Search

You may also like

Grousst Opgebuet fir den Diddelenger Zeltik
Neiegkeeten Stories

Grousst Opgebuet fir den Diddelenger Zeltik

Et ass dëst Joer schonn déi 21. Editioun vum Zeltik,

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff
Neiegkeeten Stories

Pestiziden solle Parkinson-Krankheet ausléisen an net nëmmen d‘Baueren si betraff

Pestizide solle Parkinson ausléise kënnen. Eng Etüd, déi haut verëffentlecht

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels
Neiegkeeten Stories

Tëscht zolittem Biewen an liichtem Gerësels

Tëscht dem 23. a 26. Mee 2019 gëtt an Europa

Pipo Peng: Schëppen Damm

9 - Schëppen Damm

Pipo Peng: Schëppen Damm

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007
Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

9 – Schëppen Damm

Wann ech mat menge Frënn an der Vakanz war a mir eis owes gelangweilt hunn, wärend déi Al bei hirem Pättche souzen, hu mir dacks zesumme Kaarte gespillt. Am léifste “Schëppen Damm”. Ech sinn zimlech gutt doran. D’Reegele si ganz einfach:

Fir d’éischt muss een de Koup gutt mëschen
Beim Fuddele looss dech net erwëschen
Den éischten zitt
Weist, wat e kritt
Gespillt gëtt am Sënn vun der Auer
Deen nächsten zitt de Raute Bauer
Egal ob Siwen, Zwee, ob Néng
Egal ob Kinnek, Ass, ob Zéng
Just bei enger Kaart
Gëtt haart gelaacht
Déi wëll nämlech kee Mënsch hunn
Ass et u mir? Hues du grad gezunn?
Dat war elo Chance: eng Häerzer Aacht!
Et w
ar net déi Kaart, déi kengem schmaacht
Well wien
déi zitt, deen hat Pech
A gehäit se getouft ewe
ch
Ui! Et ass geschitt! Ma wat ass et dann?
Du bass domm, well du krus d’Schëppen Damm!

Just de Yeff hat es oft scho fréi genuch – oder soll ech besser soen den Domm-Domm-Domm-Domm-Yeff. Säi Rekord war et, déi éischt véier Ronnen hannerteneen d‘Schëppen Damm ze zéien. Hien huet dunn ëmmer gemengt, dat Spill wier net sou flott. Abee, wéi seet hie soss ëmmer zu mir? „Wie mengt, dee weess näischt!“. Hien ass haut nach ëmmer der Meenung, datt hien esou eppes ni behaapt hätt. Dat ass nawell vill Meenung fir esou wéineg Ahnung.

Opmaacherfoto: Christoph Schütz/pixabay

Related topics Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng, Schëppen Damm
Next post Previous post