Search

You may also like

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
Neiegkeeten

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

Präsenz, Wierken an Integratioun vun Däitschen zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Präsenz, Wierken an Integratioun vun Däitschen zu Lëtzebuerg

Hätt Dir gewosst, datt eis däitsch Noperen emol déi gréisst

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!
Neiegkeeten

Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d’Schoul: Hamm huet iwwerzeegt!

Gëschter huet de Stater Schäffen- a Gemengerot mat grousser Freed

Fir d’Sécherheet vun der Police: D’Pirate fuerderen ee Gespréich

Fir d’Sécherheet vun der Police: D’Pirate fuerderen ee Gespréich

D’Piraten hunn op de soziale Medien matgedeelt, datt si eng gemeinsam Sëtzung an der Chamber mat der Policegewerkschaft ugefrot hunn. Zil ass et iwwert d’Aarbechtssituatioun an d’Sécherheet vun der Police an de Respekt géigeniwwer de Beamten bei hirer alldeeglecher Aarbecht ze diskutéieren.

An eiser haiteger Gesellschaft mussen d’Polizisten net nëmmen eng grouss Verantwortung iwwerhuelen an Disziplinn weisen, se mussen och schwiereg Situatioune meeschtere kënnen an d’Sécherheet vun der Bevëlkerung garantéieren.

Op hirer Internetsäit hu si folgende Beitrag verëffentlecht:

Här President,

Ech géif Iech bieden, dëse Bréif un d’Presidentin vun der Commission de la Sécurité intérieureet de la Défense weiderzeleeden.

Ugesiichts vu verschiddene Virkommessen an de leschte Wochen, wou Polizisten op verschiddene Platzen am Land beleidegt an ugegraff gi sinn, freet d’Sensibilité Politique Piraten, esou wéi den Artikel 23 (3) vun eisem Chambersreglement et virgesäit, fir ee Punkt op den Ordre du Jour vun enger nächster Kommissiounssëtzung ze setzen, fir iwwert d’Aarbechtssituatioun an d’Sécherheet vun der Police an de Respekt géigeniwwer de Polizisten um Terrain ze schwätzen. 

Mir wëllen, datt d’Gewerkschaft vun der Police (SNPGL) an och d’Policedirektioun dëser Reunioun bäiwunnen, fir eis d’Situatioun op sougenannten “Hotspots” ze erklären an hier Verbesserungsvirschléi ze präsentéieren.

Related topics Aarbechtskonditiounen, Chamber, Gespréich, Piraten, Police, Policedirektioun, Politik, Sécherheet, SNPGL
Next post Previous post