Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!
Neiegkeeten Stories

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!

Reggae-Fans opgepasst! D’Lëtzebuerger Band The Disliked invitéiert ganz houfreg op

Gaza: Déidleche Joresdag
Neiegkeeten Stories

Gaza: Déidleche Joresdag

Beim Joresdag vun de wëchentlechen Demonstratioun op der Grenz tëscht

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès
Neiegkeeten Stories

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès

De Service National du Médiateur de la Consommatioun (SNMC) huet

Pipo Peng: D’Mega-Jick

3 - D'Mega-Jick

Pipo Peng: D’Mega-Jick

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher

3 – D’Mega-Jick

Beim Här Jean-Baptiste Klaxon niewendru gëtt grad eppes am Virgäertche frësch gemaach. Dowéinst ass viru senger Dier elo e grousse Koup Sand. Eng ideal Geleeënheet, meng nei „Mega“ ze testen. Et ass nees Jicke-Saison an ech hu mer virun zwee Deeg am Zeitungsbuttek nieft der Schoul eng riseg Jick kaf. Ënner Experten nennt een déi och nach „Mega“. Ech si bei den Toto schelle gaangen an hu gefrot, ob e mat de Jicke spille wëll. Hien huet zwar keng Mega, ass awer trotzdeem virun d’Dier bei de Sandkoup komm. Ech weess net, wéi hien et fäerdegbruecht huet, mä hien huet mat enger méi klenger Jick géint meng Mega gewonnen an elo muss ech him se ginn. Ech sinn alles anescht ewéi frou, loosse mer awer fir de Moment nach näischt umierken.

Mir zéie weider op d’Spillplaz, wou ech eng Revanche ufroe fir meng Mega zréck ze kréien. Dobäi sti meng Chancen zimlech schlecht, well ech mat enger Mini untrieden. Eng Mini muss eng Mega aachtmol treffe fir ze gewannen. An d’Mega muss d’Mini nëmmen eemol treffen…

Tatsächlech sinn ech wäit komm a beim Treffer Nummer 6 sinn déi aner Kanner op der Spillplaz all luusse komm – huet dach nach ni ee vun eis mat enger Mini eng Mega gewonnen. Treffer Nummer 7! Just nach eemol, dann hunn ech meng Mega nees zréck. Ech betounen nach eng Kéier: meng Mega.

Den Toto schéisst… knapp dolaanscht a se bleift net wäit ewech vu menger leien. Dëst ass meng Chance. Ech ootmen déif duerch. Konzentréiere mech. Huele mer Zäit. Nëmmen net dolaanscht schéissen. Ech hunn d’Jick am Grapp a schwénge mäin Aarm ganz geschmeideg hin an hir. Geschwënn ass et sou wäit, da flitt se lass, et mécht „Téck“ an dann ass den Dag gerett… „Piip-Piip, Piip-Piip, Piip-Piip“ mécht dem Toto seng Auer. „Oh, 12 Auer! Ech muss Heem iesse goen!“ A grad an deem Moment hëlt hie fir d‘éischt d’Mega an de Grapp, da seng Been, a leeft fort. Sou séier, datt hie seng Trottinette leie gelooss huet. Mir hu versicht, him hannendrun ze lafen, mä doraus ass näischt ginn.

Mir hu seng Trottinett geholl, se futti gemaach an dunn an de Bësch gehäit. Ausgläichend Gerechtegkeet nennt een dat wuel.

Ähnlech Sujeten Jick, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel