Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case
Neiegkeeten Stories

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case

En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique

Katar-Kris: Wéi eng Positioun huet Lëtzebuerg?
Neiegkeeten Stories

Katar-Kris: Wéi eng Positioun huet Lëtzebuerg?

D’Katar-Kris suergt och zu Lëtzebuerg fir Onrou. De Laurent Mosar

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet
Neiegkeeten Stories

Editorial: Flüchtlingspolitik vun der EU e verbriechen un der Mënschheet

Wann et vir dat Vereentent Europa esou einfach wier sech

Pipo Peng: Domm Elteren

8 - Domm Elteren

Pipo Peng: Domm Elteren

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007
Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

8 – Domm Elteren

Gleich im Anschluss“ hu se am Fernseh zum Schluss vun de Reklamme gesot. Ech misst meng Mamm froen, wat dat heescht. „Geschwënn“ sot si. „Super!“ duecht ech mer. Well dat heescht, datt geschwënn – oder „gleich im Anschluss“ – meng Liiblingsserie kënnt. Mä firwat mussen se dat op der Tëlee sou komplizéiert soen? Ech verstinn net ëmmer alles, wat do gesot gëtt. Grad sou zum Schluss vu Medikamente-Reklammen, wou et heescht: „Bitte lesen Sie die Packungsbeilage und fragen Sie Ihren Arzt oder Apotheker.“ Wat ech awer ëmmer verstanen hunn: „Bitte lesen Sie die Packungsbeilage und fragen Sie Ihren Arzt ohne Apotheker.“ Ech war ëmmer der Meenung, en Apotheker wier deen Ziedel mat den Erklärungen, dee bei de Medikamenter an der Këscht dobäi ass. Et misst een also alles dorop auswenneg léieren an dann ouni Ziedel beim Dokter nofroen, wann eppes net kloer wier. Well wien op den Ziedel kuckt, dee fuddelt jo! Dobäi fält mir grad op, datt et an all Apdikt, egal a wat fir enger, d‘selwecht richt.

Zeréck zu menger Sendung: Wann d’Musek ugeet a gesonge gëtt, da ginn ech richteg wibbeleg. Ech sinn dann ëmmer sou opgereegt, datt ech net méi op mengem Hënneschte ka sëtze bleiwen. Nee, ech muss opstoen. An op de Kanapee klammen. An um Kanapee hopsen. Awer net nëmmen dat! Vum Kanapee geet et op de marmer Stuffendësch. A vun do aus eriwwer op de Kanapee op där anerer Säit. Dann ass dat fir ee kuerze Moment mäi Sprangschlass. Dann nees op den Dësch an nees zréck. Action pur!

Ech si grad sou flénk wéi meng Helden. Eigentlech kéint ech bei hinne matmaachen – ech misst just nach eng Faarf fir mäi Kostüm fannen, déi nach net verginn ass. Mä wat fir schéi Faarwe ginn et dann nach ausser blo, rout, giel, rosa, gréng a schwaarz (obwuel d’Leit soen, dat wier keng richteg Faarf. Ma wat ass et dann?). Wärend dem ganzen Introlidd geet et esou weider. Ëmmer an ëmmer nees wiesselen ech d’Säiten… Hin an hir. An erop an erof… Bis datt d’Plack vum Dësch sech an d’Luucht hieft an de ganzen Dësch zerbrécht. Boah! Wat sinn ech staark, e Marmerdësch a lauter kleng Stécker zerbrach ze hunn. Dat kritt just e richtege Superheld hin!

Meng Eltere waren alles anescht wéi begeeschtert op dës faméis Leeschtung. Deemools ware meng Mamm a mäi Papp nach zesummen. Mä insgeheim weess ech, datt si frou doriwwer sinn, datt ech mer net wéi gedoen hunn. Wéi dann och? Ech gehéiere jo quasi zu der Ekipp aus der Tëlee.

Dëst ass ee Joer drop nach eng Kéier geschitt… Erëm war ech net ze stoppen an ZACK, war den Dësch an zwee. Dës Kéier krut ech awer richteg d’Panzrappecht. Wat kann ech dann dofir, wa meng Elteren esou domm sinn, deeselwechten Dësch nach eemol kaf ze hunn? Nujee, déi eng léieren et ni, déi aner nach vill méi spéit!

Opmaacherfoto: pixabay

Ähnlech Sujeten Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel