Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!
International Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)
International Kultur Neiegkeeten

Doudesfabrik Auschwitz – D’Häll mat eegenen Ae gesinn (Deel 3)

De gréisste Kierfescht: Enn Februar 2019 hunn zwou Frëndinnen an

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll
International Kultur Neiegkeeten

Feier a Paräisser Notre-Dame Kathedral ënner Kontroll

Nom Feier an engem vun de bekanntste reliéise Gebaier op

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!

Déi 10. Editioun vum internationale verbale Concours

Poetry Slam de Lux’ 10: Frësch a jonk Poesie un zwee Owender!

Scho fir eng 10. Kéier kënnt de Poetry Slam de Lux’ zeréck op Lëtzebuerg a setzt esou den November ganz an d’Zeeche vum frësche poetesche Gebrauch vun Texter. Mat enger Soirée an de Rotondes zu Lëtzebuerg an dem Brandbau zu Wolz gëtt den textleche Battle an all senge Facetten zelebréiert.

D’Bühnebild ass simpel, d’Liichtverhältnisser ganz schnuckeleG. Fir datt d’Slamer d’Gäscht vun hire Wierker begeeschtere braucht et nu emol net vill. Et geet schliisslech ëm d’Wierder, de Flow an deenen se geschwat ginn an hire Message, woubäi och kleng Pausen hir Wierkung weisen. Wëll ee sech dat net entgoe loossen, da sollt ee sech den 8. an 9. November 2019 onbedéngt fräi halen.

Poetry Slam de Lux' 10

Eng international Begéinung

Och bei dëser Editioun huet den Institut Pierre Werner, a Kollaboratioun mat de Rotondes, der Kooperatioun Wolz an dem Géisskan Kollektiv nees een räichhaltegen an internationale Grupp aus Slamer zesumme gestallt. Esou kréien ënnert anerem d’Meral Ziegler aus Däitschland, de Jérôme Pinel aus Frankräich oder och den Markus Koschuh aus Éisträich Plaz gebueden, fir sech ze beweisen.

Mat kloren Iddien, der passender Stëmm a pakenden Texter wäerten och 3 lokal Heldinnen op der Bühn stoen: D’Fabienne Gorges, d’Sara Andjelkovic an d’Gina Arvai wäerten zesumme mam verbale Matador Philippe Schockweiler hir perséinlech Poesie virdroen. Ofschléissend wäert ee Jury entscheeden, u wien dës Kéier den Titel vum beschte Slamer geet.

Zu de poeteschen Artisten

D’Meral Ziegler (DE) ass Slam Poetin an Auteurin. Säit 2009 ass hatt op der ganzer däitschsproocheger Spoken Word Bühnen aktiv an huet eréischt viru wéinege Joer am Oetinger34 Verlag säi Jugendbuch Feier dich! Verëffentlecht. No weidere Verëffentlechungen am Satyr Verlag huet dës Artistin 2017 de Fërderpräis Junge Kunst zu Konstanz am Beräich Literatur iwwerreecht kritt. Am Juni 2019 huet d’Meral weider Texter bei Satyr mat der Ëffentlechkeet gedeelt.
Als Member vum feministesche Veräi SLAM ALPHAS, sou wéi der Redaktioun vum Magasinn bühnen.texte ass dës jonk Damm immens engagéiert. Momentan lieft hatt zu Düsseldorf a studéiert Konschtvermëttlung a Kulturmanagement.

Poetry Slam de Lux' 10

D’Meral Ziegler © Jakob Kielgaß

De Jérôme Pinel (FR) ass Auteur an Interpret. Sief et ee musikalesche Projet, oder och eng poetesch a capella Performance, hie verwandelt all Text an een klanglecht Erliefnis, dat besonnesch duerch déi narrativ Erzielweis erausstécht.

Poetry Slam de Lux' 10

De Jérôme Pinel

Als zweefachen éisträichesche Meeschter (2010 an 2011) a Vize-Europameeschter aus dem Joer 2010 begeeschtert de Markus Koschuh (AT) säi Publikum. Am Joer 2012 huet hie sech mat sengem Programm Agrargemein erfollegräich dem Cabaret higinn. Niewebäi huet de Markus, zesumme mam Stefan Abermann, dem Martin Fritz an dem Robert Prosser d’Liesbühn Text ohne Reiter gegrënnt. Zënter 2009 schreift hien de Joresréckblécks-Programm, huet 2012 am Haymon Verlaf eng Selectioun vu senge Poetry-Slam-Texter erausginn an hat immens amüsant Optrëtter a klenge Bars, Zentren, wéi och am Operenhaus zu Hannover.

Poetry Slam de Lux' 10

De Markus Koschuh © Dave Bullock

De REQ (BE) huet als Rapper a Slamer eng immens poetesch Fieder. Am leschte Joer huet de belschen Artist de Publikumspräis am nationale Championnat, wéi och de Publikumspräis am europäesche Championnat zu Budapest gewonnen. Bei sengen Texter thematiséiert hien dobäi d’Kämpf, déi hien ënnerstëtzt a verdeedegt: Antifaschismus, Feminismus, Antikapitalismus, Dekolonialismus. De REQ (vun Remise En Question) ass niewebäi Member vun der Hip Hop Grupp Marbre.

Poetry Slam de Lux' 10

De REQ (Foto: Youtube)

De Géisskan Kollektiv (LU) setzt sech fir de Lëtzebuerger Slam, Poesie an d’Schrëft an. Virun 3 Joer ass de Kollektiv vum Gina Arvai, dem Christine Klauner an dem Philippe Schockweiler gegrënnt ginn. Reegelméisseg organiséiert de Grupp kulturell Evenementer an de verschiddensten Ecker vum Land a bréngt esou de Poetry Slam der Ëffentlechkeet méi no. Mëttlerweil zielen si tëscht 30 a 40 jonk Poeten, déi d’Bühn zu all Moment mat hire Wierder a Brand stieche kënnen. Bei dëser Editioun ass et um Fabienne Gorges, dem Sara Andjelkovic, dem Gina Arvai an dem Philippe Schockweiler, fir de Géisskann Kollektiv beim Poetry Slam de Lux’ 10 ze vertrieden.

Poetry Slam de Lux' 10

(v.l.n.r.) Sara Andjelkovic, Philippe Schockweiler an Gina Arvai

Wéi, wat a wou?

De Poetry Slam de Lux’ 10 gëtt Freides, den 8. November um 20:00 Auer am Prabbeli zu Wolz organiséiert. Tickete kritt een am Virverkaf fir 5 € (≤26 ) ënnert www.prabbeli.lu,direkt am Ticket Shop (8, Gruberbeerig oder an der Oweskeess fir 10 €.

Eng weider Geleeënheet kritt een Samschdes, den 9. November um 20:00 Auer an de Rotondes zu Lëtzebuerg. Ticketen ginn et am Virverkaf fir 5 € (≤26 ), respektiv 12 € op www.rotondes.lu, per E-Mail um tickets@rotondes.lu oder per Telefon um 26 62 20 30. An der Oweskeess kascht den Ticket 6 € (≤26), respektiv 14 €.

Ähnlech Sujeten Fabienne Gorges, Géisskan Kollektiv, Gina Arvai, Jérôme Pinel, Literatur, Markus Koschuh, Meral Ziegler, Philippe Schockweiler, Poesie, Poetry Slam de Lux' 10, Prabbeli, REQ, Rotondes, Sara Andjelkovic, tEXT, Wolz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel