Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Stockcar: Tornado Hamm Meeschter, Sascha Wiesen Champion
from dating to relationship Neiegkeeten

kiev matchmaking

Um Sonndeg ass um flotten Hellenger Circuit de finale Meeschterschaftslaf

zoosk dating website cost
from dating to relationship Neiegkeeten

Editorial: Manner Demokratie fir méi Zesummenhalt?

Et ass eng knapp Majoritéit déi der däitscher CDU-Politikerin zum

Stockholm: Mat engem Ëmweltpräis rette mir de Klima net
from dating to relationship Neiegkeeten

Stockholm: Mat engem Ëmweltpräis rette mir de Klima net

Ob ee fir oder géint déi Jonk Klimaaktivistin ass, eng

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!

Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
De Philippe © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
D'Sara © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
D'Gina © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
D'Fabienne
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
De REQ © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
D'Meral © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
De Jérôme © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
De Jérôme
Poetry Slam De Lux’10: D’Meral Ziegler begeeschtert zu Wolz!
De Markus © Shari Pleimelding/moien.lu

Um vergaangene Freideg a Samschdeg stoung alles am Zeeche vun der moderner Poesie. Mam Poetry Slam De Lux’10, deen ee Mol am Brandbau zu Wolz, an uschléissend nach emol an de Rotondes organiséiert ginn ass, sinn 8 jonk literaresch Artisten an engem textleche Battle géinteneen ugetrueden.

Ufänke sollt d’Soirée vum Poetry Slam De Lux’, deen iwwregens scho fir eng 10. Kéier stattfonnt huet, mat 4 jonke Lëtzebuerger Slammer. Nodeems de Philippe Schockweiler a sengem Text déi Däitsch an hiren Tempolimitt op d’Schëpp geholl huet, ass et mam Sara Andjelkovic mat Melancholie a vill Emotioun duerch den August gaangen. Wat dann eigentlech een Doheem ass, op et sech ëm ee Gefill oder eng Plaz handelt, huet uschléissend d’Gina Arvai thematiséiert, ëm ënnerlech Ängscht ass et mat engem engleschen Text beim Fabienne Gorges gaangen.

Wien d’Konscht vum Poetry Slam nach net kennt, dem sief gesot datt dëse frësche Gebrauch vun Texter a Poesie an de 70er Joer zu Chicago entstanen ass. Ee Mol an eis Géigend eriwwergeschwappt, hunn zuelräich Kënschtler hire Gefalen um slamme fonnt an eng grouss Zeen entstoe gelooss. Dobäi droe si hir deels kritesch, deels lëschteg Texter an engem gewësse Rhythmus vir. D’Roll vum Jury iwwerhëlt de Publikum, deen duerch d’Intensitéit vum Applaus seng Favoritten an eng nächst Ronn schéckt. Majo bei dëser éischter Ronn vun den nationale Kënschtler huet d’Sara besonnesch iwwerzeegt an duerft an d’Final anzéien.

Ee Mol queesch duerch Europa

Besonnesch interessant bei dëser Soirée war d’Presenz vu 4 weidere Poeten, déi deelweis souguer een zimlech wäite Wee op sech geholl hunn, fir um Battle deelzehuelen. Esou hate mir ee Mol de REQ aus der Belsch, deen mat franséischem Slang den Individualismus ervirgehuewen huet a sech als Rapper gekonnt an Zeen ze setze wousst. Begréissen duerfte mir duerno d’Meral Ziegler aus Däitschland, wat op eng lëschteg Aart a Weis d’Léift an den Haass zu de weibleche Geschëpfer betount huet, sou wéi de Jérôme Pinel aus Südfrankräich. Mat senger sympathescher Presenz a staarkem Ausdrock huet dëse Slammer 2 kleng Texter, déi souwuel kritesch, wéi och liicht humorgefëllt zugläich waren, iwwert säin Heemeschtsduerf virgedroen. Zu gudder Lescht gouf mat eiser momentan Konsumgesellschaft de Geck gemaach, an zwar vum Éisträicher Artist Markus Koschuh.

Elo war et nees um Publikum: Zwee Kënschtler duerften an d’Final „geklappt“ ginn a sollte soumat eng weider Chance kréie sech mat engem Text ze beweisen. Um Meral an dem Markus hat ee sech immens erfreet a soumat stoungen déi dräi Finaliste fest: D’Sara fir Lëtzebuerg, d’Madamm Ziegler fir Däischtland an de „Voulez vous Koschuh avec moi“ fir Éisträich duerften géinteneen untrieden.

Bis zum leschten Ablack ass et spannend bliwwen. Déi verschidden Nationalitéiten hunn de Poetry Slam mat ganz verschiddene Siichtweisen ugepaakt an hir Optrëtter esou an eenzegaarteg poetesch Erliefnisser verwandelt. Den Owend huet schlussendlech d’Meral Ziegler fir sech entscheet an duerft d’Coupe mat Heem huelen. Mir gratuléieren!

Ähnlech Sujeten Brandbau, Fabienne Gorges, Gedicht, Gina Arvai, Institut Pierre Werner, Jérôme Pinel, Literatur, Markus Koschuh, Meral Ziegler, Philippe Schockweiler, Poesie, Poetry Slam de Lux' 10, Prabbeli, REQ, Sara Andjelkovic
Nächsten Artikel Virrechten Artikel