Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doudesstrof a Florida no 18 Méint Paus nees ausgefouert
dating at 35 years old Neiegkeeten https://moien.lu/dating-tmnt/

https://moien.lu/just-potchefstroom-dating/

Um Donneschdeg ass a Florida nees e Mënsch exekutéiert ginn.

golfer dating app
dating at 35 years old Neiegkeeten https://moien.lu/dating-tmnt/

De Chômage zu Lëtzebuerg geet zréck

De Wuesstem aus wirtschaftlecher Siicht dréit, wann ee sech d’Zuele

Antisemitismus: Lëtzebuerg gëtt net verschount
dating at 35 years old Neiegkeeten https://moien.lu/dating-tmnt/

Antisemitismus: Lëtzebuerg gëtt net verschount

Wéi a villen anere Länner och, muss een zu Lëtzebuerg

surprise

Bréissel verréit säi Plang fir déi digital Rise besser ze besteieren

Bréissel verréit säi Plang fir déi digital Rise besser ze besteieren

Um haidege Mëttwoch soll d‘EU-Kommissioun, op Drock vu Paräis, d‘Propose maachen, déi digital Risen, wéi Facebook oder Google besser ze besteieren. Dat grad zu engem Ament, wou d‘Stëmmung tëscht der EU an den USA, wéinst engem Handelskrich, net déi bescht ass.

„Et ass net méi zoulässeg, datt dës Entreprisen – egal wéi enger Nationalitéit – nëmmen eng lächerlech Gewerbesteier an Europa bezuelen“, betounen an enger gemeinsamer Kolumne an der Liberation, de franséische Wirtschaftsminister, Bruno Le Maire, an den EU-Kommissär fir Wirtschaft, Pierre Moscovici.

D‘Besteierung vun den digitale Risen, déi zu Bréissel allgemeng als GAFA (Google, Apple, Facebook, Amazon) steet dann och en Donneschdeg um Menü vum EU-Sommet. Et ass en Dossier dee Prioritéit huet, an et wier eng symbolesch Victoire, wann nach virun den Europawahle Mesure géifen ergraff ginn, fir d‘GAFA ze besteieren.

An enger éischter Phas, esou déi bevirzucht Léisung vun der europäescher Exekutive, sollen déi betraffen Entreprisë mat 3% op d‘Akommes (an net de Profit, wéi et üblech ass) besteiert ginn. E Gedanken deen esou och schonn am Wahlprogramm vum Emmanuel Macron gestanen huet. Hien huet jo versprach, d‘GAFA op der Grondlag vum Ëmsaz ze besteieren.

Vun der Besteierung betraff wieren awer nëmmen déi Konzerner an Entreprisen, där hiren Ëmsaz sech weltwäit op iwwer 750 Milliounen Euro beleeft, an deenen hiert Akommes an der EU méi wei 10 Milliounen ausmécht. Dat soll och de klengen europäesche Start-Ups eng Chance ginn, sech géint déi grouss US-Firmen ze behaapten.

Net jidderee gläichermoosse betraff

Am Viséier vun der EU-Kommissioun: d‘Einname vu de Reklammen, déi unhand den Donnéeë vun de Notzer (Modell Facebook) geziilt agesat ginn. Mee och do wou Geld verdéngt gëtt, well een de Notzer mat engem Service (z.Bsp. Airbnb oder Uber) verbënnt, solle Steieren ufalen.

Deem entgéintgesat, sinn déi Entreprisen, deenen hire Wirtschaftsmodell op Abonnementer berout, esou wéi Netflix, net vun der Mesure betraff. Och net betraff si Firmen, déi hiert Geld mam elektroneschen Handel verdéngen, wéi beispillsweis Amazon.

Wann ee sech dann den Detail ukuckt, gesäit een, datt tëscht 120 an 150 Entreprise vun dëser Steier kéinte betraff sinn. Gutt d‘Hallschent dovunner sinn amerikanesch Firmen, en Drëttel sinn europäesch an de Rescht sinn asiatesch Entreprisen, wouvunner de Gros aus China kommen. D‘EU-Kommissioun ass dann och optimistesch, an tabléiert op e Steierakommes vu 5 Milliarden Euro.

An engem Gespréich, dat de Pierre Moscovici mat der AFP e Méindeg gefouert hat, huet den EU-Kommissär grousse Wäert drop geluecht ze betounen: „et handelt sech bei dëser Mesure op kee Fall, ëm eng Anti-amerikanesch Mesure!“.

Hei muss een dann drop hiweisen, datt leschte Freideg, nach iert Bréissel e Piipcheswiertchen zum Projet geäussert hätt, den US-Finanzminister Steven Mnuchin d‘Europäer däitlech gewarnt huet: „D‘USA opposéiere sech géint all Propose, aus egal wéi engem Land, déi dorops erauslafen, déi digital Entreprisë mat enger spezieller Steier ze belaaschten“.

Et brauch eng europäesch Norm

Gesäit een emol vun enger geziilter Steier op den Ëmsaz of, esou soll de Pierre Moscovici haut och nach eng méi „strukturell Approche“ virschloen. Déi soll dës kuerzfristeg „Mesure“ ofléisen. Heibäi geet et drëms eng europäesch Norm anzeféieren, déi d‘digital Präsenz vun den Entreprisen definéiert, fir se besser besteieren ze kënnen.

Dofir goufen dräi Kritäre festgeluecht: d‘Akommes, d‘Zuel vun de Notzer an d‘Verträg mat anere Firmen. A wéi gewinnt geet et enger ganzer Rei Länner net séier genuch. Dat sinn allerdéngs och d‘Memberlänner vum G20: Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Spuenien. Si setzen sech entspriechend fir eng europäesch Léisung an, a wëllen der Welt esou e Beispill sinn.

Op et allerdéngs duer geet fir déi kleng europäesch Länner ze iwwerzeegen – beispillsweis Irland, Holland oder Lëtzebuerg – déi fir hir pragmatesch Handhabung vun der Fiskalitéit bekannt sinn, dierf ee bezweiwelen. An dat kéint de gréissere Problem fir d‘Mesure duerstellen. An der EU brauch et fir eng Steierreform Eestëmmegkeet.

Irland, deenen et gelongen ass den europäesche Sëtz vu Facebook unzezéien, wat der besonnesch gënschteger Besteierung zouzeschreiwen ass; mee och Lëtzebuerg, wou sech Amazon néiergelooss huet, plaidéiere vir eng international Léisung, déi vun der OECD koordinéiert soll ginn. Domatter dierft ersiichtlech sinn, wéi et an dësem Dossier weidergeet.

mam Céline Le Prioux/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Facebook, Google, Pierre Moscovici, Steieren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel