Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 13. Oktober
Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 13. Oktober

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Vill Goss fir eng Campagne
Neiegkeeten

Vill Goss fir eng Campagne

Ufank Juni, nodeems vum Gesondheetsministère déi grouss Campagne „Net ouni

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister
Neiegkeeten

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister

Nach ass den Etienne Schneider am Amt, mee de 4.

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster

Pirate fuerderen d‘Aféierung vun engem Lobbyregëster

De President vun der Chamber huet um Muere vum 20. Dezember um 100,7 annoncéiert, datt d‘Reegele fir d‘Deputéiert ugepasst, respektiv verschäerft ginn. D‘Pirate begréissen dës Annonce a weisen drop hin, datt verflichtend Reegele fir déi politesch Vertrieder eng al Fuerderung vun hirer Partei ass.

An dësem Kontext hunn d‘Piraten eng Propositioun zur Modifikatioun vum Chambersreglement deponéiert an deem d‘Introduktioun vun engem Lobbyregëster um Niveau vun de parlamentaresche Kommissioune gefuerdert gëtt. D‘Propose vun der Modifikatioun stëtzt sech op déi derzäit gülteg Dispositioune vun der Representantekummer an der Belsch et huet zur Vokatioun, de Prozess zur Adoptioun vun neie Legislatiounen, esou wéi d‘Berodung- a Lobbyaktivitéite méi Transparent ze gestalten.

D‘Pirate sinn der Usiicht, datt ee Lobbyregëster eng „win-win“ Situatioun duerstellt, well et dem grousse Public den Accès zu den Informatiounen erliichtert. Et dréit esou och derzou bäi, datt de Bierger nees méi Vertrauen an d‘Politik kritt an d‘Aktivitéite vun de Lobbyisten esou encadréiert gëtt, datt si hir Aarbecht net méi am verbuergene leeschte kënnen.

Eng gutt Gouvernance kann et nëmmen a Concertatioun mat allen Acteure vun der Gesellschaft ginn, dozou gehéieren och d‘Lobbyisten. D‘Lobbyen, also d‘ONGen, déi „spezialiséiert“ Kanzeleien, d‘Beruffsverbänn, d‘Denkfabricken, d‘Syndikater an anerer mussen sech dann en ee Formulaire androen, dee vun der Chamber zur Verfügung gestallt an um Internetsite vum Parlament verëffentlecht gëtt.

Schonn am Mäerz 2017, hat de Comité vun europäesche Ministerrot eng Recommandatioun (CM/Rec (2017) 2) ugeholl, déi eng Reglementatioun vun de Lobbyaktivitéiten am Kontext vun der ëffentlecher „Prise de Decision“ virgesäit.

Aus dësem Gronn revendiquéieren d‘Piraten, datt hir Propositioun zur Ofännerung vum Chambersreglement, am Kontext vun den Adaptatioune vum Chambersreglement an wéi vum Chamberspresident um 100,7 ugekënnegt, consideréiert ginn. Déi Lëtzebuerger Politik muss sech Transparenzreegele ginn déi eiser Zäit wierdeg sinn.

Matgedeelt vun de Piraten, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Envato

Related topics Chambersreglement, Lobbyregëster, Piraten, Piratepartei, Transparenz
Next post Previous post