Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
International https://moien.lu/mga-dating-musika/

https://moien.lu/songs-to-hook-up-too/

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt
International https://moien.lu/mga-dating-musika/

Chemnitz: Gewalt géint Journalisten ass seelen esou ausgepräagt

Bei den Demonstratiounen zu Chemnitz, déi duerch de Mord un

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet
International https://moien.lu/mga-dating-musika/

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet

Ënnert dem Motto „Sécherheet Liewen“ hat de Grupp CFL, am

Piraterie am persesche Golf

Iranesch Revolutiounsgardiste stoppe briteschen Tanker a London erhéicht den Toun

Piraterie am persesche Golf

D‘Lag am persesche Golf schéngt sech vun Dag zu Dag ze verschlechteren. Zumindest ass dat wat sech aktuell tëscht dem Iran a westlechen Natiounen eng reell Bedreeung fir de Weltfridden. Nach en Donneschdeg huet den US-President bekannt ginn, d‘USA hätten eng iranesch Dron ofgeschoss.

Mee et geet och ëm den Handelswee fir d‘Uelegtanker, an dee féiert duerch d‘Strooss vun Hormuz. Där sollen, laut dem briteschen Ausseminister Jeremy Hunt, der gëschter zwee vun den iranesche Revolutiounsgardiste beschlagnahmt gi sinn. Eent vun de Schëffer, den Tanker „Mesdar“ vun der britescher „Norbulk Shipping UK“, deen ënnert liberianeschem Pavillon segelt, gouf fräiginn.

Dat anert, den Uelegtanker „Stena Impero“, ass ugehalen a beschlagnahmt ginn. Den Tanker hätt géint international maritim Reegele verstouss. Laut der iranescher Noriichtenagence IRNA, huet d‘Stena Impero hiren Transponder ausgeschalt an net op Warnunge reagéiert. Domadder hätt d‘Crew géint déi maritim Virschrëften am Golf verstouss. D‘Garden hunn d‘Schëff du matgeholl.

Elo ass d‘Stena Impero am Hafe vu Bandar Abbas, vu wou aus matgedeelt ginn ass, datt den Tanker Materialien u Bord gelueden huet déi eng Gefor fir d‘Ëmwelt duerstellen. Dat géif elo vun den zoustännegen Autoritéite gepréift heescht et weider. D‘Stena Impero gehéiert der schwedescher Reederei „Stena Bulk“ a segelt ënnert briteschem Pavillon. Wéi gesot d‘Lag ass eppes ugespaant.

D‘Iraner wëllen hiren Tanker zréck

Zu London hunn se fir esou „Aktioune“ wéineg Versteesdemech an et ass dem Ausseminister, deen och gären d‘Nofolleg vum Theresa May iwwerhuele wëll, huet sech zolidd geiergert: „Dës Aktioun ass inakzeptabel. (…) Mir sinn eis kloer, datt zu eeschte Konsequenze kënnt, wann dës Situatioun net zäitno geléist gëtt. (…) Mir kucken no engem diplomatesche Wee“, esou den Jeremy Hunt.

Dat mam diplomatesche Wee kléngt u sech ganz gutt, woubäi hei dierf drun erënnert ginn, datt net méi spéit wéi de 4. Juli d‘Briten – quasi als Geschenk zum US-Nationalfeierdag – den iranesche Supertanker Grace1 zu Gibraltar festgesat hunn. A wann dem Boris Johnson säi Konkurrent sollt geduecht hunn, déi iranesch Regierung géif deem Spillche séileroueg nokucken, denkt hie falsch.

Fir déi 23 Mann Besatzung vun der Stena Impero ass et eng Erfahrung ob déi se hätte verzichte kënnen. Si ginn esou zum Spillball vun engem Konflikt deen, dat muss een ervirhiewe vun den USA wann net gewollt, dann zumindest ausgeléist ginn ass. Den Donald Trump wëll am Iran ee Regimewiessel erbäiféieren an bereet sech ob all Eventualitéite vir. An hien ass am Wahlkampf.

mat indymedia/tlv/lon

Foto: © Stena Bulk (Handout)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Grace1, Iran, Jeremy Hunt, Mesdar, persesche Golf, Stena Impero, Strooss vun Hormuz, Uelegtanker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel