Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Esch?
Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du Esch?

Esch ass eis zweet gréisste Stad a stoung an de

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet
Neiegkeeten Stories

Analys: D‘Industrienatioun Däitschland kann alles, ausser Internet

Exportweltmeeschter, Industrienatioun an eng helle Wull u gescheite Käpp. Esou

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter
Neiegkeeten Stories

F91 vs Olympiakos: Eng „schwiereg“ Renconter

Wann ee bedenkt datt e sëllechen „Experten“ den Olympiakos Piräus

Pipo Peng: De Karton schafft

11 - De Karton schafft

Pipo Peng: De Karton schafft

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt

11 – De Karton schafft

„Fanni?! Kéints de wann ech gelift eise Gäscht eng Baguette erop siche goen? Fanni-Stupp, kéints de wann ech gelift hei, wann ech gelift do…” Et huet een dem Fanni säi genervte Bléck schonn ugesinn. Ech op alle Fall mol. Schliisslech hunn ech jo gutt Erfarung doranner, wéini d‘Fanni gutt a virun allem wéini hatt schlecht gelaunt ass. Am leschte Fall wëlls du dech net mat him uleeën, dat kann ee mir roueg gleewen! Mä wann d‘Fanni schlecht drop oder midd ass, verdréit hatt ganz oft verschidde Wierder. Aus Dreckskëscht gëtt Derkëscht, aus Globus gëtt Blobus an aus Defaillance gëtt Faillite.

Et ass Summer a mir grillen zesumme mat Famill a Frënn op eiser Terrasse am Gaart. Ob Blanne Jang, Metti oder Grillwurscht (anscheinend dierf een net méi „Thüringer“ soen), ech iesse gären déi dräi. Mäi Pätter behaapt iwwregens, en hätt e Kierper wéi e Ringer – éischter wéi en Thüringer, wann s de mech frees. Hien ass eng richteg Schmier an ësst vläicht just en hallwe Wupp an e bësse Muertenzalot. A wann en a richteger Feierlaun ass, gënnt e sech och mol e gutt Glas Spruddelwaasser, liicht spruddeleg, versteet sech.

Well meng Mamm gäre bei de Gäscht bleift an ech nach ëmmer „dee Klenge“ sinn, schéckt si d‘Fanni andauernd erop an d‘Kiche Saache sichen. Mol feelt Besteck, mol ass keng Zooss méi do. „Fanni, du hues dee franséische Moffi mat erof bruecht! Eis Gäscht wëllen awer gudde Lëtzebuerger Moffi.“ seet meng Mamm a schéckt meng Schwëster nees d‘Trapen erop. Wärend hatt uewen an der Kichen ass, kritt et duerch d‘Fënster geruff, et soll nach eng Fläsch Rosé matbréngen. Trotzeg rappt d‘Fanni d‘Balconsdier op a rifft: „Ech hu just zwou Hänn! Wann ech der méi hätt, wier ech net hei, mä am Zirkus!“

Tja, dës Kéier kann hatt net einfach wéi soss mat menge Spillsaache maachen. Wann dem Noper seng Kaz alt nees mol bei eisem Weier hiert Onwiese gedriwwen huet, huet d‘Fanni einfach meng Spillsaache geholl an aus der Fënster gehäit. Hatt wollt d‘Kaz domat verjoen. Ma soss geet et nach? Meng Spillsaachen! Ech hunn dunn natierlech gemeckert kritt a misst menger Mamm erklären, firwat menge Figure vum Fliedermaus-Mann en Aarm oder e Been feele géifen.

Elo kann d‘Fanni awer net einfach mol Saache vum Balcon erof geheien, mä muss schéi brav d‘Trapen op- an ofrennen. Hatt ass elo net nëmme genervt, ma och nach gutt midd. Nodeems mäi Pätter eng ganz Fläsch Spruddelwaasser gedronk huet a sech eng nei bestelle wollt, verdréit d‘Fanni d‘Aen, mécht eng hallef Pirouette, senkt de Kapp a geet nees Richtung Trapen. Dobäi héiert ee just nach e Gemurmels: „Déi Schmier drénkt dach soss ni sou vill Suddelwaasser! Sollen se dach direkt zu mer soen, datt ech als Karton schaffe soll!“

Opmaacherfoto: pixabay

Ähnlech Sujeten Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel