Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt
Neiegkeeten Stories

Frankräich: D’Gesetz zur Eisebunnsreform ass gestëmmt, elo gëtt de Kollektivvertrag verhandelt

Nodeems en Donneschdeg am franséische Parlament d’Eisebunnsreform ugeholl ginn ass,

dislike
E Schoss no hannen
Neiegkeeten Stories

E Schoss no hannen

Eng richteg Glanzleeschtung: Nodeems Jore laang doriwwer diskutéiert ginn ass,

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech
Neiegkeeten Stories

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech

De Volleyball-Marathon vun der FLVB huet sech iwwer véier Deeg

Kuerzgeschichten aus dem Liewe vum Pipo Peng

1 - Mäin Numm

Kuerzgeschichten aus dem Liewe vum Pipo Peng

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

 1 – Mäin Numm

Mäin Numm ass Pipo. Also eigentlech stëmmt dat net sou ganz. Well u sech heeschen ech Philippe. Deen Numm hunn ech iwwregens dem Fanni ze verdanken. D’Fanni ass meng grouss Schwëster, obwuel hatt guer net vill méi grouss ass ewéi ech. Hatt ass ebe just méi al. E gutt Stéck méi al. Et ass seng Schold, datt ech Philippe heeschen. An iwwerhaapt! Hatt heescht och guer net Fanni. Fir richteg misst et Stephanie sinn. Well him deen Numm awer ni gefall huet, huet hatt sech einfach mol Fanni ëmbenenne gelooss. Einfach sou! „Steph! Komm iessen!“ huet ee fréier aus der Kiche jäizen héieren. Oder „Stephanie, pak dat net un, looss dat leien… hal op domat, Stephanie!“ An dobäi gouf ëmmer richteg vill den „St“ betount, also „SCHTephanie!“.

Mä wou si mer stoe bliwwen? Ah jo, firwat et menger Schwëster hir Schold ass, datt ech Philippe heeschen… Wéi ech op d’Welt komm sinn, duerft d’Fanni mäin Numm eraussichen. Mäin Numm! Firwat konnt ech mer deen net selwer auswielen? D’Fanni huet e puer Deeg, éier ech op dës Welt geplumpst sinn, iergendeng topeg Mickey Mouse oder en Zeechentrickfilm gesi mat engem blöde Personnage dran, dee Philippe geheescht huet. A bei menger Gebuert ass him deen Numm eben als éischt an de Kapp komm. Firwat huet hatt deemools kee coolen Actionfilm gekuckt?

Mir gefält deen Numm iwwerhaapt net. Bei deem Numm gëtt ee jo guer net méi eens, wéi een en da schlussendlech schreiwe soll. Filip, Filipp, Fillip, Fillipp, Philip, Philipp, Phillip, Phillipp, … Oder meng offiziell Versioun: Philippe mat Pee-ha, engem Ell an dofir awer mat zwee Pee zum Schluss. An hannendrun nach mat engem sougenannten „e müä“. Do ass dach vir an hanne keng Logik. Dofir wëll ech, datt d’Leit mech Pipo nennen. Pipo. Dat kléngt einfach, awer net ze banal. A wéi ech fannen, passt dat och besser bei mäin Nonumm: Peng! D’Leit erféiere bal all Kéiers, wann ech mech mam ganzen Numm virstellen. Dat kënnt wéi aus der Pistoul. Pipo PENG! Dat knuppt, dat mécht Kaméidi, dat ass Rambazamba. A wann eisen Noper, den Här Jean-Baptiste Klaxon, deen Numm seet, kéint ee bal mengen, hie géif mat engem Maschinnegewier schéissen – hien tuddelt nämlech.

Mä wie sinn dann iwwerhaapt „d’Leit“?

Den Däddes, menger Mamm hire Frënd, schwätzt dacks vun „de Leit“. Besser gesot, hie reegt sech iwwert se op. Ganz oft kënnt hien ëmmer réicht zur Mëttegstonn, kuerz éier meng Mamm d’Iesse fäerdeg gekacht huet a bréngt eng Baguette vum Bäcker mat. A knapps huet en e Fouss an d’Dir gesat, kënnt eng ganz Well u Roserei eragestréimt. „Also d’Leit!“, geet et da lass. „D’Leit! Déi maache mech fäerdeg! Ech soen der, also d’Leit… onméiglech sinn se!“ reegt en sech dann op, ouni awer genee ze soen, wat d’Leit da verbrach hunn. Dobäi ass et och net grad manéierlech, ouni Moien a Bonjour eranzestiermen a sengem Onmutt Loft ze maachen.

Wann d’Iessen dann awer bis op den Dësch kënnt, ass erëm séier alles vergiess. Beim Iesse gëtt meeschtens net matenee geschwat. Just heiansdo seet den Däddes, datt en sech nach e Schnitzel aus der Pan hëlt. An dobäi ass et awer kee Schnitzel, mä e Piffpaff ginn. Oder e wëll sech nach Spätzlen huelen a seet „Elo huelen ech mer awer nach e puer lecker Gromperen“. Iessen ass nun emol net grad seng gréisste Stäerkt. Dofir ass hien awer gutt am Rechnen an am Geknéchels. Hie rechent ëmmer alles a Frang ëm – an da reegt en sech erëm op, datt hautdesdaags alles méi deier ginn ass. Et gëtt och kee Bild am Haus, dat hien net opgehaangen, keng Bier, déi en net gewiesselt, kee Krunn, deen hien net montéiert a kee Vëlospneu, deen hien net opgepompelt huet. Doran ass hien d‘Nummer Eent am ganze Land!

Wou mer grad beim Vëlo sinn, do fält mer nees eppes an…

Ähnlech Sujeten Guy Rewenig, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel