Search

You may also like

Modifizéiert Covid19-Gesetz: Et sollt novollzéibar sinn!
Neiegkeeten

Modifizéiert Covid19-Gesetz: Et sollt novollzéibar sinn!

E Méindeg huet d‘Regierung dat neit Covid19-Gesetz an der Chamber

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma
Neiegkeeten

Aluedung zur 6er Editioun vum Salon Hifi & Homecinéma

Et ass een eenzegaartegt Event an der Groussregioun. Hei kritt

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou
Neiegkeeten

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou

Laut persistente Rumeuren, sollt d‘Patisserie Namur hir Filial an der

Jidderengem säi Wee

Den technesche Grupp vu Piraten an ADR gëtt opgeléist

Jidderengem säi Wee

Et hat no Wahle vill kritesch Téin ginn, wéi sech d‘Pirate fir en technesche Grupp mat der ADR entscheet haten. Eng eigentlech ganz valabel Entscheedung, déi de Facto keen Impakt op déi eege politesch Ausriichtung vu béiden, jo awer ënnerschiddleche Parteien hat, vun de Leit trotzdeem wéineg Versteesdemech entgéint bruecht huet.

Zum 31. Dezember gëtt dësen technesche Grupp elo am géigesäitegen Averständnes opgeléist. Dat hu béid Parteien an engem gemeinsame Communiqué de Moien esou bestätegt. Wéi heescht, hu béid Parteien den Accord enger Evaluatioun ënnerzunn, an sinn zum Schluss komm, datt sech eng weider Koexistenz bannent engem technesche Grupp net méi imposéiert.

Den technesche Grupp hat zum Zweck déi parlamentaresch Aarbecht ze organiséieren, ouni dofir op eng Kollaboratioun zréckgräifen ze mussen, bei där een: Infrastrukturen, Personal an Programmer matenaner ofstëmmt. Elo wou et zu Dotatioune fir déi politesch „Sensibilitéite“ (esou ginn déi Parteien déi keng Fraktiounsstäerkt hunn genannt) ugepasst goufen, besteet keng Noutwennegkeet dës Unioun weiderzeféieren.

Béid Parteien, d‘Piraten an den ADR hunn sech drop gëeenegt den technesche Grupp opzeléisen.

Foto: Pixabay

Related topics adr, Chamber, Krautmaart, Piraten, Politik, technesche Grupp
Next post Previous post