Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op
International Neiegkeeten

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op

No enger duerch Parasitten organiséiert „Zwangspaus“ mécht d‘Cinemathéik vun der

Spuenien: De Prozess géint katalanesch Separatisten ass ofgeschloss
International Neiegkeeten

Spuenien: De Prozess géint katalanesch Separatisten ass ofgeschloss

Véier Méint laang hat sech den historesche Prozess géint déi

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil
International Neiegkeeten

D’Aarbechtslosenzuelen an Europa bleiwen am Dezember stabil

Am Verglach zum November 2017 huet sech am Dezember wéineg

D’Plattform MyGuichet iwwerzeegt am internationale Concours!

D’Plattform MyGuichet iwwerzeegt am internationale Concours!

D’Plattform MyGuichet ass um vergaangenen Dënschdeg zu Bukarest a Rumänien bei der Konferenz „Sharing & Reuse Conference 2019“, déi vun der europäescher Kommissioun organiséiert ginn ass, ausgezeechent ginn. Lëtzebuerg huet an der Kategorie „Most innovative shared IT services“ den 3. Präis dierfe mat Heem huelen.

De Jury vum Concours huet esou déi jorelaang Beméiunge vum Grand-Duché geéiert, fir de sougenannten „Once Only Principle“ (OOP) duerchzesetzen. Heibäi geet et virun allem dorëm, datt Entreprisen a Bierger bei administrative Virgäng ëmmer erëm déi selwecht Informatiounen an/oder Donnéeën zu engem bestëmmten Thema musse ginn. Déi administrativ Virgäng sollen duerch den OOP méi effizient, schnell an einfach fir den Notzer ginn.

MyGuichet

Den Zentrum fir Informatiounstechnologië vum Staat (CTIE) stellt d’Plattform MyGuichet säit méi wéi 5 Joer zur Verfügung. Am Eeklang mat der Legislatioun zum Schutz vun de perséinlechen Donnéeën, ginn esou d’Informatioune beispillsweis an de Registeren oder Daten-Base méi oft genotzt, sou datt Online-Formulairë schonn am viraus zum Groussdeel ausgefëllt sinn.

Genau dës Léisung konnt sech als OOP Modul (OOP building block) qualifizéieren, wouduerch MyGuichet als innovative Service am Kader vum Concours „Sharing & Reuse Awards“ iwwerzeege konnt.

Zu hirer Decisioun ass de Jury ënnert anerem motivéiert ginn, wëll den OOP Modul vun der Plattform MyGuichet schonn an engem Drëttel vun den 250 Demarchen direkt oder indirekt vu méi wéi 120 Organismen zu Lëtzebuerg genotzt gëtt. Dësen innovative Service kann de Grand-Duché nees ganz no vir am OOP-Beräich a ganz Europa bréngen.

 Opmaacherfoto: guichet.public.lu

Ähnlech Sujeten Concours, Europäesch Kommissioun, Most innovative shared IT services, myguichet.lu, Once Only Principle, Sharing & Reuse Conference 2019
Nächsten Artikel Virrechten Artikel