Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht
Neiegkeeten Stories

Brexit: EU-Membere ginn der „Scheedung“ gréng Luucht

E Méindeg hunn déi 27 Länner vun der Unioun –

money
D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel
Neiegkeeten Stories

D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet e Freideg säi Bulletin publizéiert,

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)
Neiegkeeten Stories

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)

Datt et wuel – zumindest dagsiwwer wann net grad Kollektivcongé

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?

14 - Wat ass giel a schéisst?

Pipo Peng: Wat ass giel a schéisst?

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007

Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

14 – Wat ass giel a schéisst?

„Wéi ass d‘Zauberwuert?“ héiert ee ganz dacks déi Erwuesse froen, wa si engem eppes ginn. Ech duecht ëmmer, dat géif Simsalabim heeschen. Anscheinend net. Vläicht wéisst ech dat besser, wann ech all d‘Bicher vum Zauberer gelies hätt, déi ech deemools fir meng Kommioun kritt hunn. Ech weess just nach, wéi ech enges Owes ee vun deenen décke Bicher opgeklappt hunn an no zwanzeg Säiten es scho genuch mam Liesen hat – vill ze ustrengend! Dowéinst fannen ech et sou praktesch, datt Filmer aus de Bicher gemaach ginn. Do brauch ee sech manner unzestrengen a kann och nach genësserlech Popcorn erafudderen (awer kee salzegen!).

Wéi ech dës lescht mat mengem klenge Koseng a senger Mamm am Kino war, souze mir fir unzefänken am falsche Sall. Woubäi, de Kris an ech wiere scho gäre sëtze bliwwen. De Film mat de Geheimagenten am Kostüm ass gelaf. Dem Kris seng Mamm huet eis awer séier bei der Hand geholl an eis aus dem Sall geschleeft – dee Film wier nach net fir eisen Alter.

Sou hu mir dee selwer misste spillen, anzwar genau deen Dag, wou d‘Fanni op eis zwee oppasse misst. Hatt war richteg streng mat eis. Owes um 7 Auer hu mir missten de Pyjama undoen an eis prett fir an d‘Bett maachen – an dat an der Summervakanz! Eng eenzeg Sauerei! De Kris an ech hunn eis heemlech e Plang zesumme geschmitt, wéi mir entkomme konnten. Dat hat schonn eppes – si mir eis dach wéi déi zwee Geheimagenten am Kostüm virkomm.

Richteg Geheimagente brauchen awer e Revolver, fir sech am Eeschtfall dann och géint Ausserierdescher zur Wier setzen ze kënnen. De Kris huet gefrot, ob en a menger Spillkëscht no Pistoule kucke kann. Bei all Plastiks-Waff huet een e kräftege „Boah, krass! Déi wëll ech hunn!“ héieren. „Pssscht! D‘Fanni kann eis soss nach héieren!“, hunn ech e schif ugekuckt. An ausserdeem heescht „kucken“ net „upaken“ an hien huet schéi brav alles missten zréck an d‘Këscht leeën. Ech hat do nach en anere Revolver fir hien…

Mir hunn eis Sonnebrëller op d‘Nues gesat, ech hu meng „Buzi“ ënnert den Aarm geholl an dem Kris gesot, datt seng „Spezialwaff“ an der Kichen op hie waart. Säi Grinsen huet mer verroden, datt en et kaum aushale konnt. Mir hunn eis also ganz virsiichteg d‘Trapen erof geschlach an ech sot dem Kris dunn, datt e seng Aen zoumaache misst. Ech hunn an d‘Uebstschossel gegraff an him eng Banann an de Grapp gedréckt. Ma net iergendeng Banann – dat war eng Banoun! Beim Geheimdéngscht wier se als stäerkst Waff agestuuft ginn. Hie koum aus dem Staune bal net méi eraus.

An esou hu mir eis dunn duerch d‘Bascht gemaach. Erkläertent Zil: d‘Spillplaz beim Yeff hannert dem Haus. Ënnerwee hu mir eis heiansdo richteg missten an d‘Fäischtche laachen. D‘Fanni huet näischt vun eiser geheimer Missioun matkritt. An esou stounge mer dunn do: Zwee krappeg Knëffen am Pyjama a mat Sonnebrëll, deen een och nach mat enger Banann am Grapp. A mir hunn eis wéi déi coolst aus ganz Lëtzebuerg gefillt!

De Kozepoli a seng Toz vu Schwëster waren iwwregens och op der Spillplaz. Ech mengen, datt si sou am Fanni sengem Alter waren. A kuerz Zäit drop huet op eemol eng ganz rose Gestalt e stackdäischtere Schiet vun hannen op eis geworf. Et war d‘Fanni! De Kozepoli a seng Schwëster hunn eis sécherlech verroden! Dofir, datt de Kozepoli selwer mol gäre Polizist spillt an Autoen op der Strooss kuerzerhand unhält, hätt ech mir esou een Hannerhalt tëscht Agenten nimools virstelle kënnen! Deen Numm krut en iwwregens, well en ëmmer mat enger laanger Schnuddel an der Nues duerch d’Géigend leeft.

De Kris huet vu lauter Schreck seng Banoun zerdrätscht an ech meng Buzi fale gelooss. D‘Fanni huet eis mat den Ouere bis Heem geschleeft a war rose wéi eppes…

Opgeflunn si mir schlussendlech, well d‘Fanni sech e Milkshake maache wollt. Zwou Bulle Vanillsglace a Mëllech hat hatt schonn an de Mixer getippt, wéi hatt iwwerraschend huet feststelle missten, datt keng Banann méi an der Uebstschossel louch…

Hätt ech dem Kris nëmmen e Granatapel als Spezialwaff ginn…

Opmaacherfoto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Geschichten, Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Pipo Peng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel