Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“
Neiegkeeten Stories

DP Nationalkongress: „Mir sinn iwwerzeegt, déi bescht Iddie fir eist Land ze hunn!“

Sonndeg de Mueren 10:00 Auer: Den Auditoire am Tramsschapp um

Alles flaach, oder wat?
Neiegkeeten Stories

Alles flaach, oder wat?

Fir ze beweisen, datt d’Äerd a Wierklechkeet flaach ass, léisst

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert
Neiegkeeten Stories

De Café Shabandar: de Mekka fir déi irakesch Intellektuell zanter engem Joerhonnert

Am Häerze vun der Allee vun de Stroossenhändler zu Bagdad,

Pipo Peng: E Pak Kichelcher

2 - E Pak Kichelcher

Pipo Peng: E Pak Kichelcher

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm

2 – E Pak Kichelcher

Dobäi fält mer an, datt grad nees keng Loft méi a mengem Vëlo ass. Fréier hunn ech dat och guer net gebraucht. Do hat ech nämlech nach en Dräirad mat Plastiks-Pneuen. Ënnen an der Strooss hu mir Kanner ëmmer am „Rondel“ gespillt. De Rondel war de Schluss vun der Strooss a war ebe ronn, sou einfach. Enges Daags huet meng Mamm mir e Pak Kichelcher matginn a sot zu mir „Pipo, maach, datt s de deenen anere Kanner och e Kichelche gëss!“ Ech hunn de Sëtz vu mengem giel-rouden Dräirad an d’Luucht geklappt, de Pak dragemaach a sinn dunn domat an de Rondel bei déi aner Kanner gefuer. Wéi ech bei Ubroch vun der Däischtert nees doheem war, sinn ech du vu menger Mamm gefrot ginn, ob ech deenen aneren dann och all e Kichelche ginn hunn. „Nee.“ hunn ech gesot, „Ech hu se awer dru riche gelooss!“.

Deemools war ech u Generositéit a Selbstlosegkeet net ze iwwerbidden. Haut géif ech dat wuel ganz anescht maachen. Ech géif deenen aneren iwwerhaapt näischt vun de Kichelcher zielen a se duerno einfach eleng iessen. An ech géif och net méi mam Dräirad duerch d’Géigend fueren. Entweder mam Vëlo oder mat de Rollerblades. Meng Rollerblades hunn ech deemools kritt, wéi ech de Brevet am Schwamme gepackt hunn. Direkt hunn ech se ugedoen a sinn du wéi e Weltmeeschter duerch de Quartier domat gefuer. No kuerzer Zäit konnt ech och scho wéi déi cool Kanner bremsen – säitlech mat engem Fouss. Net mat deem schiele Gummisstéck hannen.

 

Ähnlech Sujeten Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel