Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!
Neiegkeeten Stories

Indiana City Police Department: Kazefudder amplaz Parkticket!

D’Police zu Indiana huet sech elo eppes ganz Besonnesches afale

Protest géint déi Asiatesch Infrastruktur Investissement Bank (Galerie)
Neiegkeeten Stories

Protest géint déi Asiatesch Infrastruktur Investissement Bank (Galerie)

De leschte Freideg (12. Juli) huet déi Asiatesch Infrastruktur Investissement

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)
Neiegkeeten Stories

Manner Doudeger op eise Stroossen (mat ofschléissendem Kommentar)

Zu Stockholm fänkt haut d‘Konferenz „Global Network for Road Safety

Pipo Peng: En décke Badetti

13 - En décke Badetti

Pipo Peng: En décke Badetti

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007
Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

13 – En décke Badetti

Ech si richteg traureg. Déi Mutz hat ech säit der Spillschoul. Eng schéin, laang, giel Zipfelmutz mat enger flauscheger rouder Bommel. An elo hunn ech se verluer – fir ëmmer! Am Auto op der Autobunn hunn ech d‘Fënster erofgemaach a meng Mutz erausgehalen. Meng Mamm sot, ech sollt mat deem Gespills ophalen – dobäi ass se dach sou schéin am Wand geflattert. Natierlech hunn ech net drop gelauschtert. A schwupps, ass se mer duerch d‘Fanger entwutscht…

Deemools an der Spillschoul hat ech déi scho gedroen. Ech hat mech do ëmmer mam Kueb ugeluecht, deen all Mueren um selwechte Luuchtepotto am Schoulhaff op mech gelauert a mer du Frechheete gemaach huet. Ech hu mam Fouss gestampft a wollt e verjoen, deen huet awer just zréck gemeckert. A wa mer grad beim Meckere sinn: d‘Madamm Hackebeilchen huet oft mat mir misste meckeren.

Moies am Ufank hu mer all Kéiers fir d‘éischt missten eng Stonn laang picken. Dat war meeschtens richteg ustrengend. All Kand krut e mëlle groe Stoft, eng Pick, an e Blat mat engem Muster, wat mer dunn hu missten auspicken. Dobäi hunn ech mech ëmmer extra getommelt, fir da kënne spillen ze goen. Ech krut dunn awer nees en neit Blat vun der Madamm Hackebeilchen dohinner geklaakt a sollt dat nach eemol „anstänneg“ maachen. Keng gutt Iddi fir mir esou eppes ze soen, wann ech eng Pick am Grapp hunn.

Wéinstens konnte mir dunn awer de Rescht vum Dag spillen. Meeschtens dobaussen. Heiansdo hu mir awer och missten dobanne spillen. Dat war meeschtens dann, wann dobausse vun der Gemeng geméit ginn ass. Dat wier ze „geféierlech“ an „ze vill Kaméidi“ sot d‘Joffer dunn ëmmer. Et ass och alt mol virkomm, datt ee Gemengenaarbechter an eis Klass komm ass a gefrot huet, fir kënnen op d‘Toilette ze goen. Komesch. Ech wousst net, datt och d‘Gemengenaarbechter d‘Madamm Hackebeilchen ëm Erlaabnis froe missten. Dobäi waren eis Toiletten zimlech kleng, vläit e klenge Krack méi grouss wéi sou een normale Potti.

Beim Araumen hunn ech dunn enges Daags en Trick geléiert. Dat war deen nämmlechten Dag, wou ech eegestänneg meng Nues richteg botze konnt. Ech war richteg houfreg op mech. D‘Madamm Hackebeilchen huet awer fonnt, datt dat keng grouss Konscht wier. Mëttes hunn de Panewippchen, de Yeff an ech eng Hütt mat deene groussen, mëlle Plastiks-Bléck gebaut. De Panewippchen heescht eigentlech Piry. „Mäin Numm gëtt mat Schleider hanne geschriwwen“ sot en all Kéiers de Jofferen duerno an der Primärschoul, wann déi Piri geschriwwen hunn. Firwat mer hien awer Panewippchen nennen, weess ech mol net méi – dat war einfach eng Kéier do.

D‘Madamm Hackebeilchen huet an d‘Hänn geklappt a geruff: „Kanner, dir musst séier araumen!“. Elo huet déi eis och nach gestresst! Mir wollten eis Hütt net einfach sou opginn, mä si huet awer gemengt, da misste mir dräi deen Dag drop méi picken… Nee Merci! Mä wéi sollte mir eist wonnerbart Haischen esou séier ofmontéiert kréien?

Mir ass du beemol eng Späicherliichtchen opgaangen! Ech hunn einfach eng Rei u Plastiks-Bléck wéi en Zweehänner an de Grapp geholl an déi voll widder d‘Këscht gefacht, wou se mussen ageraumt ginn. Dat ass richteg zackeg viru gaangen! Wéi d‘Madamm Hackebeilchen dat awer erbléckst huet, ass si bal aus der Haut gefuer. Wéi en décke Badetti ass si op mech duer getrampelt komm an ech duecht mer just, datt meng lescht Stënnche geschloen hätt. Genau sou hunn ech mir ëmmer d‘Dicke Mutti virgestallt, vun där meng Eltere mech ëmmer gewarnt haten. Ëmmer wa mir am Restaurant waren an ech net anstänneg um Stull souz, hu meng Eltere mat der Dicke Mutti gedreet. Dat wier eng schwéier Madamm, déi extra am Restaurant schaffe géif a sech op de Schouss vun deene Kanner sëtzt, déi net uerdentlech do sëtzen – an da wieren engem seng Knéie futti!

Et sollt awer alles ganz anescht kommen…

Ech krut zwar eng ferm Panzrappecht vun der Madamm Hackbeilchen a si huet mech an den Eck gestallt. Ech sollt mech do schummen, sot si. Ma eigentlech war dat zimlech praktesch, do sou ganz eleng am Eck ze stoen. All déi aner hu missen araumen an ech hunn net bräichten ze hëllefen. De Panewippchen an de Yeff hu mech béis ugekuckt an ech hunn hinne just d‘Zong eraus gestreckt. Ab deem Moment wousst ech jo, wat ech dann all Kéiers beim Araumen ze dinn hat!

Opmaacherfoto: © Markus Spiske/pixabay

Ähnlech Sujeten Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel