Search

You may also like

Vereedegung vum Geometer Sascha Seresse
Neiegkeeten

Vereedegung vum Geometer Sascha Seresse

Um 25. Abrëll 2019 huet de Sascha Seresse säin Eed

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!
Neiegkeeten

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!

Esou lues gëtt et nees méi kal an däischter dobaussen.

Ungarn zitt e Schlussstréch ënnert d‘Pressefräiheet
Neiegkeeten

Ungarn zitt e Schlussstréch ënnert d‘Pressefräiheet

Mam erzwongenen Zesummeschloss vun der ungarescher Press, déi sech géintiwwer

Plainte vum SNPGL: Un d’Aarbechts- a Rouzäite vun der Police gëtt sech net gehalen

Plainte vum SNPGL: Un d’Aarbechts- a Rouzäite vun der Police gëtt sech net gehalen

Eigentlech sinn d’Aarbechts- a Rouzäiten, sou wéi d’Iwwerstonne vun der Police jo gesetzlech gereegelt. No enger Kontroll vun 2 Entitéiten huet d’Police-Gewerkschaft SNPGL awer bemierkt, datt ee sech weder un d’Gesetz, nach un den Accord hält. Wärend den delegéierte Minister fir bannenzeg Sécherheet op der Plaz einfach d’Aen virun de Problemer verschloss huet, wollten déi Responsabel d’Verstéiss erklären.

Am Artikel 9 vum gemeinsamen Accord ass virgesinn, datt Visitte bei der Police duerchgefouert ginn. Ma, nodeems den Accord am leschte Joer ënnerschriwwe ginn ass, hunn d’Membere vun der Kontrollkommissioun sech un d’Wierk gemaach a sinn aus dem Staunen net méi erauskomm – leider an enger negativer Aart a Weis.

Mat op der Plaz war de Minister Henri Kox, de Grupp Gare vum C3R Luxembourg an Service vun der Kriminalpolice. Un d’Aarbechts- a Rouzäite gouf sech net gehalen. Ma, de Minister huet net investigéiert a sech och net ëm den Tableau, deen den Historique vun der Aarbechtszäit iwwerhëlt, geschäert.

Dobäi kënnt, datt och net no der Feelerquell gefrot ginn ass. Op d’Fro, wisou vu Juli bis Oktober 2019 déi falsch Tableaue kommunizéiert goufe wousst keen ze äntweren.

Wéinstens een huet bei der Visitt agegraff: Den SNPGL huet, duerch d’Verstéiss, eng Plainte agereecht. Immens erstaunt war een, datt déi Responsabel oppen zouginn hunn, datt een wéinst Mangel u Personal huet misse géint den Accord verstoussen. Fir de Verwaltungschef, deen nom Respekt vum Gesetz kuckt, ass dëst Verhalen onbegräiflech.

Related topics Aarbechtszäitreegelung, Accord, Gesetz, Henri Kox, Iwwerstonnen, Personalmangel, Plainte, Police, Police-Gewerkschaft, Rouzäiten, SNPGL
Next post Previous post