Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ArcelorMittal fiert d‘Stolproduktioun an Europa erof
Neiegkeeten dating three months birthday

https://moien.lu/dating-a-patient/

Wéi et d‘Direktioun vun ArcelorMittal a sengem Communiqué matgedeelt huet,

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach
Neiegkeeten dating three months birthday

Brasilien kritt d‘Finanzhëllef zum Schutz vum Reebësch gestrach

Et ass de norwegeschen Ëmweltminister Ola Elvestuen deen der brasilianescher

Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant
Neiegkeeten dating three months birthday

Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant

Eis däitsch Noperen, déi hir wirtschaftlech Interessen a Südamerika verdeedege

Pipo Peng: Märeler Park

17 - Märeler Park

Pipo Peng: Märeler Park

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007

Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

17 – Märeler Park

Ech sinn oft am Märeler Park. Dat ass dee flotte Park géinteniwwer vum Datzemich. Do sinn awer just Streber an déi „grouss Schoul“ gaangen. Ech wollt ëmmer dohinner, wou d’Fanni och war. Hatt war am Lëtzebuerger Toperte-Bunker. Sécherlech war hatt do immens respektéiert. Soumat hätt ech da schonn e fette Bonus u Respektpunkten, wann ech do am Lycée ukommen.

Am Märeler Park ass et esou flott, do treffen sech quasi alleguer d’Inten aus dem Land. Dat huet schonn eppes, wann eng ganz Band engem hannendru gedackelt kënnt. Ech fannen déi Déiercher einfach immens! Net sou wéi Päerd. Fannen déi nawell blöd. An da mussen déi och nach ëmmer sou e laangt Gesiicht schneiden! Ma gutt, datt keng Päerd duerch de Park trëllen. A wa mer scho beim Trëlle sinn: Eng Kéier sinn ech an de Sprangbur gerëtscht! Ech wollt nees séier do eraus, ma wéinst den Alge war et awer esou glëtscheg, datt et mer einfach net gelongen ass. D’Waasser war zwar net sou déif, trotzdeem hunn ech wéi e Mippche mat alle Véiere gestruewelt fir eraus. Wéi en aarmséilege Wiermche stoung ech duerno nieft eisem Auto um Parking. Zoppnaass a just nach mat menger Ënneschtbox hunn ech do geziddert, wéi de Wand mer säi kalen Otem widder mäi Réck a meng Beenercher gepeitscht huet. Meng Mamm wollt nämlech net, datt ech mech mat deenen naasse Kleeder an den Auto setzen. Zanterhier dinn ech am léifste kuerz Boxen un – déi ginn nämlech manner naass!

Et ginn awer och méi witzeg Geschichten aus dem Märeler Park, wéi ech fannen. Mam Claus a mam Lucas hunn ech dacks Futtball do op der grousser Wiss gespillt. De Claus war den eelere vun deenen zwee Bridder. Hien huet ëmmer misste säi „Fëschi“ bei sech hunn. Dat war sou e Stéck Stoff, wat seng Bom him eng Kéier zesummegebutt hat, mengen ech mol. Hien huet säi Fëschi da meeschtens am Grapp gehat a sech och nach den Daum dobäi an de Mond gestach an dru genuckelt. Wat ee Puppelchen! An dat huet en nach bis 12 Joer gemaach…

Soss huet en awer ëmmer gäre grouss de Chef markéiert. Ech weess zwar elo net, ob en dat gemaach huet, well e méi al wéi de Lucas an ech ass, oder ob et dorunner louch, datt hie vill besser Futtball spille konnt. Amplaz zesumme Passen ze maachen oder op de Gol ze schéissen, huet de Claus eis ni de Ball wollte ginn. Wann de Claus dann nees engem vun eis e Petit-Pont gesat huet oder him e Zidane-Dréier gelongen ass, ass e mat senge grousse Schneidzänn ganz no bei engem säi Gesiicht komm an huet „Olé!“ geruff. Ech froe mech, ob seng Zänn esou wäit erausstinn, well en ëmmer den Daum am Mond hat.

Iergendwann hate mer es awer genuch a wollten net méi de Geck mat eis maache loossen. De Lucas an ech hunn eis just bräichte kuerz unzekucken a mam Kapp ze nécken. Gläichzäiteg hu mir eis op de Claus gestierzt. Et huet e wéineg gedauert, bis datt mer e kruten. Mir hunn en op de Buedem gejummt an eis allen zwee mat engem Knéi op seng Äerm gesat. Wärend ech hie gekëddelt hunn, huet de Lucas d’Wiss aus dem Buedem gerappt a sengem eelere Brudder an de Mond gestach. A wat ech hie weider gekëddelt hunn, wat säi Mond vu Laachen ëmmer méi grouss ginn ass – an ëmmer méi gréng. Denken, datt de Claus eis déi nächste Kéier e puer Passe maache wäert.

Vläicht kéint hie jo an engems déi automatesch Méimaschinne-Roboteren ersetzen, déi am Märeler Park sou hir Tierercher dréien. Schaarf genuch misste seng Zänn jo sinn.

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Geschichten, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Märeler Park, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel