Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Piraten: d‘Politik muss sech fir de Mënsch asetzen
Neiegkeeten Stories

celebs go dating bear series

Wann d‘Parteien zur Presentatioun vum parlamentaresche Bilan alueden, da wielen

best online dating vietnam
Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat
Neiegkeeten Stories

Davos: Den Donald Trump op Kuschelkurs mam Patronat

An nëmmen e puer Stonnen huet hien den US-Dollar gestäerkt,

surprise
Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist
Neiegkeeten Stories

Nee zum Plastik: Wann den Afrikaner dir de Wee weist

Während mir zu Lëtzebuerg mat engem Präisschëld op der Plastikstut

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt

10 - Dee Séiersten op der Welt

Pipo Peng: Dee Séiersten op der Welt

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007
Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

10 – Dee Séiersten op der Welt

En ass rosen
Fänkt un ze kachen
En ass rosen
Wëll e Feier entfachen
En ass rosen
Gehäit gär mat Steng
En ass rosen
Eise Pipo Peng

E seet e wier rosen
E gëtt es net midd
E seet e wier rosen
Wat e gliddegt Gemitt
E seet e wier rosen
Ma wat ass da geschitt?
E seet e wier rosen
Hie wëll dat, wat en net kritt

Ëmmer um Knouteren
Alles ass schlecht
Ëmmer um Soueren
D’Roserei un em pecht
Ëmmer um Meckeren
Ni mat eppes zefridden
Ëmmer um Flennen
Schonn esou vill gelidden

Déi Roserei, wat bréngt se dann?
Verwüstung an Zerstéierung
Ass dat, wat se kann
An alles explodéiert bei der nächster Beréierung
En huet iech gewarnt
Eng lescht Chance kritt dir keng
Alles flitt uechtert d’Land
Well de Pipo mécht „PENG!“.

Bei verschidde Saache gëtt eise Pipo richteg rosen. Esou rosen, datt hien an deene Momenter dee Séiersten op der ganzer Welt ass: Innerhalb vun enger Sekonn op Honnertachzeg!

Eleng schonn de Gedanken, datt et Leit ginn, déi Ananas op hir Pizza maachen… Beim Italiener muss hien also ëmmer extra froen fir him d‘Ananas vu senger Pizza Hawaii erofzehuelen, soss knuppt et alt mol. Och schlëmm fënnt hien, wann et beim Bäcker Schnecke mat Schockela-Stécker gëtt. An dee „Schockela“ entpuppt sech duerno als Roséngen. Oder wann et anscheinend leckere panéierte Schnitzel gëtt a sech dann erausstellt, datt dat Fësch an deem gëllene Knuspermantel ass. Schlëmm ass och, wann een am Kino en Eemer Popcorn hëlt a gedëlleg drop waart, bis datt de Film lassgeet an een da mierkt, datt een dee salzegen Eemer gegraff huet.

Firwat existéiert esou eppes? Dat misst verbuede ginn!

Opmaacherfoto: Gerd Altman/pixabay

Ähnlech Sujeten Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel