Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!
Neiegkeeten

Ee leschten Äddi am Palais: D’Undeelnam ass immens!

Nodeems um vergaangene Sonndeg de Sarg vum Groussherzog Jean an

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur
Neiegkeeten

De Magazin „ons stad“ gënnt sech eng Frëschzellekur

Virun enger gudder Woch huet déi Stater Buergermeeschtesch de neie

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn
Neiegkeeten

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land

Piratepartei – ee méi wei zefriddene Sven Clement mat groussen Zieler fir eist Land

Si sinn déi grouss Gewënner vun de Chamberwahlen 2018. Zéng Joer no hirer Grënnung kann d’Piratepartei zwee Sëtz am Parlament ergatteren.

De Sven Clement, President vun de Piraten, ass onheemlech glécklech iwwer d’Resultater. Als Partei hunn si sech 5 % vun de Stëmmen erhofft an hunn schlussendlech 6,45 % kritt. De President vun de Mofe war de ganzen Dag schonn hypernervös. Hie selwer seet datt en ouni déi vill Ënnerstëtzung ni sou wäit komm wier. „Ech schëllege ganz ville Leit méi wei ee Béier fir Merci ze soen“, sou de Sven Clement.

Um Owend vun de Wale sinn mir mam Piratepresident nach emol op verschidde Punkte méi genau agaangen.

Et muss méi Transparenz gefuerdert ginn

Als Deputéierten huet een méi Moyen, wei eng ausserparlamentaresch Oppositioun fir als Kraft vun der Zivilgesellschaft méi Transparenz ze schafen. Et wäert wuel ee grousse Challenge gi fir dëst Ziel ëmzesetzen. Hautdesdaags gi vill Dokumenter, wéi beispillsweis Zousatzverdéngschter vun Deputéierten oder an der Landesentwécklungsprogramm, och der Chamber vill ze spéit zougestallt an oppe presentéiert.

Den Dateschutz vun de Bierger garantéieren

Lëtzebuerg brauch net Date vun de Bierger ze späicheren. Eng Vorratsdatespeicherung, wei et an anere Länner gemaach gëtt fir Terroristen ze fänken, gëtt hei am Land just gebraucht fir Drogekrimineller an de Bing ze setzen. Ons Kommunikatiounsdate ginn awer bei all Bierger wärend 6 Méint beim Handyprovider gespäichert, inklusiv der Lokalisatioun wou ee sech befënnt. Dëst ass fir d’Piratepartei ee Skandal.

Si wëlle beweisen, datt Daten och illegal genotzt ginn, an domadder den Dateschutz stäerken. Dofir muss een d’Ministeren hält sou laang nerven, bis se eng Ännerung deposéieren. Op europäescher Instanz ass dëse But awer ganz schwéier machbar. Heivir muss ee schonn iwwert de parlamentaresche Wee goen an sech dru ginn, bis ee Verstouss eraus kënnt.

Eréischt da kann de Virfall gemellt ginn a mat enger Virlag vum europäesche Geriichtshaff dogéint virgoen. D’Vorratsdatespeicherung muss um parlamentaresche Wee sou attackéiert gi bis se ofgeschaaft gëtt.

Piratenpartei

© Laurent Mehlen

Kloer Strategien am Beräich Logement

D’Piratepartei fuerdert nieft dem Fond du Logement an dem SNHBM een drëtte Promoteur Publique, dem säin eenzegt Ziel d’Schafung vu lukrativem Wunnraum ass. Geplangt si Residence mat 6 bis 8 Unitéiten, déi dezentral ënnerbruecht kënne ginn.

Een Appartement huet zuz Lëtzebuerg duerchschnëttlech eng gréisst vun 1,3 Ar. Nom STATEC kascht de Quadratmeter 8205,26 € an der Moyenne an d’Konstruktioun 2500 € de Quadratmeter. Wann een elo Wunnengen iwwert 30 Joer refinanzéiert kann een Wunnraum fir 10 € de Quadratmeter ubidden.

Eng Viraussetzung ass et, datt de Fond de Compensation vun der Pensiounskeess forcéiert gëtt seng Statuten anzehalen, wou drasteet, datt si 5 % vum Kapital mussen an de Logemengt investéieren. Haut ginn déi Suen an de Royal Hamélius gestach, deen och um fräie Maart genuch Kapital kéint fannen. „Bezuelbare Wunnraum brauch all Ënnerstëtzung déi e ka kréien“

All Lëtzebuerger muss virum Gesetz gläich sinn!

Déi mof Partei well d’Walrecht och fir Jugendlecher aféieren. Si gesinn datt Jonker gär progressiv Theme wielen a sech fir d’Zukunft interesséieren. Si mussen aktiv mat plange kënnen.

Donieft soll och onst Auszielsystem reforméiert ginn. Nom däitsche Verfassungsgeriicht ass eise System verfassungswiddereg erkläert ginn, well en d’Gläichheet vun der Stëmm verhënnert. Hei am Land zielt beispillsweis eng Stëmm aus dem Osten manner, wei eng Aus dem Zentrum.

Ee weidert Ziel ass et dann och den Auslänner méi Matbestëmmungsrecht ze ginn a si sou besser ze integréieren. 47 % vun der Bevëlkerung gëtt d’Chance geholl sech ze äusseren. Dowéinst proposéieren d’Piraten eng Chamber fir Auslänner, déi konsultatif u Gesetzesprojeten dierf matschaffen. Eis aktuell Chamber soll d’Initiativrecht behale mee sech d’Avisen awer ukucken.

Duerch d’Zougehéieregkeetsgefill sollen d’Auslänner dozou bruecht ginn, méi schnell Lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen an da mam volle Recht handelen ze kënnen. „Ee Land wou eng Minoritéit de Pass huet halen ech soziologesch fir ganz problematesch“.

An der Schoul soll keen hänke gelooss ginn

Bildung ass ee wichtegt Thema. Der Piratepartei ass et dowéinst wichteg, datt een net am Stach gelooss gëtt well een an engem Fach net gutt ass. Als Beispill nennt de Sven Clement de Fall vun engem Flüchtling, den Gäertner wollt ginn. Hie beherrscht déi franséisch Sprooch mee kann d’Ausbildung net ufänken, well des op Däitsch ass. Esou eppes dierft et hautdesdaags net méi ginn.

Och de BTS als vollwäertege Bachelor ass essentiell. Net nëmmen um Aarbechtsmaart mee och um Bildungsmaart ginn de Studenten esou méi Perspektive gebueden.

D’Piratepartei versprécht dem Land grouss Verännerungen. Datt si hir 32 Punkten um Walprogramm an deene kommende fënnef Joer net all kënne beaarbechten ass am viraus gewosst. Den engagéierte Piratepresident well sech awer esou vill wéi méiglech fir eist Wuel asetzen. Wat schlussendlech geschitt gesi mir an noer Zukunft.

Ähnlech Sujeten Chamber, Chamberwahlen 2018, Marc Goergen, Piraten, Piratepartei, Sven Clement, Wahlprogramm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel