Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst
Uncategorized

20+2: Der Eisebunn hiert FLEX-Carsharing Netz wiisst

D‘Netz vum CFL FLEX-Carsharing gëtt wieder ausgebaut. Mat zwou neie

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?
Uncategorized

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Déi spektakulär Verhaftung vum Kim Dotcom am Joer 2012 soll

D‘Stëmm vun der Strooss kéint eppes Hëllef gebrauchen
Uncategorized

D‘Stëmm vun der Strooss kéint eppes Hëllef gebrauchen

Si ass eng vun de wéinegen Organisatiounen, déi hiren operationelle

Wat kënnen d’Piraten zu Esch erreechen?

Wat kënnen d’Piraten zu Esch erreechen?

Esch ass déi zweetgréisste Stad vum Land an domatter alles anescht als eng Niewesaach. Keng Iwwerraschung also, datt hei ganzer aacht Parteien untrieden. Nei mat dobäi ass d’Piratepartei, déi mat enger hallwer Lëscht untrëtt an hier Iddie virstellt. Mir hunn e kuerzt Gespréich mam Kandidat Laurent Thinnes gefouert:

Här Thinnes, wéi sidd dir zur Politik komm? Firwat ausgerechent d’Piraten?

Ech hu relativ fréi ugefaangen mech fir meng Ëmwelt ze intresséieren a mech am sozialen Beräich fir meng Matmënschen anzesetzen. Fir Politik hunn ech mech konkret interesséiert, wei ech déi éischten Kéier wielen gaangen sinn, an ech net all déi 60 Deputéiert konnt wielen. Du hunn ech mech mat Programmer auserneen gesat, well nieft enger CSV misst et jo nach eppes anescht ginn.

Den Engagement ass mat de Joren ëmmer méi déif ginn, dëst virun allem well ech, säit dem ech liewen, ëmmer vun engem Premier regéiert ginn, deem ech nach ni eng Stemm konnt ginn, wat géint all Demokratieverständnis menger Meenung geet. Ech hunn an eisem klengen Land mol 21 Stemmen, mol 7, mol 23 Stemmen bei de Landeswahlen gehat wourop ech mir d’Froe stellen, sinn ech jee nodeem wou ech hei zu Lëtzebuerg liewen méi oder manner wert, huet meng Stemm mol méi mol manner Gewiicht an dëser Gesellschaft. Ech sinn an engem Land grouss ginn wou bis zur viregter Regierung keng wierklech politesch Diskussioun statt fonnt huet, ausser „De Juncker an CSV maachen dat jo schonn ëmmer gutt“ fräi no der Attitüde „Mir fidderen se, da stellen se keng Froe an da kënne mir maachen wei mir wëllen“. Leider ass villes net gutt gaangen wann alles, am Endeffekt, just vun enger Partei dirigéiert gëtt an déi aner Koalitiounspartner ëmmer déi méi schwiereg Ministeren kruten well se muechtgäil waren an praktesch bei all Wal doduerch ausgetosch ginn sinn. (E Grond wisou mir haut eng Regierung ouni CSV hunn, … enfin)

Viru 6 Joer hat ech mech dunn zu Diddeleng fir déi Lenk opgesat, well och hei säit Joren just eng Partei eleng d’Soen huet an ech dat net gutt fannen wann eng Partei eleng d’Soen oder eng Monopolstellung huet. Ech hat mech bei déi Lenk opgesat well mir sozial an eng lenksorienteiert Politik wichteg war, an och haut nach ass.

D’Froe vun der Politik an Zukunft ass: „Wéi maachen mir Politik mat, a fir Bierger an engem wirtschaftlechem Ëmfeld?“ an dann eréischt „de Wat“

An elo stellt sech natierlech d‘Fro: wisou dann haut d’Piraten? Ma well ech mech mat enger Ausriichtung déi déi Lenk haut hunn, net méi identifizéieren kann. Et ass eng Partei déi mir ze radikal an eesichteg ginn ass, an alles just verstaatlechen well an keng Meenung niewent hirer wierklech akzeptéiert. D’Piratepartei hunn ech vun Ufank un suivéiert, mäin Engagement an dëser Partei ass och nach zimlech nei, mee Wäerter vun Oppenheet, Toleranz, Transparenz, Fairness an zou gudder lescht Matbestëmmung vun de Bierger si meng Motivatioun vir mech bei de Piraten anzesetzen, fir an Zukunft eng Politik ze erméiglechen wou enfin en mëndegen a gläichgestallten Bierger, egal wei eng Nationalitéit, sexuell Orientéierung oder Glawen een huet, d’Politik matgestalten an mat decidéieren kann a soll. D’Froe vun der Politik an Zukunft ass: „Wéi maachen mir Politik mat, a fir Bierger an engem wirtschaftlechem Ëmfeld?“ an dann eréischt „de Wat“, well „den Wat“ wësse Bierger besser wéi all Partei an all eenzelen Politiker. Des Froen denken ech si vun enger Piratepartei ouni urban legends am einfachsten ëmzesetzen.

Dir sidd eréischt virun e puer Joer op Esch geplënnert. Wéi ass et, bis op eemol an der zweetgréisster Stad vum Land ze liewen?

Et ass eng Stad vun de Kontraster, vun de Kulturen, vu Matmënschen déi vun der Long op Zong sinn, eng Stad wou ech Gefill hunn am authenteschen Lëtzebuerg ukomm ze sinn.

Ech hu schonn op vill Platzen hei am Land an och am Ausland gewunnt. Op Esch sinn ech duerch meng Fra komm, déi hei opgewuess ass an hei well Liewen. Meng éischt Reaktioun war virun knapp 3 Joer: Awer net op Esch! Elo no 3 Joer muss ech soen, datt et e gudden Choix war an ass, an ech frou sinn, datt ech mat menger Fra an eisen zwee Hënn hei liewen. Ech hunn zwar nach net den „Där, Mär, Goare, Moart“ asw. drop, mee ech fillen mech richteg wuel hei. Et ass eng Stad vun de Kontraster, vun de Kulturen, vu Matmënschen déi vun der Long op Zong sinn, eng Stad wou ech Gefill hunn am authenteschen Lëtzebuerg ukomm ze sinn. Esch ass e Meltingpot vun Aarm a Räich, vun Stadliewen an trotzdeem vun rouegen Platzen, vun Geschicht an Géigewaart, enger Stad em éiwegen Wandel an wou et wéineg Tabue ginn. An genau dowéinst well ech mech fir des Stad zesummen mat mengen Matbierger asetzen, fir Esch weider no fir ze bréngen, mat neien Iddien (e Bléck vun baussen) an awer och Erhalenswäertes ze schützen an/oder weider auszebauen.

Wou dréckt zu Esch ganz besonnesch de Schong a wéi wëllt dir do wierken?

Ech denken ee vun de gréissten Problemer vun Esch ass säin Image hei zu Lëtzebuerg. Et ass een Image vun „sozial schwaache Leit“, en Image vun „et ass geféierlech“, en Image vun „do ass et ellen, knaschteg an do ass näischt lass“. Dësen Image gëtt vun de Medien an der Gesellschaft gefërdert, et ass awer net dat, wat ech hei erliewen, mee leider och geduecht hunn, iert ech en Escher gi sinn. De Schong dréckt menger Meenung awer och, datt mir nieft enger Sozialpolitik an Integratiounspolitik déi eng Virreiderroll fir ganz Lëtzebuerg ass, an ob déi mir houfreg kennen sinn, Themen wéi Wirtschaft a Commerce, Chômage, Tourismus, Kultur, Preventioun, Ëmwelt an nei Technologien net genuch weider bruecht ginn sinn an hei denken ech muss nieft dem sozialen méi dru geschafft ginn.

Wat fir eng Roll soll Esch um nationale Plang spillen?

Esch soll fir mech zesummen mat der ganzer Minettregioun eng 2. Wirtschafts- an d’Wessenrégioun fir ganz Lëtzebuerg duerstellen. Wa mir et fäerdeg bréngen, hei am Süden iwwert eis eegen Gemengegrenzen ewechzekucken an Stied an Gemengen wei Diddeleng, Käl, Rëmeleng, Schëffleng, Monnerech, Suessem, Déifferdeng, Péiteng an Käerjeng zesummen un engem Strang zeien (wéi dëst duerch den Syndikat Pro-Sud, an Esch 2022 elo de Fall ass), kënne mir eng gläichgestallten Roll mat enger Stad Lëtzebuerg duerstellen. Ech wëll awer och hei soen, datt e Westen, Norden an Osten genau esou eng wichteg Roll um politeschen Plang sollen spillen, nom Prinzip jiddereen ass gläich. Ech denken awer, datt mir aus ökologeschen, wirtschaftlech an urbanen Grënn dräi Stied/Regiounen (Nordstad, Stad an Minettrégioun) sollen méi no vir bréngen, an de ländlechen Charakter sollen schützen an eis Ëmwelt net nach méi zerplécken.

Wéi kann d‘Reputatioun vun der Stad Esch klammen?

D’Reputatioun vun der Stad Esch kann menger Meenung klammen andeems een déi vill gutt Initiativen, Projeten déi scho bestinn (Gaalgebierg, Chrëschtmaart, Uni, Fester, asw) zesummen mat neien Iddie vun de Bierger an der lokaler Politik ënnert engem Hutt an se gemeinsam mat der Gemeng vermaart. E weidere Punkt ass kloer nach méi an d’Preventioun an an d’Betreiung vun Mënschen ze investéieren déi droen aus den System ze falen oder gefall sinn fir se ze reintegréieren.

E wichtege weideren Punkt ass awer och konsequent op eng Duerstellung vu Geschéinisser vun Säite vun der Gemeng ze pochen an eng Vue vun der Escher Populatioun ze hunn an do ze agéieren wou et dann néideg ass fir d’Reputatioun vun Esch no baussen an bannen ze hiewen.

De Wunnengsbau ass jo iwwerall Thema Nummer 1, Esch ass do keng Ausnam. Wéi kann een an Ären An dëse Problem an de Grëff kréien?

Menger Meenung no ass dëst Thema e nationalen Problem, wou op nationalem Niveau an Zesummenaarbecht mat den Gemengen an de Grëff ze kréien ass. Nieft den Iddie vu sozialem Wunnengsbau, kommunalen Wunnengsbaugesellschaften, intergenerationellt wunnen, Wunngemeinschaften, ass fir mech den Haaptproblem awer bei eisen Banken an de Gesetzer ze sichen.

Ech fannen et komesch säit dem ech en Haus hunn, wat ech a meng Fra eis erméiglechen konnten, well eis Famill eis en Startkapital ginn huet an ech zu dem Moment Employé kommunal war, e Prêt ze kréien, dee méi niddreg ass wéi den Loyer deen mir fir en selwecht Haus hätten missen opbréngen. Wann ech esou kucken ass de Montant vum Prêt oft méi niddreg wei den Montant vum Loyer, deen een ze bezuelen huet. Wat heescht dat: E Mënsch deen am Stand ass e Loyer ze bezuelen awer kee Startkapital huet kritt kee Prêt obwuel des Mensualitéiten oft méi niddreg sinn wei den Loyer. Natierlech wëll eng Bank Garantien hunn. Kann de Staat oder d’Gemeng dann net mat als Garant goen, wann et esou ass, datt dee Mënsch reegelméisseg e Montant vun engem Loyer/Prêt opbréngen kann. Ass d’Gemeng an de Staat net verflicht, datt säi Bierger seng eegen véier Wänn kann hunn? Ass d’Form vum Loyer bezuelen net Form vu Leit kleng ze halen an se net Eegestänneg liewen ze loossen an doduerch net selbststänneg Generatiounen erunzezillen, wou d’Scheier vun Aarm a Räich méi wäit auserneen ginn? Fir mech kann de Problem just geléist ginn wann een d’Recht huet seng eegen véier Wänn ze kafen an net missen ze lounen.

Foto: Vum Zinneke at lb.wikipedia – Transferred from lb.wikipedia; transferred to Commons by User:LimoWreck using CommonsHelper., CC BY-SA 3.0

Kandidatefoto: Laurent Thinnes

Ähnlech Sujeten Esch/Uelzecht, Lëtzebuerg, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel