Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Altersaarmut an Däitschland
dating for 7 months https://moien.lu/good-first-lines-on-dating-sites/

famous person dating a fan

Exportweltmeeschter a Motor vun der Europäescher Unioun awer net Amstand

joe and mj dating
dating for 7 months https://moien.lu/good-first-lines-on-dating-sites/

Onwiederen an Tornado a Lëtzebuerg – D’SLPL hëlleft mat

Katastrophal Zoustänn no den Onwiederen an Tornado am Südweste vu

surprise
D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?
dating for 7 months https://moien.lu/good-first-lines-on-dating-sites/

D’Eisebunnergewerkschaft fënnt den Tram suspekt – gëtt sozialen Dumping bedriwwen?

D‘FNCTTFEL, eis Eisebunnergewerkschaft, huet e neie President. De Georges Merenz

Geet esou d’Gerechtegkeet a Polen zu Enn?

Protester zéien dausende Leit op d'Strooss

Geet esou d’Gerechtegkeet a Polen zu Enn?

Trotz de Warnunge vu Bréissel, huet sech déi nationalkonservativ Majoritéit a Polen en Donneschdeg géint eng onofhängeg Justiz ausgeschwat. Déi héich kontrovers a geféierlech Reform vum ieweschte Geriichtshaff ass mat 235 géint 192 Stëmme bei 23 Enthalungen ugeholl ginn.

Domadder hunn d’Deputéiert vun der Partei Recht an Justiz (PiS) sech e Pouvoir eruewert, deen eng Well vu Protester uechtert d’Land ausgeléist huet. Och d’EU-Instanze si beonrouegt. Dat an engem Mooss, datt zu Bréissel scho vu Sanktioune geschwat gëtt. Déi Polnesch Regierung wénkt of a verbitt sech eng Amëschung an seng national Politik.

En erzwongenen Opstand

Zu dausende sinn d’Polen um Donneschdegowend op d’Strooss gaange fir géint dat ëmstriddent Gesetz ze protestéieren. Virum Presidentepalais zu Warschau waren et der laut der Police 14.000. D’Märei wëll der 50.000 gezielt hunn, déi de President Andrzej Duda opfuerdere säi Veto anzesetzen. Mam Gesetz an zwou weidere Reforme kritt d’Exekutive d’Kontroll iwwert de Justizsystem.

Tatsächlech erlaben déi Reformen dem Justizminister Afloss op d’Aarbecht vum ieweschte Geriichtshaff ze huelen. Mat polnesche Fändelen a Käerzen hunn d’Manifestanten zum Ausdrock bruecht: „Mir wäerten d’Demokratie verdeedegen“. Ze héiere war och: „Fräi Geriichter“, „Mir wëllen de Veto“ an „Ee fräit, europäescht Polen“. No der Versammlung virum Presidentepalais sinn d’Bierger virun d’Parlament gezunn. Dat selwecht Bild war ze gesinn an honnerte Stied an Dierfer.

E schlechten Dag fir d’Demokratie

Méi fréi am Dag hat de Chef vun der ziviller Plattform (Zentristesch, Oppositioun) Grzegorz Schetyna de Virgank als Staatsstreech bezeechent. De President vun der Nowoczesna-Partei (Liberal, Oppositioun) Ryszard Petru huet „e schlechten Dag fir déi polnesch Demokratie“ gesinn.

Nach de Mëttwoch hat d’EU-Kommissioun Warschau opgeruff seng Reformen ze suspendéieren. Si huet gedréit „Mir si kuerz virdrun, den Artikel 7 vum EU-Traité auszeléisen“. Dat géif bedeiten, datt Polen säi Stëmmrecht géing entzu kréien. Eng Kéier ausgeléist, misst et awer d’Eestëmmegkeet vun alle Länner hunn. Ungarn, dat eng ähnlech Politik wéi Polen verfollegt, huet och schonn ugekënnegt, déi Mesure ze verhënneren.

„Mir ënnerstëtze Polen an fuerdere vun der EU-Kommissioun sech op seng eege Kompetenzen ze beschränken an opzehalen sech wéi ee politescht Organ ze behuelen“, sot den Donneschdeg den ungareschen Ausseminister Peter Szijjarto.

Hirer Saach sécher

Nach am Owend huet sech déi polnesch Premierministesch Beata Szydlo op der Staatstëlee zu Wuert gemellt: „Mir wäerten eis net vun de Verdeedeger vun den Elitten aschüchtere loossen, op et Polen oder Auslänner sinn“. Mat der Majoritéit an den Zwou Kummere vum polnesche Parlament ass d’Oppositioun an d’Roll vum Zuschauer verdaamt ginn. Déi nationalkonservativ PiS kann deemno eleng entscheeden.

D’Oppositioun gesäit an der gesamter Justizreform d’Enn vun der Gewaltentrennung. E Versuch vun de Konservativen, d’Kontroll iwwert d’sozial Liewen un sech ze räissen. „D’Gefor ass, datt d’Geriichter de Politiker ënnerstallt ginn“, sot de juristesche Mediateur Adam Bodnar. D’Reform entzitt dem Bierger d’Vertrauen an eng zentral Instanz, wat dem demokratesche Prozess seng Grondlag zerstéiert.

Marginaliséiert sech Polen?

De konservative President Andrzej Duda huet nach de selwechten Dag matgedeelt, net fir Entrevue mam polnesche President vum Europarot zur Verfügung ze stoen. Duerch d’Situatioun beonrouegt, huet den Donald Tusk just eng Deklaratioun verëffentlecht. Hie warnt virun engem „schwaarzen Zeenario“, deen zu enger „Marginaliséierung vu Polen an Europa“ kéint féieren.

Bedaueren deet de President vum Europarot och, datt d’Partei déi un der Muecht ass, Polen „zréck an a Richtung Osten“ dréckt. Hie riicht en Appell un de Staatschef fir eng Léisung ze fannen, déi „vun de Polen, de parlamentarescher Majoritéit, der Oppositioun, dem President an der EU“ ugeholl ka ginn.

Haut muss nach de Senat d’Gesetz zum ieweschte Geriichtshaff unhuelen an da vum President ënnerschriwwe ginn. Et dierft hei allerdéngs net zu enger géigendeeleger Entscheedung kommen. D’Zoustëmmung ass der Regierung gewëss.

Radikal Reformen

Et ass net den éischte Schratt, deen déi nationalkonservativ Regierung gemaach huet. Schonn den 12. Juli waren zwee Gesetzestexter, déi net manner radikal sinn, am Parlament gestëmmt ginn. Deen éischten huet sech mam nationale Rot vun der Magistratur beschäftegt. Hei ginn zukünfteg d’Membere vum Parlament ernannt. Am Zweeten ass festgeluecht, datt d’Riichter fir all zivillen Tribunal vum Justizminister ernannt ginn.

Fir de Politolog Stanislaw Mocek maachen dës Reformen „de Wee op, dee Polen an een ondemokratesche System féiert“. Ze erënneren ass an dësem Kontext, datt déi 2015 un d’Muecht gelaangte nationalkonservativ PiS schonn ee puer radikal Reformen duerchgesat huet. Esou sinn d’Verfassungsgeriicht an déi ëffentlech-rechtlech Medien „op Linn“ bruecht ginn. Do hat sech Polen och scho missen d’Kritik vun der EU-Kommissioun unhéieren.

mam Stanislaw Waszak/AFP

Ähnlech Sujeten EU, Europa, Polen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel