Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Vun deem wat war, an deem wat elo kënnt…

Beim Kaffi mam Stater Schäfferot, si vill Aktualitéitssujeten ugeschwat ginn.

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen
Neiegkeeten

Et war eng onroueg Nuecht, mee d’Situatioun sollt sech berouegen

Wéinst de staarke Néierschléi vun dëser Nuecht, virun allem am

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland
Neiegkeeten

Xavier Bettel op Aarbechtsvisitt a Finnland

De Lëtzebuerger Premierminister Xavier Bettel huet op Invitatioun vu sengem

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz

D’Piraten an d’Muffelen: Eng Debatt iwwert d’Juegd an d’Déiereschutzgesetz

D‘Pirate fuerderen eng breet an differenzéiert Debatt iwwert d‘Juegd an iwwert de Stellewäert vum Déiereschutz zu Lëtzebuerg.

D‘Ëmweltministesch bemierkt an der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1746 vum Marc Goergen, datt d’Muffelproblematik zu Iechternach een « juegdleche » Problem ass an deemno och sollt iwwert d‘Juegdgesetz geléist ginn. D’Pirate gesinn de Problem aus enger Déiereschutz-Perspektiv. Fir d’Pirate steet an dësem Fall de Schutz vum Déier un éischter Plaz.

De Piraten ass bewosst, datt d’Muffelen zu Iechternach Schued un eenheemesche Bamaarten uriichten. D’environnemental Grënn sti fir d’Piraten deemno an dësem Fall un zweeter Plaz, hannert dem Wuel vum Déier. Den Zoustand vum Bësch mécht och de Pirate Suergen. Dëst duerf awer kee Grond sinn fir de Muffelen d‘Liewen ze huelen.

De Piraten ass bewosst, datt d’Muffelen eng exogen Aart sinn. D’Pirate plaidéieren dofir, datt d’Muffelen an hiert Heemechtsgebitt zréck bruecht ginn, respektiv an een déiereschutzkonformen Déierepark bruecht ginn. Weider Alternative wéi d’Steriliséiere komme fir d’Piraten och a Fro.

D’Pirate wëllen datt sech kritesch mat de Grënn fir d’Präsenz vun de Muffelen zu Lëtzebuerg ausernee gesat gëtt an datt de Public opgekläert gëtt iwwert eng Juegdpraxis (Tropheeëjuegd), déi letztendlech dozou gefouert huet, datt et iwwerhaapt eng Iwwerpopulatioun u Muffele gëtt. Mir brauchen ee modernt, déiereschutzgerecht Juegdgesetz, wat esou eng Juegdpraxis, wéi déi vun der Tropheeëjuegd an Zukunft verhënnert an dat illegaalt Aussetze vun esou Déiere resolut penaliséiert.

D’Ministesch huet an der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1746 drop higewisen, datt d’Afänke vun de Muffelen duerchaus a Consideratioun gezu kéint ginn. Dës Äntwert vun der Madamm Ministesch steet iwwerdeems am Widdersproch zu der Äntwert op d’Question parlementaite n° 1623, wou d’Madamm Ministesch schreift, datt d’Afänken am Juegdgesetz net virgesinn ass an deemno illegal wier. D’Afänken ass allerdéngs duerchaus am Naturschutzgesetz virgesinn a kann op Uerder vun der Ministesch bewëllegt ginn. D’Pirate fuerderen, datt dës Optioun intensiv gepréift gëtt, ier datt d’Déieren enger administrativer Juegd zum Affer falen.

D’Pirate wonneren sech iwwerdeems iwwert de Constat vun der Madamm Ministesch, datt d’Muffelen an den aneren Deeler vum Land (Parc Hosingen a Kaundorf) offensichtlech kee Problem duerstellen. Dëst geet aus der Äntwert op d’Question parlementaire n° 1402 ervir. An der Äntwert op d‘Question parlementaire n°1623 heescht et: „Sollten an deenen anere Gebitter, wou hei am Land Muffele virkommen, ähnlech héich Schied am Bësch opkomme wéi an der Regioun Iechternach, wäerten och do administrativ Juegten organiséiert ginn.“ D‘Pirate fuerdere méi Kohärenz an eng méi déiereschutzgerecht Approche an dësem Kontext.

D’Pirate begréissen, datt d’Ministesch der Fuerderung vum Iechternacher Buergermeeschter, fir d’Muffele mat Hëllef vun der Arméi an der Police ze joen, net nokomm ass.

Matgedeelt vun der Piratepartei Lëtzebuerg

Opmaacherbild: © Dušan Smetana / Unsplash

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Déiereschutzgesetz, Differenzéiert Debatt, Ëmwelt, Juegd, Muffelen, Natur, Piraten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel