Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?
Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch gutt genuch fir dës 18 Froe richteg ze beäntweren?

Wéi all Freiden presentéiere mer och dës Kéier eisen neien

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz
Neiegkeeten

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz

Gëschter war de Gremium vun der europäescher Vollekspartei (EPP) zesummekomm,

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019
Neiegkeeten

Theaterschoul Lëtzebuerg – Stagen a Formatiounen 2019

Och an dësem Joer proposéiert d’Theaterschoul an der Stad Lëtzebuerg

E Verbuet vu Plastiksverpackungen a Mikroplastik ass fir d’Carole Dieschbourg keen Tabu

D'Ministesch fënnt um Europarot vun den Ëmweltministere kloer Wierder

E Verbuet vu Plastiksverpackungen a Mikroplastik ass fir d’Carole Dieschbourg keen Tabu

Mat Verpackungen aus Plastik gëtt eis Ëmweltministesch, d’Carole Dieschbourg (déi gréng), net waarm. Datt esou vill op Plastik gesat géif ginn, wier laut der Ministesch der Liichtegkeet geschëlt. Mee d’Konsequenze fir d’Ëmwelt wieren negativ, egal op een d’Klima, d’Ozeaner oder d’mënschlech Gesondheet kuckt. “Mir mussen alles maachen, fir datt de Plastik bei de Verpackungen, deen nëmmen eng Kéier benotzt gëtt, a Produiten, déi Mikroplastik enthalen, vum Marché verschwannen, an dat op déi schnellste Weis, eventuell och duerch e Verbuet”, esou d’Carole Dieschbourg. Si hat um Rot vun den Ëmweltministeren gëschter zu Bréissel hir Positioune duergeluecht.

Et ass bei wäitem net déi éischte Kéier datt d’Ëmweltministesch de Plastik esou an d’Viséier hëlt. Ugangs Februar hat d’Carole Dieschbourg sech an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro géint “ofbaubar” Plastiksfläschen ausgeschwat, well déi méi zum Problem géife bäidroen, anstatt en ze léisen. Am Joer verbrenne mer zu Lëtzebuerg insgesamt 177.000 Tonne Plastiksfläschen. De Mikroplastik ass zënter Joren an der Kritik: E kann an d’Mier an domat am Fësch landen, woumat en an eis Ernierungskette kënnt.

D’Propositiounen bei den CO2-Emissiounen ginn der Ministerin net wäit genuch

De Plastik war awer bei wäitem net den eenzegen Thema, deen um Rot an de Mëttelpunkt geréckelt ginn ass. D’Propositioun zur Reglementéierung vun den CO2 Emissiounen vun neien Autoen ginn der Ministesch net wäit genuch. “D’Propositioune vun der EU-Kommissioun […] féieren net zu enger industrieller Transformatioun vum Automobilsecteur. Mir brauche méi bannent Emissiounsstandarden beim CO2 a mi ambitiéiser fir 2025 an 2030 […]”, ënnersträicht d’Carole Dieschbourg.

Och beim Handel mat Elfenbein huet d’Ministesch eng kloer Meenung. Op nationalem Niveau huet ee schonn e Gesetzesprojet um Wee, fir den Handel mat dësem Réistoff ze ënnerbannen. “E Verbuet vum Elfenbeinhandel ass eng effikass a grondleeënd Méiglechkeet fir d’Liewe vun majestéiteschen a menacéierten Déieren ze retten”, esou déi gréng Politikerin.

 

 

Nächsten Artikel Virrechten Artikel