Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ILR: Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum
Neiegkeeten

ILR: Lëtzebuerg produzéiert méi grénge Stroum

Den Institut Luxembourgeois de Régulation (ILR) bemierkt a sengem Rapport

Paleo – mat saisonalen a regionale Liewensmëttel duerch den Alldag
Neiegkeeten

Paleo – mat saisonalen a regionale Liewensmëttel duerch den Alldag

Virun net all ze laanger Zäit huet d’Nathalie Meier-Hottua säi

Zenter fir erweidert Fleeg an der Luxexpo – weidert Bildmaterial
Neiegkeeten

Zenter fir erweidert Fleeg an der Luxexpo – weidert Bildmaterial

Zënter dem 23. Mäerz 2020 huet an der Luxexpo den

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer

Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ass gëschter déi konstituéierend Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer organiséiert ginn. Bestoend aus 19 Memberen (15 Baueren, 3 Wënzer, 1 Gäertner) huet dat souveränt Organ vun der Landwirtschaftskummer mat enger grousser Majoritéit hire Virstand gewielt.

President ass ab elo de Guy Feyder. Zum Vize-President ass de Paul Funck gewielt ginn, Assessoren sinn de Marc Fisch an den Nico Kaff. Als kooperéierende Member ass de Louis Bonen ernannt ginn.

© MA

De Virstand vun der Landwirtschaftskummer representéiert d’Administratioun- an Exekutivorgan vun der Landwirtschaftskummer. Dës erfëllt nees eng wichteg berodend Funktioun am legislative Beräich, sou wéi an der Beruffsausbildung an der Weiderbildung. Fir de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung stellen si de wichtegste Partner duer, sou de Romain Schneider.

Des Weidere betount de Minister, datt eng modern Landwirtschaft, gestëtzt op den dräi Saile vun der wirtschaftlecher, ekologescher a sozialer Nohaltegkeet just am Dialog mat alle wichtegen Acteuren ëmzesetzen ass.

Ähnlech Sujeten Landwirtschaft, Landwirtschaftskummer, Plenarversammlung, Romain Schneider, Wäibau, Wäibau a ländlech Entwécklung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel