Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi aus enger Visioun den Europa-Park entstanen ass

Bei hirer Rees duerch d’USA sinn de Franz Mack a

Eist Mokelchen ass e Béier mat richteg Charakter
Neiegkeeten

Eist Mokelchen ass e Béier mat richteg Charakter

Et gëtt och ënnert de seele gudde Béierzorten, deen een

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

Word in Progress: Virliesung an der Kulturfabrik

D’Escher Kulturfabrik invitéiert en Dënschdeg, de 14. Januar op säi Word

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen

Zum Pilotprojet a Schutzmoossnamen um Fluchhafen

No de Quarantänemoossnamen a Reesbeschränkunge vun de leschte Méint sinn zënter dem 29. Mee 2020 Passagéierflich ab dem Lëtzebuerger Fluchhafen nees méiglech. Déi gezwonge Paus huet bal 2 Méint gedauert. Ma, elo ginn Flich op Stockholm, Lissabon, Porto, Hamburg a München ugebueden. An dësem Kader ass ee Pilotprojet fir Covid-19-Tester um Findel gestart ginn.

A Kollaboratioun mam lux-Airport lancéiert d’Regierung de Pilotprojet, dee Passagéier, déi vum Findel aus fortfléien, respektiv zu Lëtzebuerg ukommen, ee Voucher offréiert, fir sech an den Deeg no der Rees an engem Labo testen ze loossen. Hei kann de Passagéier dann selwer wielen, ob a wou den Test duerchgefouert soll ginn.

Alternativ dozou sinn och um Fluchhafen Test-Statiounen ageriicht ginn, sou datt Persounen, déi vun engem anere Fluchhafe kommen, sech direkt op der Plaz teste loosse kënnen. D’Resultater kritt déi getest Persoun wéi gewinnt geschéckt. Sollt de Passagéier Covid-19-positiv sinn, esou gëtt dësen an Isolatioun gesat an een Contact-Tracing duerchgefouert. Och d’Autoritéite vum Heemeschtsland ginn bei engem positive Resultat informéiert.

De Pilotprojet leeft zënter dem 29. Mee 2020 a gëtt fir ee Mount duerchgefouert, uschléissend dann ausgewäert.

Fluchhafen

© Serge Braun

Weider Moossname vum Lëtzebuerger Fluchhafen

Trotz Deconfinement gëllt et virsiichteg ze bleiwen. Aus dësem Grond huet de lux-Airport eng Rëtsch zousätzlech Mesuren agefouert, wourënner beispillsweis d’Versuergung vun den Terminalen mat Frëschloft, déi all 30 Minutten komplett ausgetosch gëtt, zielt. Un de Schaltere sinn Plexiglas-Trennwänn opgestallt ginn, sou datt d’Personal beschtméiglech geschützt gëtt. De Botz- an Desinfektiounsplang gouf ausgedeent an automatiséiert Handdesinfektiounsapparater stinn op Kontaktplazen zur Verfügung.

Dës weideren kënnt ee just just iwwert d’Ostsäit (beim Starbucks) an de Fluchhafen eran. Eraus geet et op der Westsäit (beim Oberweis-Shop). Bis op den M Econonmy Parking sinn all Parkplazen zougänglech.

Am Fluchhafe selwer ass d’Droe vun enger Schutzmask, enger selwer gebitzter Mask oder engem Schal Flicht. Och bei der Sécherheetskontroll dierf dësen Mond-Nues-Schutz net ausgedoe ginn. Fir Waardezäiten un de Schalteren ze vermeiden sinn hei, wéi och an de Geschäfter, Caféen a Restauranten d’Kapassitéiten u Personal eropgeschrauft ginn.

All relevant Punkten a Moossname sinn op Schëlter an Pechbiller opgezielt. Et soll een och drun denken, datt duerch déi aktuell Situatioun d’Serviceleeschtungen a Sécherheetsmoossnamen bei den eenzele Fluchgesellschafte variéiere kënnen. Fir weider Detailer zum Fluch soll ee sech soumat direkt un déi concernéiert Fluchgesellschaft riichten.

All Informatiounen an Detailer zum Verhalen um Fluchhafen fannt Dir op lux-airport.lu/de/covid19.

Opmaacherbild: © Vincent Flamion Photography

Ähnlech Sujeten Covid-19, Desinfektioun, Findel, Fluchhafen, Hygiènesmesuren, Lux-Airport, Passagéierflich, Schutzmask, Sécherheetsmesuren, Terminal, test
Nächsten Artikel Virrechten Artikel