Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

moneysurprise
Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President
Kultur Neiegkeeten Stories

Eurogroupe: véier Kandidate fir de Posten als President

Haut de Mëtteg gëtt am informelle Krees vun de 19

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart
Kultur Neiegkeeten Stories

Online Cannabis kafen: an Israel e Nischemaart

Et brauch um een um Handy nëmmen e puer Klicks

Paradisesch Kläng aus Metz
Kultur Neiegkeeten Stories

Paradisesch Kläng aus Metz

Bei „Burin Musique“ zu Metz, direkt nieft dem Theater hu

Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter

Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
De Vincent © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
D'Jasmin © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
D'Nathalie © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
D'Gina © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
D'Fabienne © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
D'Poeten lauschtere gespant no © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
Den Tom © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
Den Daniel © Shari Pleimelding/moien.lu
Poetry Slam zu Éileng – de moderne Poesiebattle mat eegenen Texter
Déi véier Finalisten (v.l.n.r.) den Tom, d'Jasmin, d'Nathalie an d'Fabienne © Shari Pleimelding/moien.lu

Wien gëschter Owend net zu Éileng am Centre de Rencontre war huet definitiv eng verpasst! Hei huet de Géisskan Kollektiv a Kollaboratioun mat der Gemeng Recken an der KultuReck Asbl een dichteresch Kampf tëschent jonken Talenter, mat eegene kriteschen, wéi och witzegen Texter ausgefecht.

Et war ee klenge Publikum. Mee dat huet dësem Owend net geschuet, wëll genau esou ass déi heemlech a gemittlech Atmosphär entstanen, déi een och bei engem traditionelle Poetry Slam erwaart. Siwe begaabte Mënsche sinn hei géinteneen ugetrueden an hunn de Leit verschidden Texter zu diversen Themen ob poetesch Aart a Weis, am spezielle Rhythmus vum Slam virgedroen.

Eng kuerz Erklärung

Generell gesot ass Poetry Slam eng modern Alternativ zum Theater. Spéitstens mam viralen Erfolleg vum Julia Engelmann sengem „One Day/reckoning“ vum Joer 2013 ass d’Format an eiser Géigend bekannt ginn. Et ass een Event, bei dem Kënschtler a Kënschtlerinne mat eegenen Texter untrieden, sou gesinn ee moderne Poesie-Concours.

Virun allem iwwerzeegt de Poetry Slam mat déifgrënneger Lyrik a lëschtegen oder kriteschen Texter, déi oft iwwert kleng Alldags-Handlungen, Objeten oder Gefiller handelen, déi di meescht vun eis schonn als Normal ugesinn. Dobäi kommen da vun häerzzerräissende Geschichte, iwwert charmant-witzeg Storyen mat engem Soupçon um Komedie, bis hin zu paakende Rap Lyrics eraus.

D’Reegele si kloer: d’Texter mussen op alle Fall selwer geschriwwe sinn. D’Zäit pro Poet beleeft sech meeschtens op ongeféier 5 Minutten. Donieft dierfe keng Requisiten, wéi beispillsweis Verkleedunge benotzt ginn, a virun allem muss een den anere respektéieren! Déi lescht 10 % – hei ass dann een Insider vum Owend verstoppt – ginn un d’Publikum, déi mat Klappen entscheeden, wéie Kandidat an déi nächst Ronn kennt, oder souguer de Concours gewënnt.

Een vollkommen iwwerzeegenden Owend

Et war schonn déi zweet Kéier, datt dës literaresch Veranstaltung organiséiert ginn ass. Déi virdru genannte Reegele goufen all respektéiert a sou gouf an 2 Ronnen ee Siger ermëttelt.

Ugefaangen huet hei de Vincent, den een däitschen Text iwwert Individualitéit an déi eegen Identitéit geschriwwen huet. Als zweet war et dann um Jasmin, fir sech ze beweisen. Als hallef Egypterin huet hatt säin Text u seng Heemecht ugeluecht a vun den zwou Säite vun Egypten erzielt: ee Mol déi kulturell Säit mat de ville Sehenswierdegkeeten, wat sech déi meescht ënnert eis virstellen, an dann awer och déi momentan Konflikter, déi vu Gewalt, Ongerechtegkeet an dem Dout gepräägt sinn. Als nächst huet d’Nathalie de Publikum mat sengen Zweiwel an der Kritik um Social Media begeeschtert. Jonk Leit sinn net méi glécklech mat der Gesellschaft, mir selwer sinn eng Selfie-Generatioun, déi ënnert Depressioun a Selbstzweiwel leid. „Love is our greatest arm“, sou schléisst hatt of.

Fir d’Gina war et eng vun den éischte Kéieren, datt hat opgetrueden ass, a sou huet haut aus „Nervositéit“ mat e puer Fun Facts iwwert sech selwer ugefaangen. Eierlech gesot huet een him d’Nervositéit awer net ugesinn, an esou huet et säin Text doriwwer, wéini ee Mënsch dierf sinn, gekonnt presentéiert. Mat ganz vill Humor ass d’Fabienne un d’Saach gaangen. Säi kriteschen Text iwwert d’Zigaretten, déi d’Kontroll iwwert de Mënsch anhuelen huet op eis Suchtgesellschaft opmierksam gemaach.

Wien den Insider virdrun net verstanen huet gëtt dann elo opgekläert. Den Tom huet an enger Mëschung aus Lëtzebuergesch an Däitsch eng Kritik virgedroen iwwert d’BIL, déi elo zu 90 % de Chinese gehéiert. Déi restlech 10 %, déi Lëtzebuerg nach huet, sinn net genuch. Dës Prozenter kritt een och an engem Sportsgeschäft op säin Akaf. De chineseschen „Keng-Paye“ wëll dann an Zukunft Gléckskichelcher verdeelen, amplaz Iessensgeld fir d’Salariéën an amplaz an ee Psychologen ze investéieren. Um ganzen Owend sinn dann ëmmer nees déi 10 % opgegraff ginn. Ofgeschloss huet déi éischt Ronn den Daniel, den een immens poeteschen Text iwwert eng Weid geschriwwen huet, déi duerch ee Sträit mat anere Beem zur Trauerweid ginn ass.

Déi éischt Ronn war gelaf a sou gouf an enger 15 Minütteger Paus demokratesch ofgestëmmt, wien an d’Finall komme sollt. Et war keng einfach Decisioun an awer konnten – eigentlech – just dräi Poete viru kommen. Heizou hunn d’Nathalie, d’Fabienne an den Tom gehéiert. Wëll et fir d’Jasmin esou knapp war, huet de Publikum dorëm gebieden, hatt och nach emol untrieden ze loossen.

An der Final sollt et sech dann entscheeden. Gewënnt d’Jasmine mat sengem däitschen Text „Hyroglyphen“ oder dach den Tom mat „Oh Mënsch!“. Hat de Publikum dann awer vläicht den Text vum Nathalie mam Titel „Fading“ Leiwer oder huet dach d’Fabienne mat sengem engleschen Text iwwert onerwiddert Léift iwwerzeegt?

Gemooss gouf den Applaus un den Dezibel, déi de Publikum beim Klappe produzéiert huet. Majo mat 70 Dezibel huet hei d’Fabienne ganz knapp gewonnen, Gratulatioun! Mir hätten et jiddwerengem vun dësen talentéierte Leit gegënnt, an awer konnt just een d”Renne maachen. Et war ee super Owend, den op alle Fall méi oft muss widderholl ginn!

Ähnlech Sujeten Eileng, Géisskan Kollektiv, KultuReck, Literatur, Poesie, Poetry Slam
Nächsten Artikel Virrechten Artikel