Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

DISCO FOOT – Elo gëtt Fussball gedanzt!
Neiegkeeten

DISCO FOOT – Elo gëtt Fussball gedanzt!

Disco Foot: Alles gëtt méi lëschteg wann een danzt. An

BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!
Neiegkeeten

BASTILLE an der Rockhal – de Laf géint d’Zäit!

Um Freideg Owend huet déi britesch Band Bastille mat hirer

Lëtzebuerger Artisten Center: Ausstellung zu Steesel
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Artisten Center: Ausstellung zu Steesel

D’Gemeng Steesel huet wärend Päischten alt nees eppes fir Konschtfrënn

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro

De Gesetzprojet 7113 mat dem vun der Grondsécherung (RMG) zum Akommes fir déi sozial Inklusioun (REVIS) soll gewiesselt ginn, ass zu Lëtzebuerg ëmstridden. An och d‘Piratepartei gesäit méi Problemer wéi Léisungen. Si gräifen dann och den Avis vum Staatsrot op deen ënnert anerem drop higewisen huet datt:

d’Critèrë fir Decisioune vum FNS net kloer genuch definéiert sinn déi néi Wunnforme wéi Co-Locatioun a Wunngemeinschaften am Text net berécksiichtegt sinn

  • den Haushalt (Communauté domestique) méi kloer misst definéiert sinn
  • d’Alterskonditioun vun iwwer 25 Joer kéint géint d’konstitutionellt Recht op Gläichbehandlung verstoussen
  • An de Pascal Clement, Zentrumskandidat, verwonnert et och net, datt déi héich Kierperschaft ënner anerem d’Fro gestallt huet :

„Firwat am Fall vum ‘accueil par pitié ‘eng Limitt op 12 Méint néideg wier wann d’Konditiounen no 12 Méint nach ëmmer déi selwecht wiere wéi bei der Demande ?“. Hie weist dann och drop hin, datt déi zoustänneg Kommissioun an hiren Amendementer vum 4. Mee 2018:

  • weder d’Critèrë fir d’Co-Locatioun an aner Wunngemeinschafte präziséiert nach den Haushlat méi präzis definéiert,
  • d’Alterskonditioun bei iwer 25 Joer belooss,
  • an d‘Dauer vum ‘accueil par pitié’ bei 12 Méint belooss gi sinn

De Pascal Clement bedauert: „ Domat bléift de Projet de Loi an senger aktueller Form eng Brems fir all Form vun néi a solidaresch Wunnmodeller an d’Limitatioun op 12 Méint zwéngt vulnerabel Mënschen aus engem inklusiven Ëmfeld zeréck op e schwierege Wunnengsmaart an zeréck an d’sozial Isolatioun“.

Mat deem Text, esou wéi en aktuell virgeluecht ginn ass, misst een dann och éischter feststellen, datt de REVIS keen Instrument fir déi sozial Inklusioun ass, mee esou definéiert gouf, datt um Enn déi sozial Exklusioun gefërdert gëtt. D‘Piratepartei hofft elo datt sech de Staatsrot net mat den Amendementer zefridde gëtt, an den Text zréckweist.

Ähnlech Sujeten Pascal Clement, Piratepartei, REVIS, RMG, Staatsrot
Nächsten Artikel Virrechten Artikel