Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen
orlando speed dating 50+ Neiegkeeten

https://moien.lu/apple-watch-dating-app/

Nom Amoklaf zu Parkland, wou Mëtt Februar 2018 e 19

https://moien.lu/are-cry-and-cheyenne-still-dating/
orlando speed dating 50+ Neiegkeeten

Stol ass de Wierkstoff vu muer

Zu Saarbrécken hunn e Méindeg d‘Vertrieder vu sechs Bundeslänner eng

USA: Drogen am Wäert vun enger Milliard US-Dollar
orlando speed dating 50+ Neiegkeeten

USA: Drogen am Wäert vun enger Milliard US-Dollar

Si hunn net schlecht gestaunt, d‘Agenten déi am Hafe vu

dislike

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Oppen Attacke gi vum Generalsekretär Marc Goergen géint Membere gefouert

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser Ausso huet de Sven Clement, President vun der Piratepartei, missen agräifen, fir Schlëmmeres ze verhënneren. Well wat sech um Kongress gëscht den Owend ofgespillt huet, war en oppe gefouerten, interne Kampf. Dobäi sinn dës Veranstaltungen normalerweis eng perfekt Selbstinzenéierung, de Startschoss fir déi eege Wahlkampfinitiativ.

Et kéint ee mengen, de Kader wier wéinst senger Symbolik gewielt ginn. Et huet een sech an de Rotonde getraff, fir d’Wäiche fir d’Zukunft vum Land kënnen ze stellen. Tatsächlech goung et awer ëm d’Zukunft vun der Partei. De Generalsekretär Marc Goergen huet bei der Virstellung vu senger Lëscht am Süden aner Memberen als “Trollen” bezeechent. Wéi e vu Vertrieder vum eegene Bezierk gefrot ginn ass, wie gemengt wier, gouf op den Andy Maar, viregte Generalsekretär a Kandidat am Norde, verwisen. Dem Andy Maar säi Verhalen um Kongress wier “der Partei net wierdeg”, esou de Marc Goergen.

Et gouf net u Kritik un der séierer Ofstëmmung vu Programm a Kandidate gespuert

Dobäi war et grad den Andy Maar, deen inhaltlech Akzenter wollt setzen. D’Diskussiounen ronderëm eng kloer pro-europäesch, EU-Republikanesch Ausriichtung am Wahlprogramm huet e gréisseren Deel vum Owend ageholl. Genau sou, wéi dem Andy Maar säi Bestoen doropper, datt sech di nei Kandidaten op der Lëscht fir den Norden – alle virun d’PID-Kandidaten – virstelle sollten. Den Andy Maar huet se doropshi “gegrillt”, eng ur-piratesch Traditioun, bei der d’Memberen de Kandidaten kënnen divers Froe stellen. D’PID-Kandidaten hate sech domat net esou schwéier gedoe, wéi verschidde Piraten.

Datt et bei de basisdemokrateschen Elementer gehapert huet, hunn net nëmme Memberen am Uschloss op dem Marc Goergen seng Remarken ugemierkt. Et war och soss ze spieren. Esou hat den Andy Maar ugeprangert, datt de Wahlprogramm am Schnellduerchlaf ofgestëmmt gi waren. Zwar wier Méint laang um 140-Säite-Programm geschafft ginn, mee bei deem vum Joer 2013 hätt ee sech och um Kongress mi laang domat ausernee gesat. Gedéngt huet et näischt, seng kloer pro-europäesch Amendementer goufen an der separater Ofstëmmung ofgeleent, während den Haaptprogramm ugeholl gi war.

Niewent der geographescher Spléckung ass och eng ideologesch spierbar

Och soss war et zu Reiwereie komm. De Vizepresident a Réimecher Gemengerot Daniel Frères huet eng kloer populistesch Richtung ageschloen, wéi e mengt, datt sech vill Leit géife schumme, an engem Geschäft nach Lëtzebuergesch ze schwätzen. Wéi de Ben Allard, Spëtzekandidat vum Norden, zu Wuert komm war, fir seng Lëscht ze presentéieren, huet e gemengt, mir sollten houfreg op eis Méisproochegkeet sinn.

Um Enn haten d’Piraten hier véier voll Lëschten, déi se zesumme mat de Leit vun der PID opgestallt hunn, gestëmmt. Esou wäit war et fir de Sven Clement en Erfolleg. Hien interpretéiert de Wahlkampf als e Wettkampf vun den Iddien, an net vun de Käpp. An datt se et eescht mengen, weist eleng, datt d’Schafung vun enger Piratefraktiounsreegelung. Déi war vum Andy Maar abruecht ginn a war ugeholl ginn. Si soll reegelen, wéi déi zukünfteg Deputéiert vun de Piraten, déi een erhofft, ze kréien, mam Recht vun der Partei zesumme schaffen.

Fotoen: Martine de Lagardière

Disclaimer: Den Auteur vum Text war Vizepresident vun der Piratepartei. Haut huet e keng Parteikaart.

Ähnlech Sujeten Andy Maar, Ben Allard, Chamberwahlen 2018, Lëtzebuerg, Marc Goergen, Piratepartei, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel