Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Faillite am Bausecteur zwéngt 25 Leit op d‘Sich no enger neier Schaff
Fail International Neiegkeeten

Faillite am Bausecteur zwéngt 25 Leit op d‘Sich no enger neier Schaff

Wéi et d‘Gewerkschaften OGBL an LCGB um Donneschdeg matgedeelt hunn,

Brasilien: Faschistesch Bildungspolitik mat Niewewierkungen
Fail International Neiegkeeten

Brasilien: Faschistesch Bildungspolitik mat Niewewierkungen

D‘Bildungspolitik vum rietse brasilianesche President Jair Bolsonaro stéisst bei senge

money
Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz
Fail International Neiegkeeten

Frankräich fuerdert Reform vum Entsendegesetz

Um Donneschdeg huet déi polnesch Premierministesch Beata Szydlo bestätegt, datt

dislike

Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht

„Verde Island“ Passage bei de Philippinnen extreemst belaascht

Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht

Wéi d‘Equipp vu Greenpeace Südostasien-Philippinnen et déi lescht Woch matgedeelt huet, ass d‘Situatioun am Gebitt vun der Verde Island Passage – dat als ee vun de produktiivsten Ekosystemer op der Welt bezeechent gëtt – an engem bedauerlechen Zoustand. Alarméierend Biller vu Greenpeace, déi mat hirem Schëff „Rainbow Warrior“ op der Plaz sinn, loosse keen Zweiwel zou.

Si sinn an dësem Gebitt ënnerwee, fir d’Plastikkris ze ënnersichen an ze dokumentéieren. Bei enger Ënnerwaasserfuerschung déi sech iwwer dräi Deeg gezunn huet, si Verpakunge fotograféiert ginn, vun deenen der eng Rei siichtbar Unzeeche gewisen, datt si sech scho länger Zäit nieft de Korallen opgehalen hunn. Zu de Eewee-Konschtstoffer déi esou fonnt goufen, zielen esou renomméiert wéi bekannt Marken: Nestlé, Unilever, Colgate Palmolive, a lokaler (Zagu Milktea oder Nutri-Asia).

D‘Verde Island Passage, déi och als „Zentrum vum Zentrum“ vun der globaler maritimer Biodiversitéit bezeechent gëtt, huet eng vun de gréisste Konzentratiounen u Mieresbewunner op der Welt. Säi Standuert: d‘Provënz Bangas. Et gëllt als een vun de kriteschste Gebidder am Kontext vun der Biodiversitéit vun eiser Welt. Hei steet entspriechend vill um Spill.

 

Plastik

Plastiksemballage verseuchen den maritimen Ekosystem vun der Verde Island Passage, déi an der philippinnescher Provënz Batangas geleeën ass. © Boogs Rosales/Greenpace

Fir d‘Abigail Aguilar, Campaignerin fir Greenpeace Südostasien-Philippinnen, steet fest: „Dat ass ee klore Beweis dofir, wéi onverantwortlech produzéiert Eewee-Konschtstoffer vu séierliewege Konsumgidderproduzenten (FMCG) on onberéiert Natur bedreeën. Wa grouss Entreprise wéi Nestlé an Unilever net op eis Fuerderungen – d‘Reduzéierung vun der Konschtstoffproduktioun – reagéieren, wäerten esou Paradäiser wéi d‘Verde Island Passage onweigerlech zerstéiert ginn“.

Mat de Fotoe gëtt dem Bericht „Global Alliance for Incinerator Alternatives“ (GAIA) Rechnung gedroen. Aus dësem geet ervir, datt Nestlé an Unilever fir 25% vum produzéierten Eewee-Plastik verantwortlech sinn, deen déi aktuell Kris op de Philippinnen verursaacht huet. D‘Date vum Bericht erginn, datt 163 Millioune Liewensmëttelemballagen d‘Archipel staark belaaschten. Greenpeace fuerdert vun den Entreprise couragéiert Moossnamen ze ergräifen, an hire Bäitrag ze leeschten.

Foto: E Kriibs, gefaangen an engem „Zagu Milktea“ Becher an der Verde Island Passage. Esou kann et net weider goen, oder? © Noel Guevara/Greenpeace

Ähnlech Sujeten Ekosystem Mier, Greenpeace, Nestlé, Philippinnen, Platik, Unilever, Verde Island Passage
Nächsten Artikel Virrechten Artikel