Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi nei Nationalbibliothéik ass nach net fäerdeg, beandrockt awer elo schonn!
https://moien.lu/it-dating-website/ Stories

dating then relationship

„Ass dat heite grouss!“, sot de François Bausch (déi gréng),

gratis afrikaanse dating sites
https://moien.lu/it-dating-website/ Stories

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“

Am Ministère vun a fir d‘Energie (MEA), dee vum fréieren

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire
https://moien.lu/it-dating-website/ Stories

Dem Matteo Salvini seng kleng Victoire

D‘Crew vun der „Alan Kurdi“ – vun der däitscher ONG

Pipo Peng: Zockerlili

6 - Zockerlili

Pipo Peng:  Zockerlili

Virwuert:
All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum Pipo Peng hei publizéiert. Dëst soll als kleng Hommage un de Guy Rewenig, stellvertriedend fir eng Rei Auteuren aus menger Kandheet, gesi ginn. Als Kand hunn ech all Owend de Kassetterekorder ugeschmass – De Bib bei de Wiichtelcher, de Maulef beim Weier, de Kréckel Néckel souwéi d’Famill Wibbelmaus waren all dobäi. Dat Wierk, wat mech awer am meeschten inspiréiert huet fir selwer Geschichten ze schreiwen, war dem Här Rewenig säi Muschkilusch. Grouss a Kleng solle sech drun erfreeë kënnen.

Deel 1 – Mäin Numm
Deel 2 – E Pak Kichelcher
Deel 3 – D’Mega-Jick
Deel 4 – Tutebatti
Deel 5 – t’Franséischt
Deel 6 – Zockerlili
Deel 7 – Eng flott Moss
Deel 8 – Domm Elteren
Deel 9 – Schëppen Damm
Deel 10 – Dee Séiersten op der Welt
Deel 11 – De Karton schafft
Deel 12 – Agent 007
Deel 13 – En décke Badetti
Deel 14 – Wat ass giel a schéisst?
Deel 15 – De Büfdeck
Deel 16 – Vum Picasso gemoolt
Deel 17 – Märeler Park

6 – Zockerlili

Meng Mamm ësst ëmmer eppes ganz anescht wéi mir. Ëmmer ganz gesond, Zalot oder soss eppes, wat ech net iessen. A wa mäi klenge Koseng bei eis ass, seet si mir ëmmer virdrun, datt ech net „Eeh, dat ass net gutt, dat iessen ech net!“ soe soll. Well soss wëll de Kris dat bestëmmt och net iessen. Déi Erwuesse behaapte sech ëmmer drop, datt een eppes fir d’éischt mol schmaache muss. Ma eleng vum Kucke weess ech dach schonn, datt Brokkoli net gutt ka sinn.

Duerno gesinn ech meng Mamm awer ëmmer eng Glace iessen. Vill Glace an heiansdo och mol Schockela – ech mengen, si ass frou mam Zocker. D’Glace mécht si virdrun awer kuerz an d’Mikrowell, datt se bësse schmëlze soll. Eng Glace sollt een dach kal iessen, oder net? Grad sou wéi de Schockela kal muss sinn. Da schmaacht en am beschten. Aner Leit behaapten zwar de Géigendeel, mä si iren sech awer do.

Meng Mamm ass schonn eng ganz Besonnesch. Ech brauch nëmmen ze froen, ob mir dëst oder dat am Haus hunn, a wann dat net de Fall ass, geet si dat besuergen. Einfach sou! Egal, ob ech et brauch oder net. An egal, wéi onnëtz et ass. Wéi ech elo eng Kéier gefrot hat, ob mir eng mof Spéngel mat enger gieler Kaz mat rosa Tëppelen drop hunn, dunn hat ech zwee oder dräi Deeg drop déi op mengem Pult leien. Dobäi brauch ech dach keng mof Spéngel mat enger gieler Kaz mat rosa Tëppelen drop, schliisslech hunn ech eng Frisur wéi den Tintin. Verschenke kann ech se och net. De Kris huet eng Coupe à la Plage, do brauch een och keng Spéngel. Dem Kris seng Elteren hunn en Haus a Südfrankräich beim Mier, wou hien dann och ëmmer bei de Coiffer geet. Op enger Säit maache seng Hoer dann sou wéi eng Well – Coupe à la Plage eben. Esou hunn dann och d‘Fléi hire Spaass, wa se op där Hoerwell hir neiste Surf-Tricke weise kënnen.

Mä zréck zu menger Mamm: Si huet déi lescht Deeg dann näischt aneres gemaach, wéi duerch d’Butteker ze lafen an no sou enger Spéngel ze sichen. Souguer bis op Tréier ass se gerannt. Just blöd, datt dat net bei de Spillsaachen a Videospiller klappt… Do muss ech dann ëmmer selwer dobäi sinn. An dann nach. Dat Ganzt ass ëmmer zimlech ustrengend fir mech. Ech muss mech nämlech bis zum Schluss gedëllegen, dobäi wëll ech dach just mäi Spill an dann direkt erëm Heem, mä meng Mamm versteet dat net. Sou muss ech bis zum Schluss vum Akafe waarden, bis datt ech Mäint kréien. Meng Mamm seet dozou, datt si net méi de Feeler wéi fréier géif maachen. Soss krut ech mäi Spill ganz am Ufank an doropshin hunn ech mech – anscheinend – fuerchtbar de Batti am Buttek gestalt a presséiert fir Heem ze goen. Si huet sech du beim Akafe gestresst gefillt. Ma deen eigentlech Gestresste sinn ech!

Opmaacherfoto: pixabay

Ähnlech Sujeten Kuerzgeschichten, Lëtzebuerger Literatur, Melvin Hatto, Pipo Peng, Zockerlili
Nächsten Artikel Virrechten Artikel