Russeschen Dissident aus Koma erwächt
Dem Alexander Nawalny schéngt et besser ze goen. D‘Dokteren an
Dem Alexander Nawalny schéngt et besser ze goen. D‘Dokteren an
Zum internationale Solidaritéitsdag mam Vollek vu Palestina, den 29. November,
Mat modern Synth-Sounds, melancholesche Pianomelodien, Grunge-Gittarriffs an engem onvergläichlech markante Bass huelen si de Publikum op eng spannend Rees vu banneschte Kämpf, eegener Reflektioun, an perséinlecher Evolutioun mat. Domat awer net genuch. Den Debut-Album Shift handelt vun der ambivalenter mënschlecher Natur. D’Liewe schreift seng eege Kapitelen, aus deenen ee léiert, sech weider entwéckelt a verännert.
Scho bei hiren Optrëtter uechtert d’Bars a Clubs vun der Groussregioun am Dezember 2016 konnten d’Museker vu PINEWAY d’Fans fir sech gewannen. Aktuell bléckt d’Band houfreg op hir Performance um MooFest vum 8. Februar 2020 an der Rockhal zeréck. Pineway besteet iwwregens aus dem Ramon (Gesang), dem Claudio (Gittar), dem Andy (Bass), dem Christian (Keyboard) an dem Chris (Battrie).
D’Release-Party vu PINEWAY fënnt, zesumme mat der däitscher Hard-Rock-Band Red Light District an der alternativer Rockband Fallen Lies, um 4. Abrëll 2020 am Rockhal Floor statt. D’Diere maachen um 19:30 Auer op. Tickete ginn et fir 10 € un der Oweskeess. Weider Informatiounen zum Concert erhaalt Dir op www.rockhal.lu.
Méi zur Band Pineway gitt Dir op Facebook, Instagram, Spotify a YouTube gewuer!