Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen
International Neiegkeeten

Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen

Wou Mënschen zu Wierk gi passéiere Feeler an d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)

Dem Al-Ansari seng Uleedung, fir Frae richteg ze schloen – Geet et nach??
International Neiegkeeten

Dem Al-Ansari seng Uleedung, fir Frae richteg ze schloen – Geet et nach??

Schonn iwwert eng hallef Millioun Klicks zielt den Tutorial vum

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
International Neiegkeeten

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

Polen: 100 Joer Onofhängegkeet a kaum een deen et interesséiert

Staark Bedeelegung vun de Rietsextremen

Polen: 100 Joer Onofhängegkeet a kaum een deen et interesséiert

Zu Warschau waren d‘Stroosse voll mat „rout-wäisse“ Fändelen. Dausende Leit ware komm fir de Centenaire vun der polnescher Onofhängegkeet ze feieren. Eng Zeremonie déi vun den Autoritéiten iwwerwaacht ginn ass, well et eng staark Bedeelegung vun de Rietsextreme ginn huet.

Op „Schlag Mëtteg“ hunn d‘Polen alles stoen a leie gelooss, fir zesummen – an engem seelenen Ament vun nationaler Eenheet – d‘Nationalhymn unzestëmmen. Laut dem Inneministère, hunn 200.000 Mënschen um Marsch deelgeholl. De Cortège ass vum President Andrzej Duda, dem Premierminister Mateusz Morawiecki an dem PiS-President, Jaroslaw Kaczynski ugefouert ginn.

Hannert hinnen, eng Mënschemass, déi an enger riseger rout-wäisser Dampwollek evoluéiert ass. Rietsextrem Gruppéierungen – dorënner d‘ONR (Obóz Narodowo-Radykalny) – hu mat Knupperten a Niwwelgranate fir „maximal Opmierksamkeet“ gesuergt. Et wollt ee gesi ginn…

Radikal nationalistesch

De Marsch war ursprénglech vun der ONR organiséiert ginn, mee déi konservativ Regierung huet sech dëse séier zu eege gemaach. Eng Provokatioun vun der Oppositioun, an matten am Dissens mat der EU-Kommissioun, déi sech géint kontrovers Justizreformen ausgeschwat huet.

Onofhängegkeet

Rietsextrem an ultrakonservativ, d‘ONR, déi sech a „Brigaden“ ënnerdeelt, hat d‘Iddi fir den nationale Marsch zur Onofhängegkeet, mee huet se der Regierung missen oftrieden. Opgefall sinn se trotzdeem. © Janek Skarzynski/AFP

Fir déi meescht Polen, déi sech dësem Marsch ugeschloss hunn, war et de Wonsch hire Patriotismus zum Ausdrock ze bréngen, an hir Verbonnenheet mat der Onofhängegkeet ënner Beweis ze stellen. Polen hat den 11. November 2018, no 123 Joer ënnert der gedeelter Herrschaft vum zaristesche Russland, de Preisen an dem ungaresch-éisträichesche Räich, seng Onofhängegkeet erhalen.

„Ech sinn houfreg a Pol ze sinn an dat wëll ech manifestéieren. Mir kazen eis oft ënner Polen, mee op dësem Dag ass et wichteg, datt mir all zesummestinn. Et ass eng gutt Saach, datt de President dëse Marsch organiséiert huet“, erkläert eis de Mariusz (35), deen extra aus England ugereest ass.

Wéineg Prominenz

Den US-President huet Polen an engem Tweet gratuléiert. Aus Europa hat keng „Delegatioun vun Niveau“ um Anniversaire vun der Onofhängegkeet deel geholl. Woubäi dës mam 100. Anniversaire vum Enn vum 1. Weltkrich zesummegefall ass, a Paräis zum Nuebel vun der Welt erkläert gouf.

Et ënnersträicht allerdéngs och, wéi isoléiert Polen an der EU ass. Woubäi déi Rietsextrem aus ganz Europa – notamment aus Italien an Holland – hir polnesche Komeroden ënnerstëtzt hunn. „Mir sinn eng 50 Leit a kommen heihinner, well mir déi selwecht Wäerter, Relioun an national Interesse mat enaner deelen“, erzielt eis den Neofaschist Salvatore Ferrara, vun der italienescher Forza Nuova.

De siechzegjäregen Andrzej, mat enger rouder Tunique vun de Ritter vum „Chrëscht-Gott“ – eng konservativ reliéis Vereenegung – stellt kloer: „Ech si vu Gdynia komm, fir de „Gauschisten“ ze soen, dat net si, mee mir Polen sinn“. An den ale Mann war net eleng mat senger Usiicht…

Fir Polen

Jonk Leit mat schwaarzen Anoraken hu mat hirem Slogan „Huel d‘Séchel, huel den Hummer, a schlo op déi Rout“, op sech opmierksam gemaach. Dobäi hat de President, iert hien den Depart ginn huet, sech „Gemeinsamkeet gewënscht, bei deem sech jidderee wuel fillt a fir Polen marschéiert“.

Onofhängegkeet

Deen „eenzegen Europäer“ deen sech un de Feieren zum Anniversaire vun der polnescher Onofhängegkeet bedeelegt huet: de President vum Europaparlament, Donald Tusk. Fir déi „grouss Politik“ war Paräis um 11. November de Nuebel vun der Welt. © Janek Skarzynski/AFP

Virun der grousser Manifestatioun, hat de President vum Europaparlament Donald Tusk, zur nationaler Eenheet opgeruff. De fréiere polnesche Premierminister, deen och als Kandidat fir d‘Nofolleg vum Jean-Claude Juncker gehandelt gëtt, huet awer nëmme wéineg Réckhalt vun der polnescher Bevëlkerung, a gëtt vum Regime als „politesche Géigner“ behandelt.

Hien huet no der Kranznéierleeung beim Monument vum Marschall Jozef Pilsudski, Papp vun der polnescher Onofhängegkeet gesot: „Ech weess, datt mir eis iwwert d‘Form vun der Republik, an der Zukunft vum Land streiden. An ech weess, datt mir dat oft ze haart maachen. Polen verzéi eis“.

mam Michel Viatteau/AFP

Foto: Radikal nationalistesch: de „Marsch vun der Onofhängegkeet“ huet virun allem déi rietsextrem am Land op Warschau ugezunn. © Janek Skarzynski/AFP

Ähnlech Sujeten Andrzej Duda, Centenaire, Donald Tusk, Mateusz Morawiecki, Nationalismus, Onofhängegkeet, Polen, Rietsextremismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel