Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?
jfiix dating

Wat mécht den Haff mat all deem Geld?

Et ginn emol méi, emol manner interessant parlamentaresch Froen. Wann

https://moien.lu/if-im-dating-you-my-goal-is-to-marry-you/
jfiix dating

hookup culture and consent

D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg (BnL) informéiert doriwwer, datt dat alt Gebai

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher
jfiix dating

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher

Haut gëtt a Slowenien e neit Parlament gewielt, an de

Néng Saachen, déi s de iwwert de Piraten hire Gemengewahlkampf wësse solls

Néng Saachen, déi s de iwwert de Piraten hire Gemengewahlkampf wësse solls

Vir méi kleng Parteien stellt de Gemengewahlkampf eng riseg Erausfuerderung duer. Anstatt an all Gemeng sech opzestellen, mussen si sech déi eraus picken, wou se genuch Leit hunn. An do op ganz spezifesch Theme setzen. D’Piratepartei mécht do keng Ausnahm. Mir hunn déi wichtegst Informatiounen iwwert hiren Gemengewahlkampf zesumme gedroen.

1. D‘Piraten trieden a sechs Gemengen un

Zu Lëtzebuerg, Péiteng a Réimech trieden d‘Pirate mat volle Lëschten un. Zu Kielen, Esch/Uelzecht a Klierf mat hallwe Lëschten.

2. Hir national Themen sinn och op Gemengeniveau present

Transparenz, Biergerbedeelegung an d‘digital Revolutioun sinn och op Gemengeniveau Kärthemen. „modern. fair. transparent“ – sou de Slogan vun de Piraten – gëtt dann bei all Gemeng nei interpretéiert.

3. Ausbaufäheg Fraequot

Ënnert den 82 Kandidaten fannen sech 23 Fraen. Dorausser ergëtt sech eng Fraequot ënnert 30%. Am ausgeglachensten ass d‘Lëscht zu Klierf mat dräi Fraen op véier Männer.

4. Wat wëllen d‘Piraten an der Stad?

An der Stad wëllen d‘Piraten, ugefouert vum Parteipresident Sven Clement zu engem Neiufank bäidroen. Dëst heescht, nei Leit un d‘Spëtzt bréngen, déi al Wäisheeten a Fro stellen. Dobäi briechen d‘Stater Piraten och eng Lanz fir kleng a mëttelstänneg Geschäfter, déi ëmmer méi aus dem Stadbild verschwannen.

5. Wéi kann Esch/Uelzecht säi Potenzial ausschöpfen?

Abseits vum Belval huet Esch/Uelzecht Problemer, sech ze moderniséieren. Dobäi géif et laut den Escher Piraten vill Potenzial ginn, wat een notze kéint. Dobäi sëtzen se sech virun allem vir bezuelbare Wunnraum an eng méi transparent Gemeng an. Déi kéint zum Beispill higoen, an hir Sëtzungen online iwwerdroen.

6. Wou dréckt zu Péiteng de Schong?

Zu Péiteng wëllen d‘Pirate mam Marc Georgen un der Spëtzt virun allem den Thema Kriminalitéit ugoen. Laut hirer Ëmfro hu 87% vun de Leit uginn, si hätten dowéinst Angscht. E 24-Stonnen duerchgoend besate Police-Büro wier do eng Méiglechkeet dat ze konteren.

7. Wéi ka Réimech erëm belieft ginn?

Fir de Spëtzekandidat Daniel Frères ass kloer: Réimech ass ausgestuerwen, an déi aktuell Politik hätt dëst net verhënnert. Et misst eng nei Dynamik kommen, nei Geschäfter dobäi stoussen an de Parksystem iwwerschafft ginn, fir datt erëm méi Leit dohinner kommen.

8. Wéi soll Klierf zesumme wuessen?

Den Andy Maar, Spëtzekandidat zu Klierf, kritiséiert, datt d‘Gemeng zënter der Fusioun net uerdentlech zesumme gewuess wier. D‘Pirate proposéieren esou, e Klierf-Bus anzeféieren, deen déi 17 Dierfer matenee verbënnt.

9. Ka Kielen waakreg gerëselt ginn?

Zu Kielen féiert de Camille Liesch, Vize-President vun der Partei, d‘Lëscht un. Hie kritiséiert, datt Kielen eng Schlofgemeng wier: D‘Leit géife mueres fortfueren an owes nëmmen heem kommen, fir do ze schlofen. En Plus wier den Duerchgangsverkéier e Problem, deen onbedéngt an de Grëff ze kréie wier. Dëst géif och e kontrolléierte Wuesstem viraus setzen, deen nach méi Duerchgangsverkéier ënnerbënnt.

Foto: Sven Wohl

Ähnlech Sujeten Andy Maar, Camille Liesch, Daniel Frères, Esch/Uelzecht, Gemengewahlen 2017, Kielen, Klierf, Lëtzebuerg, Marc Georgen, Péiteng, Piratepartei, Réimech, Stad Lëtzebuerg, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel