Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt
Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger
Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger
Weltwäit fäerte Famillen elo ëm hir Existenz, hiert Akommes an
http://www.autocross-em.de/Fir d‘Piloten an d‘Fangemeinschaft vum Autocross, ass d‘Europameeschterschaft am Autocross
Et geet dem Planéit wierklech net gutt an déi Pandemie déi eis grad gehéierlech op de Sak geet, ass wuel och just e Virspill op dat wat eis dreet, wa mir esou weider maachen. De Mënsch awer lieft weider an den Dag eran, an ass erkennbar mat allem iwwerfuerdert wat him den Ament zougedroe gëtt. A wärend d‘Welt sech op de Prinzip Hoffnung a Form vun engem Impfstoff konzentréiert, beroden sech Mënschen déi d‘Zukunft schonn hannert sech hunn, iwwert d‘Zukunft vun de Jonken.
De „One Planet Summit“ vu Paräis beweist nees androcksvoll wéi verlugen d‘Politik an hir Experte sinn. Esou huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel – déi dëst Joer an d‘Pensioun geet – bei dësem Event groussspuereg ugekënnegt, datt Däitschland d‘Biodiversitéit maximal schütze wëll. Blöd ass et wann dann drop higewise muss ginn, datt Däitschland wéi se d‘EU-Presidence (leschte Semester 2020) hat, eng Agrarreform ausgehandelt huet, déi de Schutz vun der Biodiversitéit verhënnert.
Et ass generell esou, datt déi Mënschen déi bis 2030 no um Enn vun hirer Liewenserwaardung wäerten ukomm sinn (bis dohinner jiddefalls zimmlech sécher net méi d‘Politik bestëmme kënnen), sech Umoossen d‘Zukunft vun deene Generatioune bestëmmen, deenen si aktuell all Matsprooch verbidden. Net een eenzegt Verspriechen – ausser dat wat se de Konzerner ginn hunn – hunn déi verantwortlech Politiker am Kontext vum Kyoto/Paräisser Accord hunn se agehalen.
Wier et eescht gemengt, datt een elo direkt an ouni weider Verzögerung géint de Klimawandel soll virgoen, misst sech derzou duerchgeronge ginn, kengen „ale Leit“ méi d‘Verantwortung ze ginn, a méi jonke Mënschen de Pouvoir zougestoen, d‘Zukunft vun dësem béis a Matleedschaft gezunne Planéit ze bestëmmen. Sécher wäerten och déi Feeler maachen a laang brauchen de richtege well noutwennege Konsens ze fannen. Et wier awer ëmmer besser wéi dat wat den Ament gebuede gëtt.
Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash