Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend
Meenung Neiegkeeten

Motorsport: Dem Dylan Pereira seng offiziell Saison start dëse Weekend

Dëse Weekend, start dem Dylan Pereira seng offiziell Saison 2020,

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech
Meenung Neiegkeeten

Wahlen am Afghanistan si Liewensgeféierlech

Nodeems et e Samschdeg, wéinst Gewalt an Dysfonctionnementer, net allen

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!
Meenung Neiegkeeten

GEWENNSPILL 2019: De MELLIS Hunnegbéier waart op Iech!

Och am Hierscht soll gefeiert ginn – A wéi kéint

D’Piraten kämpfe weider géint de CETA

D’Piraten kämpfe weider géint de CETA

Zënter Joren kämpfen a wieren sech Piraten géint den CETA. Leider huet d’Chamber, mat de Stëmmen vun de Regierungsparteien (Déi Gréng, LSAP an DP), den CETA elo matzen an der Krisephase gestëmmt.

Trotz dësem Vott an der Chamber, wäerte mir Piraten eisen Asaz géint den CETA net opginn. Ganz nom Beispill vun anere Stied a Gemengen an Europa, proposéieren d’Piraten mat eiser Motioun am Gemengerot, fir Péiteng zur CETAfräier Zone ze deklaréieren.

D’Piratepartei huet um europäeschen an um nationalen Niveau protestéiert, fir dass den CETA–Accord net zu Lëtzebuerg ratifizéiert gëtt. Leider hunn d’Regierungsparteien dat net agesinn an de Fräihandelsofkommes tëschent der EU a Kanada gréng Luucht ginn.

Virun allem déi Gréng Partei huet dobäi enttäuscht, huet si sech dach an de leschte Joren entscheet géint den CETA staark gemaach. Déi lëtzebuergesch Gréng schéngen dobäi d’Idealer vun hirer Partei vergiess ze hunn, well an Däitschland wäert hier Schwësterpartei géint den CETA stëmmen.

Den CETA ass deemno fir Lëtzebuerg elo eng Realitéit, mee d’Piraten hunn de Kampf nach net opginn. Ganz nom Bild vun anere Stied, wéi zum Beispill Léck an der Belsch, wëllen d’Piraten ee symbolesche Widderstand leeschten an iwwerall, wou mir vertruede sinn, eis am Gemengerot dofir asetzen, fir déi Gemengen zur CETA-fräier Zone ze deklaréieren, dat och an Zukunft.

Dofir wäerten d’Piraten am Péitenger Gemengerot (de Christian Welter an de Marc Goergen) de Méinden, den 18te Mee eng entspriechend Motioun virstellen, fir esou um lokale Niveau ze weisen, dass ee mat der Entscheedung vun der Regierung a vun der EU-Kommissioun net averstanen ass.

D’Piraten erënneren dorunner, dass den CETA riskéiert eis laang erkämpfte Sozial- an Ëmweltstandarde kënnen oprecht ze erhalen. Och wat d‘Landwirtschaft, Véizuucht an de Wäibau betrëfft, suergen sech d‘Piraten ëm Kompetitivitéit vun den europäesche Betriber. Doriwwer eraus, wäert den CETA zu enger considerabelen Hausse un Emissioune féieren, wat mir als nohalteg Partei an eiser politescher Zilsetzung prinzipiell ze evitéiere sichen. D’Piraten leenen doriwwer eraus och déi ontransparent Manéier ënnert där den CETA-Accord verhandelt gouf of.

Matgedeelt vun der Piratepartei

Ähnlech Sujeten CETA, Chamber, Krisenzäit, Motioun, Piraten, Regierung, Sozial- an Ëmweltstandarde, Widderstand
Nächsten Artikel Virrechten Artikel