Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi Lénk ginn an 8 Gemenge mat – a wëlle virun allem beim Wunnraum uerdentlech opraumen
Neiegkeeten Stories

https://moien.lu/weltweite-dating-seite/

Mam Slogan „D‘Leit staark maachen“ geet déi Lénk mat enger

liam mcintyre dating
Neiegkeeten Stories

Gamescom zu Köln: Et gëtt eng Welt „hannert“ de Spiller

Et war schonn déi 10. Editioun vun der Gamescom, an

Gutt gelaunte Minettsdäpp
Neiegkeeten Stories

Gutt gelaunte Minettsdäpp

Et war alt nees ee ganz flotte Virowend zum Nationalfeierdag,

Pipo Peng: De Büfdeck

15 - De Büfdeck

Pipo Peng: De Büfdeck

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007

Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck

15 – De Büfdeck

De Schmiggi séngt alt nees niewendrun. Hien ass mäin Iwwernoper. E wunnt nämlech zwee Haiser nieft mer. Iwwerall wou hien ass, suergt hien duerch seng Aart a Weis fir gutt Laun. Lo grad ass et nees sou wäit an e séngt scho säit enger Stonn datselwecht Lidd um Balcon: „Ee Sak Zement. Ee Sak Zement. Dat war deen éischten, elo kënnt deen zweeten! Zwee Säck Zement. Zwee Säck Zement. Dat war deen zweeten, elo kënnt deen drëtten! Dräi Säck Zement. Dräi Säck Zement. Dat war deen drëtten, elo kënnt dee véierten…“ Et kann ee jo mol fir sech sou ausrechnen, bis wéi vill Säck de Schmiggi an enger Stonn sou kënnt.

Hie léisst sech duerch absolut näischt d‘Laun verdierwen. A soubal et mol ongemitterlech gëtt, fänkt en einfach un, e Liddchen ze sangen. All Nout trefft en zwar elo net, mam Rhythmus huet en et och net ëmmer sou ganz, mä d‘Texter kommen him einfach sou a säi Kapp. Oder wéi hie seet: a säi „Gehir-Helm“.

Esou war et och leschte Kéier, wéi de Schmiggi, de Yeff an ech bei den Toto Heem wollte spille goen. Den Toto sot, et dierfen net méi wéi zwee Stéck gläichzäiteg bei hien Heem spille kommen. De Schmiggi huet also misste virun der Dier waarden. Fir sech d‘Zäit ze verdreiwen huet en alt gemaach, wat en och soss ëmmer sou mécht: e feint Liddchen ugestëmmt. Mir hunn en duerch d‘Fënster héiere lassleeën. Och, wa seng Reimen net ëmmer déi bescht sinn, sou huet en op en Neits eis mat senger gudder Laun ugestach kritt:

Refrain:
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen hu mir sou gieren
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen ass och nach fir z’iessen

1. Stroph:
Beim Bauer um Feld, do friessen d’Kéi sech déck
An duerno iesse mir vun hinnen e Stéck
De roude Büfdeck brode mir brong
An duerno lecke mir hie mat eiser Zong
Déi dreckeg Tellere lecke mir propper
Wéi wa se wiere vum Meeschter Propper

Refrain:
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen hu mir sou gieren
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen ass och nach fir z’iessen

2. Stroph:
All Sonndes Mëttes, do broden ech e Büfdeck
Ech bereeden e vir mat Eeër a Speck
Hie gëtt giess mat gëllenem Besteck
Well Sëlwer, dat ass bëllegen Dreck

Refrain:
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen hu mir sou gieren
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen ass och nach fir z’iessen

3. Stroph:
Ech hunn hie sou gieren, ech maache mer lo een direkt
Ech wierzen en awer eréischt duerno
Da bleift de Geschmaach och méi laang do
Büfdeck mat Zitroun uewendrop, Zalot dierf dobäi net feelen
Spruddel fir datt dat alles gutt rutscht, da kann dir och näischt méi feelen

Refrain:
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen hu mir sou gieren
De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck
Deen ass och nach fir z’iessen

Ëmmer méi lues: De Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck, de Büfdeck…

Ei, elo hu mir dräi richteg Gloscht op e gudde Piffpaff. Am beschte mat enger defteger Moffi-Zooss!

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Büfdeck, Geschichten, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel