Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACL: Engelen am Déngscht vun der Mobilitéit
latin dating culture dating vir

list of questions to ask online dating

D’Veräinsstrategie gouf bestätegt: Op der ordinärer Generalversammlung huet den Automobil

https://moien.lu/dating-a-58-year-old-man/
latin dating culture dating vir

Afrikafest zu Esch – um 8. Juni am Centre Culturel Kulturfabrik!

Um kommende Samschdeg, den 8 Juni 2019 ass zu Esch

Wann e bis rullt, rullt et?
latin dating culture dating vir

Wann e bis rullt, rullt et?

Et gouf scho vill – ganz vill! – iwwert den

Pipo Peng: Kee Bock

18 - Kee Bock

Pipo Peng: Kee Bock

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007

Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park
Deel 18 – Kee Bock

18 – Kee Bock

Mäi Pätter, déi Schmier, huet sech dës lescht nees bei menger Mamm beschwéiert. Anscheinend géif et mat der Jugend vun haut ëmmer méi d’Baach erofgoen. „Sou schlëmm wier et nach ni gewiescht“, huet e gesot. Wat e genau mengt, weess ech net. Virun enger Woch sinn d’Fanni an ech hie besiche gaangen. Meng Mamm sot, mir missten eis mol do weisen. Zimlech latzeg war et. Ze drénke gouf et just Waasser. Platt oder spruddeleg. Wéi ech gefrot hunn, ob e keng Limonad oder eng gutt kal Kolla am Frigo hätt, huet e mech just mat ganz groussen Aen ugekuckt. Fir de Rescht souzen d’Fanni an ech op der Couche a geleeëntlech hu mir him knapp op seng Froe geäntwert. Wéi et dann an der Schoul leeft a sou oninteressant Saachen. D’Zäit wollt einfach net séier ëmgoen, mä mir hunn et dunn awer gepackt. Elo héieren ech hie just nach duerch den Telefon sech allgemeng iwwer déi Jonk beschwéieren.

Rëm sëtzt se do
Foutéiert sech, fir déi Al eng Plo
Déi jonk Generatioun
Brécht sech keen Zack aus hirer Kroun

Haut maachen déi Jonk net vill
Fréier haten se d’Tess, den Jéiss an de Mill
Nëmmen net ustrengen, vläicht geet et jo duer
Wat net haut klappt, geet vläicht muer 

Déi Al fannen et net fir ze laachen
Sinn dach faul wéi d’Mëscht
A musse Jonker eppes maachen
Brauche si eng bei d’Këscht 

Keen Éiergäiz an null Ambitioun
Bleift de ganzen Dag sëtzen op hirem Troun
Langweileg dohi vegetéieren
Nëmmen néirens engagéieren

Rëm sëtzt se do
Ganz verbruet
Ma d’Schof geet och net an d’Disco
Wann et kee Bock huet.

Opmaacherfoto: Pixabay/Roy Buri

Ähnlech Sujeten Bock, Geschichten, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel