Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Downing Street op der sich no engem Partner
Neiegkeeten

Downing Street op der sich no engem Partner

Während e ganze Koup, virun allem jonk Leit uechter ganz

Dat grousst Geschäft
Neiegkeeten

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir
Neiegkeeten

Tierkei bereet Militäroffensiv géint Syrien vir

Bei enger Sëtzung mat senge Parteimemberen zu Ankara huet den

Poetry Slam de Lux’ 9: Am Bann vun de Wierder

Poetry Slam de Lux’ 9: Am Bann vun de Wierder

Et ass dat Event wat een net verpasse sollt! De Poetry Slam kënnt den 23. a 24. November zeréck op Wolz an, an d’Stad Lëtzebuerg. An nieft den Championen aus Frankräich, der Belsch an Däitschland wäerten och nach aner modern Poeten hiert Wuert ze soen hunn.

Eppes hunn si all gemeinsam: d’Slammer jongléiere mat Wierder, an dat an engem gewësse Rhythmus an mat Associatiounen. Beim wichtegste Concours vum Land ass et net fir der Situatioun aus dem Wee ze goen, mee mat Wierder ze begeeschteren an ze gewannen.

Een Event mat internationale Champione

Déi 9. Editioun vum Poetry Slam de Lux’ empfänkt eng Rei bekannte Kënschtler vun dëser Zeen. D’Chadeline aus Frankräich huet, ënnert anerem, lescht Joer de Grand Slam National am Beräich „Individuell“ gewonnen, nodeems et ganzer dräi Mol an der Equippe konnt wannen. Mat derbäi sinn ausserdeem den Christian Ritter, den zwee Mol de Frankenslam an Däitschland fir sech entscheede konnt, den Agnes Maier, Regionalen an éisträichesche Gewënner vun 2017, an de belsche Champion vun 2016, den Giovanni Centola.

D’Lëtzebuerger Slammer gi vum Géisskan Kollektiv ënnerstëtzt, mee wien eng Kéier d’Bühn betrëtt muss sech op säin eegent Talent a seng aussergewéinlech Texter a Wuertspiller verloossen, fir esou de Publikum ze begeeschteren an eventuell an eng zweet Ronn ze kommen.

Schlussendlech kann et awer just ee Gewënner ginn. Beim Event ass weder Geschlecht nach Hierkonft vu Bedeitung. Wichteg ass d’Meeschtere vu Wierder, Verben a Rhythmus!

(c) Sven Becker

(c) Sven Becker

Alleguerten d’Informatiounen

De Poetry Slam de Lux’ 9 gëtt vum Institut Pierre Werner a Collaboratioun mat de Rotondes, Wolz an dem Géisskan Kollektiv organiséiert.

Freides, den 23. November 2018 um 20:00 Auer
Centre Culturel Prabbeli zu Wolz
Ticketen ginn et op www.prabbeli.lu oder am Prabbeli Ticket Shop
8, Gruberbeerig zu Wolz

Samschdes, de 24. November 2018 um 20:00 Auer
Rotondes Lëtzebuerg
Ticketen ginn et op www.rotondes.lu oder per E-Mail via tickets@rotondes.lu oder um Telefon +352 2662 2030

Tariffer

Virverkaf: 5 € (≤26) / 12€
Oweskees: 6€ (≤26) / 14€
Weider Détailler ginn et op prabbeli.lu, bei rotondes.lu.an HEI.

Fotoen (c) Sven Becker

Ähnlech Sujeten Event, Gedicht, Poet, Poetry Slam, Poetry Slam de Lux' 9, Prabbeli, Rotondes, Wolz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel