Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer
Neiegkeeten

Memorial Day zu Hamm – Gedenken un déi amerikanesch Affer

De Staats- a Prmeierminister Xavier Bettel huet um vergaangene Samschdeg

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!
Neiegkeeten

What the Fakt – Do war se bemol, d’Ouschterinsel!

Et ass schonn eng Zäitchen hir, fir genau ze sinn

Piraten-Partei: Groussen Engagement géint den Artikel 13
Neiegkeeten

Piraten-Partei: Groussen Engagement géint den Artikel 13

D’Partei vun de Pirate bedaueren zu déifst, datt d’EU-Deputéiert an

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!

Et ass net dat se net wéilten, si trauen sech just net

Plastikstuten: Den hallefhäerzege Schratt vun der Regierung!

Dräi Deeg viru Sylvester léisst den Ëmweltministère via den Informatiounsdéngscht vum Staat (SIP) matdeelen, datt ab dem 31. Dezember 2018, keng „eenzeg“ Plastikstut fir den eemolege Gebrauch, a mat enger Déckt vun ›15 Mikron, an de Geschäfter dierf gratis zur Verfügung gestallt ginn.

Fir déi „ganz liicht Plastikstuten“ also dees Geschir datt méi dënn wéi 15 Mikron ass, gëllt dëse Verbuet net wann: si zu hygieneschen Zwecker, oder als primär Verpackung fir lasse Liewensmëttel genotzt ginn, an/oder derzou bäidroen, datt der Liewensmëttelverschwendung virgebeugt gëtt (agepaakten an/oder vakuumiséiert Wueren, etc…).

Dës Moossnam schreift an d‘Politik vun der Regierung an, déi zum Zweck huet de Gebrauch vu Plastikstuten zum eemolege Gebrauch, ze reduzéieren. D‘Objektiv vun der Mesure soll sinn, de Konsument ze incitéieren op Akafstuten zréckzegräifen, déi ee méi oft benotze kann. Esou soll eis Ëmwelt, eis Gewässer an de Klima geschützt ginn.

Plastikstuten

© sip/MEV

Weider Moossname leien am Tirang

Et ass zudeem ugekënnegt ginn, datt et zu weider Moossname während dëser Legislaturperiod komme wäert. Fir de Fall datt sech net un dës Obligatioun gehale gëtt, kann et zu enger administrativer Amende kommen. Déi gëtt der Persoun operluecht, déi fir den Emballage verantwortlech ass. D‘Dispositioune vum sinn am Gesetz vum 12. Mäerz 2017 nozeliesen.

Den Ëmweltministère huet dann och ee puer gutt Rotschléi parat, wéi ee sollt akafen: 1) Maacht är Akeef méiglechst ouni eng Plastikstut oder soss zousätzlech Verpackung ze notzen; 2) Wann dir eng Tut oder e Sak braucht, denkt drun e Kuerf ze benotzen, deen ee méi oft benotze Kann; 3) Wann eng Plastikstut zum eemolege Gebrauch muss genotzt ginn, verséchert iech dat dëse recycléiert gëtt.

Plastikstuten

© sip/MEV

Eng Randbemierkung

Amplaz e kloert an däitlecht Signal ze setzen – esou wéi dat dës Woch de Kongress vu Neikaledonien gemaach huet – a generell all Zort vu Plastik ze verbidden, datt fir den eemolege Gebrauch bestëmmt ass, huet eis Regierung mat dësem Gesetz beschtefalls eng gutt Absicht erkenne gelooss. Sech awer am Eescht mat der Plastiksindustrie unzeleeën, gëtt net beabsichtegt.

Et dierf een dës hallefhäerzeg Entscheedung zudeem als „zimlech“ ondemokratesch bezeechnen, déi zudeem op e neits als éischt déi Menage betrëfft, déi mat „wéineg“ mussen eens ginn. Méi däitlech: „wien eng gutt Pai huet oder net op de Goss muss uecht doen, deem kann et séier wéineg ausmaache fir d‘Plastikstut bei all Akaf matzebezuelen“.

Aus dësem Grond, a well jidderee sollt gläich behandelt ginn, hätt d‘Regierung hei missen däitlech sinn: „Alles wat zum eemolege Gebrauch virgesinn ass, vun der Tut iwwert d‘Geschir bis zum Stréihallem, huet net seng Plaz an eiser Gesellschaft!“. Ergo, et muss alles verbuede ginn, vun deem Gewosst ass, datt et der Ëmwelt schued. Da wier et egal op e räich oder aarm ass…

Foto: Op der Tut steet, fir jidderee verständlech deen englesch kann: „Vergiess mech“. Déi dierf den Handel net méi dem Client gratis zur Verfügung stellen. Wann ee sech et also leeschte kann, dierf een och weider säi Beitrag zur Ëmweltverschmotzung leeschten. © sip/MEV

Ähnlech Sujeten Ëmweltministère, Offallgesetz, Plastikstuten, Regierung, Verpackung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel