Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vu Brigangen an anere Gesellen
non dating sites

Vu Brigangen an anere Gesellen

D‘Chrëschtdeeg si fir d‘Police keng roueg Zäit, an esou dierften

dating while waiting for twin flame
https://moien.lu/online-dating-that-actually-works/
non dating sites

https://moien.lu/ranked-matchmaking-is-active-on-your-account-via-associated-phone-number-remove-phone/

Nach virun engem Joer war de Martin Schulz als „Retter

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus
non dating sites

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus

De Kanton Réimech ass deen zweetklengste vun der Fläch hier.

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Piratepartei setzt op staark Kandidate fir d‘Chamberswahlen

Et waren, datt muss ee leider festhalen, net der Däiwel vill Piraten op de Kongress zu Bieles komm. Schold dorunner soll och d‘Wieder sinn. Um Livestream konnt et net leien, deen huet nämlech dräi Stonne laang näischt iwwerdroen. Wien net live do war, krut näischt mat.

De Kongress vun de Pirate stoung dann och am Zeeche vun der Erneierung, goufen all d’Poste nei verginn. Et ass eng Erneierung, déi sech an de Kontext vun de Chamberswahlen 2018 areit. An do huet sech dann och un der Spëtzt vun der Partei eppes gedoen. D‘Spëtzekandidaten, déi sech bei de Gemengewahle gutt positionéiert haten, konnten sech och um Kongress ervirdoen.

Béid Conseilleren, de Daniel Fréres (Réimech) an de Marc Goergen (Péiteng) sinn als Vizepresident, respektiv Generalsekretär, um Kongress bestätegt ginn. Hir exzellent Resultater bei de Gemengewahlen haten dann och eng entspriechend Wierkung op déi Delegéiert. Et dierften awer um Enn d‘Konzepter vun de Kandidate gewiescht dinn, déi als kompatibel mat den Uspréch fir d‘Wahlcampagne gesi ginn.

Fair, modern an transparent

D‘Piratepartei steet fir eng oppe Gesellschaft, déi zudeem modern an transparent geleet soll ginn. Dat ass dann och de Message deen d‘Piraten als Message fir de nächsten Oktober un de Bierger wëlle weiderreechen. Zouversiichtlech hunn se sech dann och zu Bieles gewisen, an et geet ee ganz staark dovunner aus, méi wéi ee Kandidat an d‘Chamber eranzekréien.

Nei an der Parteiféierung, den Yvon Dostert, deen de Posten als Tresorier iwwerhëlt. Säit Joren der Partei als Sekretär trei verbonnen, kennt hien sech mat de Sektioune gutt aus a weess wéi eng Besoinen déi ënnerschiddlech Gruppen hunn.

De Kongress ass awer och genotzt ginn, fir e neie Präsidium opzestellen. Dee besteet aus de verschiddene Bezierker. D‘Piratepartei, déi fir ee gemeinsame Wahlbezierk asteet, well dann och schonn 2018 mat dësem Konzept untrieden. Zu de Membere vum Präsidium gehéieren elo d‘Lucie Kunakowa, de Ben Allard an de Starsky Flor (deen och als Conseiller zu Péiteng am Gemengerot sëtzt).

Spëtzekandidaten si bekannt

Et ass ee gutt virukomm um Kongress an esou d‘Geleeënheet genotzt ginn, fir sech dann och de Spëtzekandidate fir d‘Chamberwahlen 2018 unzehuelen. An ausser dem Kandidat fir de Norden, deen nach de Bezierkskongress muss ofwaarden, sinn d‘Nimm bekannt: als nationale Spëtzekandidat bleift opgestallt de Sven Clement, fir de Bezierk Süde gëtt opgestallt de Marc Goergen an am Oste steet den Daniel Fréres fest.

Eng zolidd Equippe, wéi et säitens der Piratepartei heescht, och wann iwwer d‘Lëschte selwer um Kongress näischt ze erfuere war. Mee d‘Kandidaten hunn jo och nach eppes Zäit sech mat de richtege Leit ze ëmginn. Zudeem soll de Wanter genotzt ginn, fir op de verschiddene Kongresser de Wahlprogramm fir d‘Zukunft vum Land mat de Memberen ofzestëmmen.

Basisdemokratesch agéieren ass an der DNA vun der Piratepartei fest verankert. Et wieren deemno d‘Memberen, déi iwwert de Wahlprogramm entscheeden, och wann dësen, wéi et d‘Parteilogik et wëll schlussendlech awer vun der Exekutive virgeluecht gëtt. Zumindest awer huet all Member d‘Méiglechkeet säi Virschlag anzereechen an doriwwer ofstëmmen ze loossen. Iwwert de Programm, esou wéi en da fir d‘Wahle matgeholl gëtt, wäert bei engem Kongress am spéide Fréijoer ofgestëmmt ginn.

Update (15:37): Mir krute matgedeelt, datt de Livestream net fonctionnéiert huet, an hunn dee Passage iwwerschafft. /sw

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Daniel Frères, Marc Goergen, Piratepartei, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel