Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – op der Queen hire Gebuertsdag mat Téi ustoussen!
Neiegkeeten Stories

What the Fakt – op der Queen hire Gebuertsdag mat Téi ustoussen!

D’Queen Elizabeth II. feiert haut hiren 93. Gebuertsdag – a wat

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?
Neiegkeeten Stories

Ass et net nach eppes ze fréi vu Chamberwahlen ze schwätzen?

Am Oktober gi mer emol an d‘Gemengewahlen an de Bierger

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt
Neiegkeeten Stories

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt

An engem „batter-séissen“ Communiqué huet sech d‘Piratepartei zu #Chamberleaks geäussert.

Pipo Peng: Tutebatti

4 - Tutebatti

Pipo Peng: Tutebatti

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm

Deel 2 – E Pak Kichelcher

Deel 3 – D’Mega-Jick

4 – Tutebatti

Wéi ech nach méi kleng war, hunn ech nach méi oft mam Här Jean-Baptiste Klaxon geschwat. Ech wousst deemools net, datt aner Leit mech wéinst enger anerer Sprooch net kéinte verstoen. Ganz opgereegt hunn ech him du vu mengen Aventurë vum „Bierg“ a vum „Sumpf“ erzielt, déi sech hannert dem Rondel am Feld zougedroen hunn. Hie war oft am Gaang, eppes a sengem Virgäertchen ze schaffen. Dobäi hat hie meeschtens seng Flip-Flips un. Jo, Flip-Flips. Dat ass fir Leit mat zwee lénker Féiss.

Well hie mech awer net verstanen huet, huet hien ëmmer eppes gemurmelt an een oder zwee Fanger hannert d’Ouer gehalen. Ech hu meng Geschicht nach eemol verzielt, awer méi haart. Ech hu versicht, esou kloer an däitlech wéi méiglech ze schwätzen. Dat ass dunn heiansdo nach e puer Mol sou weidergaangen, mä spéitstens no der drëtte Kéier ass en eran a seng Stuff e Pak Knätsch siche gaangen, deen e mir ginn huet. Mä haut iessen ech awer kee Knätsch méi. Nodeems ech dem Toto säi Mupp deemools gesinn hu rosa Bullen aus der hënneschter Këscht fabrizéieren, trauen ech där ganzer Knätsch-Saach net méi sou richteg. Den Hond soll anscheinend e ganze Rullo aus dem Toto sengem Schoulsak geklaut hunn. Dat ass dee Knätsch vun 1,80 Meter. Ee Meter achzeg!

D’Fanni huet mer mol wéinst sou engem Knätsch eng hefteg gedikst. Hatt hat sech mat sengem Täschegeld dräi sou Rulloe kaf – e bloen, e brongen an e rosaen. Ech sinn a seng Kummer geschlach, wärend hatt am Ballet war (jo, d’Fanni war am Ballet, obwuel hatt heiansdo richteg brutal ka ginn!). Op sengem Pult hunn ech se du gesinn, déi dräi Rulloen. Alleguer nach schéin opgewéckelt an all haten se nach eng Längt vun 1,80 m. Ee Pak nom aneren hunn ech se opgemaach a säitlech dragebass – bis an d’Mëtt! Wéi d’Fanni dat erausfonnt huet, ass et schwäiwëll duerch meng Kummerdier gestiermt. Ech war grad dobäi den neie Weltrekord am Knätschbulle-Maachen opzestellen. Hatt huet mat der flaacher Hand fir d’éischt meng riseg Bull zerstéiert a mer dunn eng an d’Gladder gefacht… De Weltrekord war natierlech hin, eng bluddeg Nues hat ech och nach. Am meeschte rose war d’Fanni iwwregens, well hatt de Knätsch net méi ofrulle konnt.

Déi Kéier drop hat ech dem Här Jean-Baptiste Klaxon gezielt, wéi meng Schwëster mech zerklappt huet. Ech war alt der Meenung, hie géif mir elo déi nächste Kéier hëllefe kommen, mä en huet erëm nëmme seng Hand hannert d’Ouer gehalen a mat de Schëllere gezuckt. Dobäi ass mer agefall, datt d’Fanni mer mol gesot huet, wat Jean-Baptiste Klaxon eigentlech op Lëtzebuergesch heescht: dat wier Franséisch fir Tutebatti. An dat ass en och!

Foto: © GiselaFotografie/pixabay

Ähnlech Sujeten Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng, Tutebatti
Nächsten Artikel Virrechten Artikel