Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Galerie: American Roadrunners Lëtzebuerg
dating websites turkey Neiegkeeten

how are isotopes used in radioactive dating

All Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAE

https://moien.lu/clever-dating-bios/
dating websites turkey Neiegkeeten

Luxtram – eng ongerecht an onbegrënnte Kënnegung?

D’Personal vu Luxtram fuerdert besser Aarbechtskonditiounen. D’Direktioun äntwert mat der

E Méindeg geet d‘Schoul un
dating websites turkey Neiegkeeten

E Méindeg geet d‘Schoul un

Iwwerall stinn se d‘Schëlter déi d‘Automobiliste sollen drop opmierksam maachen,

Piraten enttäuscht iwwert Lëtzebuerger EU-Deputéiert

Piraten enttäuscht iwwert Lëtzebuerger EU-Deputéiert

D‘Pirate sinn enttäuscht vun den zwee Lëtzebuerger EU-Parlamentarier, déi beim Vott vun enger Resolutioun iwwert d‘Rettung vu Flüchtlingen net präsent waren a lancéieren een Apel fir eng méi human EU-Migratioun– an Aussepolitik.

Vott am EU Parlament

Eng Resolutioun, fir d’Liewe vu Migranten ze retten, déi iwwert d’Mëttelmier an Europa kommen, gouf viru kuerzem vum Europaparlament mat enger ganz knapper Majoritéit ofgelehnt. 290 Stëmmen dergéint, 288 derfir an 36 Enthalungen, dat ass de Bilan vun engem Vott, wou et ëm d’Iwwerliewe vu Mënsche gaangen ass, déi op der Sich no engem bessere Liewe sinn. Virun allem déi Lëtzebuerger Europa-Deputéiert gesinn an dësem Kontext al aus.

Weder de Nicolas Schmit (LSAP), nach d’Monica Semedo (DP), ware bei dësem Vott am EU-Parlament präsent. Dat ass inakzeptabel! Et waren aus lëtzebuergescher Siicht déi zwou Stëmmen, déi dofir gesuergt hunn, datt dës Resolutioun ofgelehnt gouf. Och, a virun allem d‘Positioun vun der CSV halen d‘Piraten an deem Kontext fir problematesch. Duerch hire negative Vott alignéiert sech d‘EVP mat Rietspopulisten an ënnerstëtzt se an hirem xenophoben Discours.

D‘Pirate fuerdere vun der CSV e kloert Bekenntnis zu de Mënscherechter an der Genfer Flüchtlingskonventioun. Am EU-Parlament ass d’Scheitere vun der Resolutioun, nom Vott, mat engem fermen Applaus vun de rietspopulistesche Parteie clôturéiert ginn. Fir d’Piraten ass dëst een schwaarzen Daach fir d‘lëtzebuergesch EU-Politik.

Flüchtlingsdeal mat der Tierkei

Mir Pirate wëlle bei dëser Occasioun och drun erënneren, datt tëscht der EU an der Türkei nach ëmmer ee Flüchtlingsdeal besteet. Den tierkesche President Erdogan stoppt fir d’EU, géint Bezuelung, gréisser Immigratiounswellen a Richtung Europa. Mir Europäer huelen dofir bewosst a Kaf, datt Mënscherechter violéiert ginn an d‘Genfer Konventioun net respektéiert gëtt.

Den tierkesche President ass dann och viru kuerzem ouni UN-Mandat an ouni Récksprooch mat der internationaler Communautéit a Syrien agefall a kämpft do géint eis kurdesch Alliéiert. Eng Motioun, déi konkret Aktioune vu Lëtzebuerg géigeniwwer der Tierkei gefuerdert huet, gouf läscht Woch an der Chamber ofgelehnt. Eis Pirate sinn an dësem Kontext d‘Hänn gebonnen a mir kënne just un eis Representant‘en vu Lëtzebuerg bei der EU appelléieren.

D‘Pirate verlaange méi Kredibilitéit

Wa Lëtzebuerg an d’EU wëllen Drock op den tierkesche President Erdogan ausüben, dann muss d’EU dësen Deal iwwerdenken an sech resolut fir eng besser Protektioun vun de Migranten asetzen, an dat op alle Niveauen. Mir wëllen drop opmierksam maachen, datt een de Problem bei der Wuerzel sollt paken an resolut Aktioune lancéieren, fir dem Leed am Mëttelmier en Enn ze setzen.

D’Pirate sinn der Meenung, datt een d’ONG’en, déi Mënschen a Leed hëllefe sollt ënnerstëtzen (z.B. duerch eng besser Kommunikatioun a finanzielle Mëttel). D‘EU-Politik muss endlech kredibel a kohärent ginn a fir d’Mënscherechter astoen. Wann eis Europadeputéiert bei sou engem Vott net do sinn, setzt dat e ganz falscht Signal un d‘Wielerinnen a Wieler.

Matgedeelt vun de Piraten. D‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen.

Foto: Erich Westendarp / Pixabay

Ähnlech Sujeten Europaparlament, Frontex, Mëttelmier, Migratiounspolitik, Monica Semedo, Nicolas Schmit, Piraten, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel