Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch 2022 elo ënnert der Schiermherrschaft vu S.A.R. der Groussherzogin
Neiegkeeten Stories

Esch 2022 elo ënnert der Schiermherrschaft vu S.A.R. der Groussherzogin

Mat Esch 2022 gëtt schonn an noer Zukunft de Minett

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?
Neiegkeeten Stories

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?

Dëst Joer fanne Chamberwahle statt. D’Lëtzebuerger wielen, wéi eng 60

surprise
Ongemitterlech Course zu Mexiko
Neiegkeeten Stories

Ongemitterlech Course zu Mexiko

De Lëtzebuerger Espoir am internationale Motorsport, Dylan Pereira, ass dëse

Pipo Peng: Vum Picasso gemoolt

16 - Vum Picasso gemoolt

Pipo Peng: Vum Picasso gemoolt

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007

Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

16 – Vum Picasso gemoolt

Ech sinn ze spéit an d’Schoul komm. Ech hunn d’Dier grouss opgerappt an hunn den éischte Schrëtt an de Klassesall gemaach. D’Joffer dréit sech eriwwer, senkt de Kapp e bëssen a kuckt iwwert hir Brëlleglieser ewech. „Firwat esou spéit, Pipo?“ freet se ganz stutzeg. Ech hiewe just hallef meng Schëlleren a meng Äerm a soe ganz onschëlleg, datt et mam Schlitt kee Meter viru gaangen ass. D’Joffer rëselt kuerz de Kapp an hir Aperhoer senken sech nach méi. „Wéi? Et läit dach iwwerhaapt kee Schnéi!“ ass se du scho bal haart mat mir ginn. „Ma eben!“ hunn ech hir geäntwert. Ech konnt de Rescht vun der Stonn virun der Dier stoe bleiwen. Gutt… Elo geroden ech nach méi hannendran.

Wann et ëm Bastelen oder Mole geet, war a sinn ech ëmmer dee leschten. Seele ginn ech mat Zäite fäerdeg an da gesäit mäint och nach ëmmer wéi Sa… Sonneblumm aus. Deemools am zweete Schouljoer, dat weess ech nach ganz genau, do hu mir eng Kéier e Bild vum Reen gemoolt. Mir hunn do missten en Haus an eng Strooss an esou molen. An zum Schluss hu mir misste mat engem groen Tuschbic Reendrëpsen a Form vu schife Strécher dobäi zeechnen. Nodeems ech dunn och als leschte fäerdeg war, hunn ech der Joffer ganz houfreg mäi Konschtwierk gewisen. Si kuckt mäi Bild, da mech. Dann nees d’Bild, an erëm mech. „Vu wou kënnt de Wand da bei dir?“, huet si mech mat eropgezunnen Aperhoer gefrot. Bei mir waren d’Strécher mol lénks, mol riets gedréit. Ech fänken awer ganz sécher net vu vir un!

Am Bastele sinn ech grad sou begaabt. Wann ech eppes erausschneide muss, geet dat net, ouni d’Zong dobäi eraus ze strecke wéi eng Giraff, déi an den héije Beem no Blieder fësche geet. Anscheinend maachen ech dobäi och komesch Beweegunge mam Mond. D’Joffer rifft dann ëmmer duerch de ganze Klassesall: „Aen op, Mond zou, Pipo!“ Ech hoffen, datt mir ni e Petzi oder soss eppes selwer bitze mussen. Do ass dat Gebastels mat den Holzklamere beim Här Germain éischter eppes fir mech. Dat kréien ech alt nach esou hin.

Beim Bastelen a Mole kéint ech mir duerchaus eng Scheif beim Yeff ofschneiden. Natierlech ass hien do och net grad dee séiersten a léisst sech duerch näischt aus der Rou bréngen. Hien ass doranner bal grad sou lues wéi ech. Mam Ënnerscheed, datt seng Wierker duerno all eppes ginn – richteg schéin esouguer!

Ech wollt meng Biller a meng Saachen och meeschtens net mat Heem huelen a menger Mamm weisen. Dacks hunn ech déi um Heemwee an eng Poubelle gehäit. Et ass nu mol net flott, doheem eppes ze weisen, wou e Kräischmännche vun der Joffer dropgepecht gouf! Meng Mamm fënnt dat awer net esou wëll a mengt, Konscht wier iwwerbewäert. Da seet si zu mir: „Léiwer vum Picasso gemoolt, wéi vum Schicksal gezeechent!“, an da muss si ëmmer dobäi laachen.

Opmaacherfoto: Pixabay

 

Ähnlech Sujeten Geschichten, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel