Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“
Neiegkeeten

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“

Déi 63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 5
Neiegkeeten

Sinn dës Wierder richteg geschriwwen? – 5

Dank den neie Medien schreiwen mir all Dag Lëtzebuergesch. Mee

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!
Neiegkeeten

What the Fakt: De Led Zeppelin II Album gëtt haut 49 Joer al!

Bekannt ass d’legendär Rockgrupp Led Zeppelin fir Stairway To Heaven.

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt

Piraten am Wahlkampf: Gutt Argumenter déi een net ënnerschätze sollt

Um Donneschdegowend, während sech den Emmanuel Macron an de Xavier Bettel an der Philharmonie mam Biergerdialog fir e staarkt Europa agesat hunn, ass zu Koplescht an der Zentral vun der Piratepartei de Wahlkampf agelaut ginn. Dee fänkt offiziell eréischt nächste Méindeg un. Vir sech op dëse virzebereeden, hunn d‘Spëtzekandidaten déi 5 wichtegst Punkte virgestallt.

Vum gratis ëffentlechen Transport, de Problemer am Logement, den Déiereschutz, den drëtten Alter bis hin zum Policestaat, esouvill ass sécher: de Wahlprogramm vun de Piraten ass anescht, prezis a mécht och virun Tabu-Theme keen Halt. Et kéint een hinnen, wann een op e Virworf eraus ass, zur Laascht leeën, datt si besonnesch den drëtten Alter an den Déiereschutz ervirhiewen.

En Argument, datt de Parteipresident a Spëtzekandidat am Zentrum, Sven Clement, onberechtegt fënnt. Hie mécht drop opmierksam, datt am Duerchschnëtt de Wieler zu Lëtzebuerg iwwer 57 Joer jonk ass. Do wier jo awer normal datt een sech och Themen unhëlt, déi dës Wieler uschwätzen. An dat besonnesch dann, wa gewosst ass, datt et déi Wieler sinn, déi am mannste berécksiichtegt ginn.

De gesellschaftleche Konsens

An et ass net verkéiert ze behaapten, datt et bei esou munch Parteien d‘Hoffnung gëtt, datt e Wieler deen iwwert Joren „trei“ war, dat och weiderhin ass. D‘Welt awer verännert sech, an d‘Piraten si beduecht, d‘Suergen an d‘Fuerderunge vun alle Mënschen ze behäerzegen. Jidderengem kënnen si et net gerecht maachen, d‘Zil vun der Campagne ass e Konsens an eiser Gesellschaft hierzestellen.

Esou soll de Lëtzebuerger säi Privatliewe selwer bestëmmen, seng Zukunft gestalten. Dat fänkt dann och domatter un, datt et e legale Kader fir d‘Co-Locatioun muss ginn an nei Forme vum Zesummeliewen, net duerch administrativ Beschränkungen dierfe verhënnert ginn. Wunnraum ass knapp zu Lëtzebuerg, an et muss dréngend no liewensfäegen Alternative gesicht ginn.

Och e grousst Thema: d‘Kameraiwwerwaachung. Hei sinn d‘Piraten op Krichsfouss mat der aktueller Politik déi virgëtt, datt duerch Iwwerwaachung alles „sécher“ gëtt. Hei weisen d‘Piraten drop hin, datt eng Kamera keen „Iwwergrëff“ verhënnert, och wann et zur Klärung vun enger Strofdot ka bäidroen. Kameraen am ëffentleche Raum verdrängen de Problem, léisen dësen net.

D‘Verdeedegung vun de perséinleche Fräiheeten ass dann awer och ee vun de fundamentale Grondsätz, deen d‘Piratepartei sech bei der Grënnung ginn hat. Zesumme mat der digitaler Fräiheet, engem onzenséierten a fräi zougänglechen Internet. Zanterhier ass ee gewuess, an eng ganz Rei aner grouss Sujete vun der Lëtzebuerger Politik ginn ugepaakt. Dozou gehéiert och de Logement.

Déi ëffentlech Hand stäerken

Beim Logement gëtt et keng honnert Léisungen, besonnesch dann net, wat de Wunnraum och nach soll bezuelbar bleiwen. Dofir setzen sech Piraten dofir an, en drëtten ëffentleche Pilier op d‘Been ze stellen. Aktuell gëtt et zwee ëffentlech Promoteuren, an alle béid, esou de Sven Clement, hunn hir Grenzen erreecht. Mat engem 3. staatlech geréierte Promoteur, géif een de Spillraum erweideren.

Dat hätt nieft der Tatsaach, datt méi séier neie Wunnraum entstoe kann, och nach de grousse Virdeel datt d‘Risk vu Mëssbrauch reduzéiert gëtt, an ee sech aus administrativer Siicht eraus, e besseren Iwwerbléck verschafe kann. D‘Piraten hunn eng zimlech gutt Virstellung, wéi dëse „Promoteur“ ze schaffen hätt. Hei geet et an éischter Linn drëms Logementer ze schafen, déi net solle Verkaf ginn.

Bei de Wunnengen déi verlount ginn, soll de Locatiounspräis op 10 Euro/M² soll plafonnéiert ginn. De Locataire soll dann iwwert eng Garantie, déi all Mount iwwert de Loyer erhuewe gëtt, zu engem spéideren Zäitpunkt, de Logement kafe kënnen, vu datt d‘Garantie d‘Kapital-Einlag duerstellt. Hei misst natierlech de Verkafspräis am Virfeld bestëmmt ginn, also net evolutiv sinn.

Datt sech nach keng Regierung op dëse Wee getraut huet, gëtt säitens de Pirate bedauert. Domatter hätt een de private Promoteuren a Spekulante vill Fräiraim gebueden, an d‘Resultat kann ee sech haut all Dag virun Ae féieren. Déi „Nonchalance“ gëtt zu engem ëmmer gréissere Problem, an de Sven Clement iergert sech, datt ëmmer méi Lëtzebuerger genéidegt sinn, am Ausland ze wunnen.

Steiergerechtegkeet eescht huelen

E weidere Punkt, deen d‘Pirate mat berechtegten Argumenter verdeedegen: Steiergerechtegkeet. Si wëllen de System esou veränneren, datt et um Enn nëmmen nach eng Steierklass gëtt. Déi soll där entspriechen déi een haut als „Steierklass 2“ kennt. De Wee dohinner wier, esou de Parteipresident, denkbar einfach: et muss een eng Steierreform maachen, an deem een alles op Ufank stellt.

Déi ganz komplexitéit a besonnesch „bosseg Eenzelfäll“ där et der ze vill gëtt, soll ofgeschaaft an duerch e vereinfachte System ersat ginn, dee vun all Mënsch ka novollzu ginn. Da kéint een tatsächlech eppes wéi „Steiergerechtegkeet“ hikréien. Dat ass wuel nach keng Ëmverdeelung vun „uewen no ënnen“, mee schonn emol e gudden Usaz deen déi Richtung goe kann.

A wann ee scho bei de Steieren ass, esou huet de Sven Clement nach e Virschlag parat. Firwat net eng Vignette fir d‘Autoen, déi d‘Autossteier géif ofléisen. D‘Recetten déi iwwert dës Vignette generéiert ginn, sollten zur Finanzéierung vum ëffentlechen Transport agesat ginn. Domatter géif dann och de gratis ëffentlechen Transport gedroe ginn, dee souwisou maximal subventionéiert ass.

Et gesäit een hei, datt d‘Piraten, déi op munche Plazen net wierklech eescht geholl ginn, sech net nëmme Slogane geleescht hunn, mee sech seriéis Gedanken iwwert d‘Entwécklung vum Land gemaach hunn. Si hunn sech och net op professionell Agence verlooss fir hir Campagne ze maachen, mee paken dat selwer un: „Kee Wieler gläicht deem aneren, a mir kenger anerer Partei“.

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, PID, Piraten, Piratepartei, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel