AG/Newsroom

Ähnlech Sujeten Dylan Pereira, Lechner Racing, Porsche Carrera Cup Däitschland, Porsche Carrera Gt3 Cup, Sachsenring
Nächsten Artikel Virrechten Artikel