Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eurobarometer: Sinn d’Europäer zefridde mam Zoustand vun der EU?
Neiegkeeten Stories

alt right dating uk

Eng aktuell Eurobarometer-Ëmfro, déi um Méindeg verëffentlecht ginn ass weist

under 18 dating law
Neiegkeeten Stories

Editorial: De Mëssbrauch gouf och vun der Politik vertuscht

Wann sech haut d‘Kierchemänner mat hirer Direktioun am Vatikan eng

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia
Neiegkeeten Stories

D’Danica Roem gewënnt als éischt Transgender-Kandidatin d’Walen a Virginia

D‘Danica Roem, fir d‘Demokraten am Staat Virginia als Kandidatin an

Pipo Peng: Agent 007

12 - Agent 007

Pipo Peng: Agent 007

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007
Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

12 – Agent 007

De Yeff, den Toto an ech hunn um Mäertchen eppes gewonnen! Elo net beim Fëschen, nee, mä beim Béchseschéissen. Jiddereen huet de blechenen Tuerm eng Kéier ganz ëmgejauft kritt. Just beim Yeff huet et all Kéiers eng Éiwegkeet gedauert, bis datt en endlech no laangem Zilen de Ball aus den Hänn ginn huet. Ëmmerhin huet et sech gelount: Mir dräi hunn e Véiererpak vun de Lutschbulle gewonnen. Dat sinn déi haart, wäiss Zockerbullen, déi d‘Zong ganz rau gi loossen. A wat ee méi an d‘Mëtt kënnt, wat d‘Bull ëmmer méi d‘Gestalt vun engem Reebou unhëlt.

De Problem ass awer elo, datt mir net wëssen, wien déi véiert Bull da kritt. De Yeff huet gemengt, et kéint ee se jo deelen. Bäh! Obwuel, vläicht stëmmen ech deem zou. Awer nëmmen, wann ech ufänken dierf! De Yeff ass an deene Saachen net grad sou kriddeleg. Beim Apel ësst hien esouguer de Batz mat (anscheinend schmaacht dat no Marzipan). Nëmme well hien ze faul ass fir den Apel an d‘Poubelle ze geheien, ësst hien dee mat. Wa Faulenzen enges Daags olympesch sollt ginn, da wier him déi véiert Plaz sécher. Well fir déi drëtt Plaz misst hien op d‘Träppche klammen. Am Wanter ësst hien och mol Schnéi. Eng Kéier hat e souguer däers giele geschmaacht…

Den Toto féiert elo nees eng op a mengt, déi eenzeg Léisung mat der véierter Bull wier, datt hien se kritt. Ëmmer mengt hien, e kéint sech bei allem virdrécken an e misst alles kréien. An dat nëmmen, well säi Papp op grousse Chef mécht. Säi Papp hätt hei, säi Papp wier do… bla bla bla. Den Toto – sou seet e selwer – misst elo schonn üben, wann hien enges Daags och wéi säi Papp aner Leit erëmkommandéiere wëll. Et ass einfach nëmmen ustrengend, mat him ze streiden an e gëtt sech einfach net, säi Papp ëmmer nees mat an d‘Spill ze bréngen.

Dobäi weess mol keen, wat säi Papp iwwerhaapt schafft. Hien hätt anscheinend vill op der Aarbecht ze soen. Den Toto zielt ëmmer, datt säi Papp iwwer 150 Leit ënnert sech schaffen huet. Ass jo awer normal, wann engem säi Büro um ieweschte Stack ass, oder net? Lescht Joer war hien mol net capabel en DJ fir dem Toto seng Gebuertsdagsfeier ze engagéieren. Net nëmmen iergendeen DJ wollte mir hunn, mä den DJ Dabbeljéi. Musek lauschteren ech zwar net vill, mä wann, dann ass et eppes vum Dabbeljéi. Als Excuse sot hien nëmmen: „Ech hu versicht, deem DJ do unzeruffen, mä hien huet opgeluecht.“

Et sinn och Gerüchter am Ëmlaf, déi soen, datt säi Papp op der Aarbecht „Agent 007“ genannt gëtt. Dat kléngt op den éischten Abléck immens spannend, ma et misst een awer och wëssen, fir wat 007 dann a Wierklechkeet steet: Null Bock. Null Ahnung. Siwe Pausen.

Opmaacherfoto: pixabay

Ähnlech Sujeten Agent 007, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel