Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Alles flaach, oder wat?
Neiegkeeten

Alles flaach, oder wat?

Fir ze beweisen, datt d’Äerd a Wierklechkeet flaach ass, léisst

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt
Neiegkeeten

Lifestyle: Wat een (och) iwwert Vegan-Ernärung wësse sollt

Och op der sich no Liewensmëttel ouni animalesch Inhalter? Da

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht
Neiegkeeten

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘Europadeputéiert dofir ausgeschwat, den Artikel 7

Piraten: den Accord ass dat eent, en ëmsetzen dat anert

Piraten: den Accord ass dat eent, en ëmsetzen dat anert

Fir de President vun de Piraten, Sven Clement, kann een e Koalitiounsaccord net um Text bewäerte mee un deem wéi a wat dovunner ëmgesat gëtt. Hien ass dann och zimlech däitlech, wéi d‘Piraten hir Aarbecht an der Chamber gesinn: wat gutt fir Land a seng Bierger ass, wëll ee verdeedegen, an do wou d‘Regierung d‘Leit wëll hannert d‘Liicht féieren, gëtt Zodi geschloen.

An d‘Pirate sinn sech dann och emol doriwwer eens, datt et nach eppes ze fréi ass, de Programm vun der Regierung – dee sech wéi e Wahlprogramm liest – ze beuerteelen. Et begréisst een dann och, datt vill gutt Iddien – notamment och därer déi am Wahlprogramm vun de Piraten enthale waren, wéi d‘Gratuitéit vum ëffentlechen Transport – sech am Regierungsprogramm erëmfannen.

De Sven Clement bedauert allerdéngs, datt et un der Transparenz an den Detailer hapert. Esou wéist och de President vun de Piraten drop hin, datt aus dem Regierungsprogramm net ervirgeet, wéi dës Iddie sollen ëmgesat ginn, a wéi ee gedenkt se ze finanzéieren. Eng Zoustëmmung kann et folglech nëmmen da ginn, wann d‘Resultat och stëmmeg ass, an e Maximum u Leit dovunner profitéieren.

Och Prioritéite muss ee sech leeschte kënnen

Fir d‘Pirate war et dann och nach wichteg ze betounen, datt ee sozial Moossnamen ëmmer muss a Relatioun mat wirtschaftleche Moossname setzen. Hei gëtt däitlech d‘Suerg zum Ausdrock bruecht, datt déi vun der Regierung geplangte Mesuren, just derzou bäidroe kéinten, Lëtzebuerg fir grouss Konzerner attraktiv ze maachen, a kleng oder mëttelstänneg Entreprise op der Streck bleiwen.

Bedauert gëtt dann och nach, datt sozial Transferte géintiwwer de soziale Prestatioune limitéiert sinn. Wéi also wëll Gambia hiren ambitiéise Programm finanzéieren? Wéi setzt ee Prioritéite fest wann net gewosst ass, wou een d‘Suen dofir hierhëlt? Froen déi hir Berechtegung hunn. Woubäi de Sven Clement nach betount, datt een domatter nach net de Programm am Detail kritiséiert hätt.

A Kritik géif et genuch. Esou betruechten d‘Piraten d‘Efforte bei der „Digitaliséierung“ als wéineg realistesch, gemooss un de Moyenen déi e sech wëll ginn. Suerge bereet him och déi programméiert Steierreform, wouduerch dem Staat zolidd Ressource verluer géife goen. Hien huet och Bedenke wéi – no der Reform vun de Gemengefinanzen – d‘Gemenge méi Leeschte solle kënnen.

A kengem vun de Kapitel aus dem Koalitiounsaccord gëtt et Präzisiounen, firwat een elo gutt misst uecht datt d‘Bierger sech net op d‘A drécke loossen. Et wier elo och un hinnen, vun der Regierung méi Detailer ze verlaangen, opzepassen datt déi Moossnam déi ergraff ginn, net zum Nodeel vun de Bierger gelaangen. Et wier och ze bedaueren, datt de Mënsch eréischt no der Wirtschaft kënnt.

Ähnlech Sujeten Koalitiounsaccord, Piraten, Regierungserklärung, Regierungsprogramm, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel